10. September
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
<< | September | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | ||||||
2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 |
9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 |
16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 |
23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 |
30 | ||||||
2019 |
Den 10. September ass den 253. Dag (254. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer
- 1898: Op der Promenad laanscht de Genferséi erstécht en italiéineschen Anarchist déi als Sissi bekannt éisträichesch Keeserin Elisabeth vun Éisträich
- 1974: Guinea-Bissau gëtt vu Portugal onofhängeg.
- 1977: A Frankräich gëtt fir d'lescht Kéier eng Exekution mat der Guillotine ausgefouert.
Lëtzebuerg
- 1944: Liberatioun vum gréissten Deel vu Lëtzebuerg duerch d'amerikanesch Truppen.
- 1952: Ënnerschrëft vum Lëtzebuerger Ofkommes tëscht der Bundesrepublik Däitschland engersäits an Israel an der Jewish Claims Conference, am Stater Stadhaus.
Sport
- 1980: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:5 géint Jugoslawien.[1]
- 2003: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004, 0:1 géint Bosnien-Herzegowina.[2]
- 2008: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Zürich 2:1 géint d'Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeff Strasser a Fons Leweck geschoss.[3]
- 2013: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 3:2 géint Nordirland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Aurélien Joachim, Stefano Bensi a Mathias Jänisch geschoss.[4]
Wëssenschaft an Technik
Astronomie
- 1784: Den däitsch-britischen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt d'Balkespiralgalaxis NGC 23.
- 1785: Den däitsch-briteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt d'Galaxiekoppel NGC 61.
Gebuer
- 1770: Jean Charles Beving, lëtzebuergesche Gierwer a Gemengepolitiker.
- 1805: Guillaume Geefs, belsche Sculpteur.
- 1814: Henri-Guillaume Galeotti, Botaniker a Geolog.
- 1822: John Adams Whipple, US-amerikaneschen Astronom, Fotograf a Pionéier.
- 1860: Michel Heiter, lëtzebuergesche Moler.
- 1862: Frank Muller (Astronom), US-amerikaneschen Astronom.
- 1871: Jacques Marie Bellwald, lëtzebuergesche Fotograf a Filmpionéier.
- 1879: Pierre Medinger, lëtzebuergesche Chemiker a Forensiker.
- 1887: François Simon, lëtzebuergesche Politiker.
- 1890: Franz Werfel, éisträichesche Schrëftsteller.
- 1892: Arthur Holly Compton, US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 1894: John Quincy Stewart, US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
- 1914: Robert Wise, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1921: Robert Kayser, lëtzebuergeschen Offizéier.
- 1926: Léon Roth, lëtzebuergesche Kanut.
- 1938: Karl Lagerfeld, däitsche Couturier.
- 1968: Florence Nibart-Devouard, Presidentin vun der Wikimedia-Stëftung.
- 1970: Tim Plester, britesche Schauspiller.
- 1977: Anna Kim, éisträichesch Schrëftstellerin.
- 1978: Carole Calmes, lëtzebuergesch Schéisserin.
- 1981: Filippo Pozzato, italienesche Vëlossportler.
- 1995: Sophie Karbjinski, däitsch Schauspillerin.
Gestuerwen
- 1419: Jean sans Peur, Herzog vun der Bourgogne.
- 1684: Philippe de la Neuveforge, Abt zu Iechternach.
- 1905: Gabriel Mayer, franséisch-lëtzebuergeschen Entreprener.
- 1956: Robert Julius Trumpler, US-amerikaneschen Astronom.
- 1963: Honorio Siccardi, argentinesche Komponist.
- 1971: Pier Angeli, italienesch Schauspillerin.
- 1971: Bella Darvi, polnesch Filmschauspillerin.
- 1972: Metty Scheitler, lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.
- 1983: Felix Bloch, Schwäizer/US-amerikanesche Physiker an Noberlpräisdréier.
- 1985: Ernst Öpik, esteschen Astronom.
- 1991: Michel Soutter, Schwäizer Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1995: Charles Denner, franséische Schausppiller.
- 2003: Marcel Decombis, franséische Pedagog; Matgrënner vun der éischter Europäescher Schoul.
- 2007: Jane Wyman, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2008: Rolph Ketter, lëtzebuergeschen Auteur a Journalist.
- 2014: Richard Kiel, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2015: Franco Interlenghi, italienesche Schauspiller.
Feierdeeg
Um Spaweck
Commons: 10. September – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien den 10. September 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina den 10. September 2003 um Site European Football.info
- ↑ De Lännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg um Site European Football
- ↑ Artikel iwwer de Lännermatch Lëtzebuerg-Nordirland vum 10. September 2013 op wort.lu
The article is a derivative under the
Creative Commons Attribution-ShareAlike License.
A link to the original article can be found here and attribution parties
here.
By using this site, you agree to the Terms of Use.
Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.