Albert Lieven

Zur Navigation springen Zur Suche springen
Albert Lieven
Gebuer 22. Juni 1906
Gestuerwen 22. Dezember 1971
London
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Albert Lieven gebuer den 23. Juni 1906 zu Hohenstein Ostpreußen a gestuerwen de 16. Dezember 1971 zu London war en däitsche Schauspiller.

Seng éischt Roll als Schauspiller krut den Albert Lieven am Theater zu Gera. Duerno huet seng Theatercarrière hien op Königsberg an op Berlin gefouert.

1932 huet hie seng éischt Roll am Kino am Film Annemarie, die Braut der Kompanie gespillt. Bis 1936 war hien an däitsche Filmer ze gesinn, ass dunn awer mat senger jiddescher Fra aus Nazidäitschland op Paräis ausgewandert. Vun do aus goung säi Wee weider op London . Seng Schauspillercarrière ass och an England weidergaangen. Donieft war hien awer och Journalist a Radiospriecher bei der BBC während dem Zweete Weltkrich.

Nom Krich war hie weider an englesche Filmer a vun 1951 un och erëm an däitsche Filmer ze gesinn.

Filmographie

Kino

vun 1932 bis 1939

vun 1940 bis 1949

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1970

The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.