Amphitheater vun El Jem

Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten:
Vue vu baussen

Den Amphitheater vun El Jem (heiansdo och Kolosseum vum Thysdrus genannt) ass en archeologesche Site zu El Jem, an Tunesien. Dësen Amphitheater, deen zanter 1979 op der UNESCO-Lëscht vun de Weltkulturierfschafte steet, gouf ëm 238 zu Thysdrus gebaut (haut e Faubourg vun El Jem), zu der Zäit, wéi dat haitegt Tunesien zu der Réimescher Provënz Africa genéiert huet.

Et ass deen drëttgréissten Amphitheater an ee vun den am beschten erhalene réimesche Sitën op der Welt. En ass 148 Meter laang an 122 Meter breet, an hat Plaz fir 35.000 Leit.

Panorama bannenan.

Um Spaweck

Commons: Amphitheatre of El Jem – Biller, Videoen oder Audiodateien
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.