Andrzej Duda

Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Andrzej Duda (2013)).

Den Andrzej Sebastian Duda, gebuer de 16. Mee 1972 zu Krakau, ass e polnesche Politiker vun der Partei Recht a Gerechtegkeet (PiS), a Jurist. Zanter dem 6. August 2015 ass hie Staatspresident vun der Republik Polen.

Liewen

Hien huet 1996 op der Jagiellonen-Universitéit zu Krakau e Magister an Droit a Verwaltung gemaach, gouf do 2005 promovéiert, an doropshin Dozent op där Universitéit.

2006 war hien delegéierte Justizminister an der Regierung vum Jarosław Kaczyński a gouf 2007 Conseiller vum Staatspresident Lech Kaczyński, deen 2010 beim Flijeraccident bei Smolensk ëm d'Liewe koum. Bei de Parlamentswalen 2011 gouf den Duda fir d'Parei PiS an de Sejm, dat polnescht Parlament, gewielt. 2014 ass en do zréckgetrueden a gouf an d'Europäescht Parlament fir d'Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer gewielt.

De 24. Mee 2015 huet hien am zweeten Tour vun de Presidentschaftswalen a Polen géint den aktuelle President Bronisław Komorowski gewonnen a gouf de 6. August 2015 vereedegt.

Um Spaweck

The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.