Arthur C. Clarke

Zur Navigation springen Zur Suche springen
Den A.C. Clarke 2005

De Sir Arthur Charles Clarke, gebuer de 16. Dezember 1917 zu Minehead, engem Stiedchen an der Grofschaft Somerset, a gestuerwen den 19. Mäerz 2008 zu Colombo der Haaptstad vu Sri Lanka, war en englesche Schrëftsteller.

De Clarke ass ee vun de groussen Auteure vun der Science Fiction-Literatur.

Säi Liewen

Den Arthur war dat eelst vu véier Kanner vum Charles Wright Clarke a senger Fra, der Mary Nora Willis.

Hien hat eng Dauchschoul.

De Clarke an den "2001: A Space Odyssey"

1951 koum an der Anthologie "10 Story Fantasy" dem Clarke seng Kuerzgeschicht "The Sentinel" ënner dem Titel "Sentinel of Eternity" eraus. Et war u sech eng einfach Geschicht iwwer en Artefakt, deen op der Spëtz vun engem Bierg um Äerdmount fonnt gouf, a bei deem et sech eraustellt, datt e vun héichentwéckelten Aliens, Millioune vu Joer virdru geschaaft gouf. Déi Geschicht war den Ausgankspunkt fir d'Dréibuch vum Film 2001: A Space Odyssey, dat de Clarke zesumme mam Stanley Kubrick geschriwwen huet.
Eréischt nodeem de Film fäerdeg war, huet de Clarke eleng e Roman geschriwwen, dee sech op dat Dréibuch stäipt.

Wierker

Um Spaweck

Commons: Arthur C. Clarke – Biller, Videoen oder Audiodateien
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.