Atmosphär vun der Äerd

Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sonnenënnergang iwwer dem Indeschen Ozean, vun der ISS aus fotograféiert. Et kann een déi verschidde Schichten erkennen: D'Troposphär, orange a giel, déi schwaarz Flécke si Wolleken; doriwwer, déi beige a wäiss Regioun ass d'Stratosphär; déi blo Zone sinn déi aner Schichten déi da lues an de schwaarze Raum iwwerginn.

D'Atmosphär vun der Äerd ass d'Loft déi d'Äerd ronderëm ëmschléisst. Et ass e Gemësch aus verschiddene Gasen, virun allem Stéckstoff a Sauerstoff. Edelgasen an aner Gase komme nëmmen a klenge Quantitéite vir.

D'Atmosphär ass ongeféier 700 km déck an den Iwwergank an de Weltraum (wou guer keng Loft méi ass) ass net abrupt. D'Gasdeelercher gi lues a lues ëmmer méi dënn bis si ganz verschwonne sinn.

Ouni d'Atmosphär wier d'Äerd sou wéi de Mound, et géif kee Waasser gi fir ze drénken a keng Loft fir z'otmen. Ausserdeem schützt si eis virun de Sonnestrahlen a virun Aschléi vu Meteoriten.

Schichte vun der Äerdatmosphär

D'Atmosphär gëtt, jee no Héicht a jee no Temperatur, an ënnerschiddlech Schichten (Sphären) agedeelt. Déi ënnescht ass d'Troposphär mat hirer wiederbildender Zirkulatioun, déi iewescht, d'Exosphär, ass eng ganz dënn Schicht, déi an de Weltraum iwwergeet.

Troposphär

Ganz ënnen an der Äerdatmosphär ass d'Troposphär, wou d'Temperatur, mat der Héicht ofhëlt. Si geet bis ongeféier 10 km an d'Héicht.

Stratosphär

An der Stratosphär, bis zu 50 km déck, geet d'Temperatur, mat der Héicht, an d'Luucht.

Mesosphär

Tëscht 50 km a 85 km läit d'Mesosphär. Do fält Temperatur erëm rapid of.

Thermosphär

An der Thermosphär (85 bis 500 km) an an der Exosphär (iwwer 500 km) gëtt d'Dicht vum Gas ëmmer méi kleng. D'Grenz vun der Exosphär läit bei ongeféier 700 km Héicht.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: D'Atmosphär vun der Äerd – Biller, Videoen oder Audiodateien
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.