Bako Dagnon

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Bako Dagnon, gebuer 1948[1] oder 1953[2] zu Golobladji bei Kita a gestuerwen de 7. Juli 2015 zu Bamako, war eng Griot-Sängerin aus dem Mali.[3] Si gëllt als eng vun de populäerste Vertriederinne vun der Mandinka-Musek.[1][4][5]

Biographie

Kandheet a Jugend

D'Bako Dagnon gouf am klengen Duerf Golobladji, ronn 20 Kilometer vu Kita ewech an eng Famill vu Grioten an N'goni-Spiller gebuer.[6] D'Originne vun hirer Famill gi bis an d'Zäit vum Soundiata Keïta zréck. An hirem Gebuertsduerf huet si d'Lidder aus Guinea vun hirer Mamm, déi vu Ségou vun hirer Bom, an déi iwwer dem Samory Touré seng Schluechten a Kämpf vun hirem Bop geléiert, dee mam Touré zesumme géint d'Fransouse gekämpft hat.[7]

Wéi hir Mamm gestuerwen ass wéi d'Bako Dagnon siwe Joer al war huet hire Papp si an d'Obhut vun der Fra vun engem Griot zu Kita ginn, déi selwer keng Kanner hat.[7] D'Bako Dagnon ass do awer schlecht behandelt ginn an huet déi Famill spéider verlooss fir déi al Geschichten aus dem prekoloniale Mandinka-Räich ("tariku" genannt) vum grousse Mandinka-Griot Kele Monson Diabate ze léieren.[7]

Éischte Succès

1966 hat d'Bako Dagnon hiren éischten ëffentlechen Optrëtt zu Kita während der lokaler Editioun vun der Semaine de la Jeunesse. Dat Evenement war vum éischte President Modibo Keïta an d'Liewe geruff gi fir d'"malesch Kultur an Traditioun ze dynamiséieren".[6] Si huet d'Peul-Lidd Yirijanko Le op Bambara gesongen, mat deem si gewonnen huet an huet d'Joer drop dierfen op der regionaler Editioun vun der Semaine de la Jeunesse an der Regioun Kayes optrieden. Och do huet si gewonnen an ass schlussendlech bei der nationaler Kompetitioun, der Biennale de Bamako opgetrueden.[8] Dat huet et hir erlaabt regelméisseg mam Orchestre Régional de Kita opzetrieden a fir d'éischte Kéier d'Haaptstad Bamako ze besichen, wou si op Hochzäiten opgetrueden ass an eng gewëssen Bekanntheet erreecht huet.[7]

Op Demande vum Kulturminister ass d'Bako Dagnon 1974 [8] bei den Ensemble Instrumental National du Mali (EIN) gaangen, deen 1961 no der Onofhängegkeet gegrënnt gi war. Den EIN war de prestigiéiste musikaleschen Ensembel am Land an hat an déi 40 vun de beschte malesche Museker als Memberen. Obwuel d'Bako Dagnon net zu Bamako mä mat hirem Mann an hire Kanner zu Kita gewunnt huet ass si regelméisseg mam EIN opgetrueden. Zesumme si si souguer a Korea an a China gereest, wou si virum Mao gesongen huet.[7] Hir Optrëtter hunn zur Popularitéit vum Orchester a vun hir selwer bäigedroen. Am ganze Mali ass si mam Lidd Tiga Monyonko ("beim Cacahouete schielen") berühmt ginn - e Lidd, dat och haut nach zu hire bekanntste Lidder zielt.[1]

Carrière ouni den Ensemble Instrumental National

Eréischt 1980 ass d'Sängerin mat hire Kanner op Bamako geplënnert.[1] No engem schlëmme Stroossenaccident huet d'Bako Dagnon 1985 entscheet, den Ensemble Instrumental National du Mali ze verloossen, deen zu där Zäit och ënnerfinanzéiert war an ënnert der Korruptioun vun der Regierung gelidden huet.[2][7] 1990 krut si e Plackekontrakt vun engem Musekproduzent aus Liberia ugebueden an huet hir éischt Kassett opgeholl. Spéider gouf nach eng zweet Kassett opgeholl éier d'Plackefirma am éischte liberianesche Biergerkrich verschwonnen ass.[9]

An den 1990er huet d'Bako Dagnon weider privat an ëffentlech Concerte ginn.[10] Ufank der 1990er Joren huet si erëm Opname gemaach, mat deene si och iwwer d'Grenze vum Mali ewech bekannt ginn ass. Esou huet si op den Albume Mandekalou (2004) a Mandekalou II (2006) vum Griot-Kollektiv mam selwechten Numm vum Ibrahima Sylla matgemaach.[11] Och um Album Electro Bamako (2006) vum Marc Minelli steiert si d'Lidd Donso Ke bäi.[8] Hiren éischte Soloalbum, deen international publizéiert gouf, war Titati an gouf vum Ibrahima Sylla op sengem Museklabel Syllart Records am Joer 2007 verëffentlecht.[12]

Sidiba, hire siwenten Album, ass zwee Joer méi spéit erauskomm.[13] D'Lidd Le guide de la révolution war dat eenzegt Lidd op franséisch an ass och als Single erauskomm.

De 14. Januar 2009 ass d'Bako Dagnon als Chevalier vum Ordre national du Mali ausgezeechent ginn.[14]

D'Sängerin ass de 7. Juli 2015 géint sechs Auer moies am Centre hospitalier universitaire du Point-G zu Bamako no enger laanger Krankheet gestuerwen. Si gouf den Dag drop am Quartier Hamdallaye ACI 2000 zu Bamako, an deem si gewunnt huet, bäigesat. Op hirem Begriefnes ware vill prominent Leit, dorënner Regierungsmemberen an d'Fra vum President, Keïta Aminata Maïga.[14]

Diskographie (net komplett)

  • 2004: Mandekalou: The Art and Soul of the Mande Griots II (als Member vum Kollektiv Mandekalou)
  • 2006: Mandekalou: The Art and Soul of the Mande Griots II (als Member vum Kollektiv Mandekalou)
  • 2007: Titati (Soloalbum)
  • 2009: Sidiba (Soloalbum)
  • 2010: Le guide de la révolution (Solosingle)

Referenzen

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Jeune Afrique: Bako Dagnon, l'une des plus grandes voix du Mali, s'est éteinte (7. Juli 2015)
  2. 2,0 2,1 MaliActu: Mali: Décès de Bako Dagnon: LA GRANDE VOIX DE LA TRADITION (8. Juli 2015)
  3. Malijet: Mort de l'artiste Bako Dagnon: un autre coup dur pour le président IBK (7. Juli 2015)
  4. MaliWeb: Le monde des artistes attristé: Bako Dagnon tire sa révérence (7. Juli 2015)
  5. Sophie Lespiaux op Music Story: Bako Dagnon (Biographie) (9. Juli 2015)
  6. 6,0 6,1 Radio France Internationale (RFI): Mort de Bako Dagnon, chanteuse et mémoire de la culture malienne (7. Juli 2015)
  7. 7,0 7,1 7,2 7,3 7,4 7,5 Lucy Duran op Accent-Presse: Biographie de Bako Dagnon (gekuckt den 9. Juli 2015)
  8. 8,0 8,1 8,2 Frank Bessem op Musique-Afriques (gekuckt den 9. Juli 2015)
  9. JPC: Produktinfo - Bako Dagnon: Sidiba (gekuckt den 21. Juli 2015)
  10. AfroPop: Review Sidiba (gekuckt de 25. Juli 2015)
  11. Discogs: Discographie vu Mandekalou (gekuckt de 27. Juli 2015)
  12. Bertrand Lavaine op Radio France Internationale (RFI): Chronique album: Bako Dagnon (3. Dezember 2007)
  13. Phil Freeman op AllMusic: AllMusic Review Sidiba (gekuckt de 27. Juli 2015)
  14. 14,0 14,1 MaliActu: Obsèques de Bako Dagnon L’hommage de la nation à la mémoire vivante d'une culture ancestrale (14. Juli 2015)
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.