Bidhya Devi Bhandari

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Bidhya Devi Bhandari
Bidya bhandaRi.jpg
Gebuer 19. Juni 1961
Nationalitéit Nepal
Aktivitéit Politiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Bidhya Devi Bhandari (nepalesesch: विद्या देवी भण्डारी), gebuer den 19. Juni 1961 zu Guranse, VDC Mane Bhanjyang, am Distrikt Bhojpur, ass eng nepalesesch Politikerin vun der kommunistescher Partei vum Nepal (KPN).

Si gouf den 28. Oktober 2015 vum Parlament, als éischt Fra an där Funktioun, als Staatspresidentin gewielt an den Dag drop vereedegt. Den 13. Mäerz 2018 gouf si erëmgewielt.

Virdru war si Presidentin vun der KPN an Deputéiert am Parlament. Ënner dem Premierminister Madhav Kumar Nepal war si Verdeedegungsministesch. D'Bidhya Devi Bhandari ass d'Wittfra vum Madan Kumar Bhandari.

Um Spaweck

Commons: Bidhya Devi Bhandari – Biller, Videoen oder Audiodateien
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.