Centre hospitalier de Luxembourg

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Centre Hospitalier de Luxembourg
Centre hospitalier de Luxembourg (CHL), 2016.jpg
Den Hôpital municipal
Basisdonnéeën
Address: CHL Centre, KannerKlinik
a Verwaltungssëtz:
4, rue Ernest Barblé
L-1210 Lëtzebuerg
Typ: Ëffentlecht Etablissement
Ouverture: 1976[1]
Stationär Better: 579 (2015)[2]
Mataarbechter: 2.111 (2015)[1]
dovun Doktoren: 300 (2015)[2]
Websäit: www.chl.lu

De Centre Hospitalier de Luxembourg, kuerz CHL, ass en Zesummeschloss vu véier Spideeler an der Stad Lëtzebuerg: dem CHL Centre (och nach Hôpital Municipal), dem CHL Eich (oder Clinique d'Eich), dem CHL Maternité (oder Maternité Grande-Duchesse Charlotte) an dem CHL KannerKlinik (oder Clinique Pédiatrique).

Den CHL ass den zéngtgréissten Employeur zu Lëtzebuerg mat engem Personal vun iwwer 2000 Leit, dorënner ëm déi 300 Dokteren an 1.000 Infirmieren an Aide-Soignanten.[2]

2018 goufen eng 170.000 Patienten am CHL behandelt oder diagnostizéiert. 2018 louchen d'Käschten a Recettë vum CHL bei jee ronn 400 Milliounen Euro. 2007 war dat knapps d'Hallschecht. De Gros dovu sinn d'Personal-Käschten. Generaldirekter ass de Romain Nati.[3]

Geschicht

Den CHL gouf mam Gesetz vum 10. Dezember 1975 gegrënnt. En huet 1976 seng Dieren opgemaach, no der Zesummeféierung vum neigebauten Hôpital Municipal mat der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Clinique Pédiatrique. 2004 ass nach d'Clinique d'Eich dobäi komm.[1]

Hôpital municipal

Nieft villen Zerwisser vun der Allgemengmedezin, der Chirurgie an der Psychiatrie ginn et am Hôpital Municipal och nach aner national Departementer wéi dee vun der Neurochirurgie, vun der Onkologie-Hematologie, den Infektiouns- an Tropekrankheeten an der Immuno-Allergologie.[1]

Maternité Grande-Duchesse Charlotte

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Maternité Grande-Duchesse Charlotte

D'Maternité Grande-Duchesse Charlotte gëtt et zënter 1936.[1]

D'KannerKlinik

KannerKlinik

D'Clinique Pédiatrique oder KannerKlinik funktionéiert zënter 1966.[1]

Clinique d'Eich

D'Eecher Klinik ass den 1. Januar 2004 mam CHL fusionéiert.[4]

Referenzen

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Le CHL en bref um Site vum Spidol
  2. 2,0 2,1 2,2 Den CHL op LinkedIn
  3. "2018 war fir den CHL e gutt Joer." 100komma7.lu, 17. Juli 2019 - 09:00.
  4. Legilux: Arrêté grand-ducal du 3 octobre 2003 portant intégration et rattachement des services hospitaliers de la Clinique d'Eich, Fondation Norbert Metz, au Centre Hospitalier de Luxembourg
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.