Charles Pasqua

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Charles Pasqua (1987).

De Charles Pasqua, gebuer den 18. Abrëll 1927 zu Grasse am Departement Alpes-Maritimes a gestuerwen den 29. Juni 2015 zu Suresnes am Departement Hauts-de-Seine, war e franséische Politiker.

Hien ass mat 15 Joer an d'franséisch Resistenz agetrueden. Nom Krich huet hien de Service d'action civique (SAC) matgegrënnt, e kontroverséierten "Ënnerstëtzungsveräin vum Generol Charles de Gaulle. Hien huet an den 1950er an 1960er Jore beim Gedrénksfabrikant Ricard geschafft, wou en et bis zum Nummer 2 an der Direktioun gepackt hat. 1968 gouf hien an den Hauts-de-Seine politesch aktiv, a gouf Deputéierten vun do an der Assemblée nationale, dono war en Senateur (1977-1986, 1988-1993, 1995-1999, an 2004 bis 2011) a President vum Conseil général vum Departement (1973-1976, 1988-2004).

Hie war Matgrënner vun der Partei Rassemblement pour la République (RPR), a war do eng Zort Mentor an Ënnerstëtzer vum Jacques Chirac, mat deem en awer méi spéit am Sträit ausernee gaangen ass. Vun 1986 bis 1988 a vun 1993 bis 1995 war hien ënner de Premierministere Chirac, respektiv Balladur Inneminister, wou e sech en zweifelhaften Numm bei der Ënnerdréckung vu Manifestatioune gemaach huet.

1992 huet hie beim Referendum iwwer den Traité vu Maastricht dozou opgeruff, dergéint ze stëmmen, an huet dono de Rassemblement pour la France et l'indépendance de l'Europe (RPF) gegrënnt, deen a Frankräich bei den Europawalen 1999 déi zweetmeescht Stëmme krut. Hie gouf an d'Europaparlament gewielt, gouf 2004 nees Senateur (bis 2011) wou en zum Grupp vun der UMP gezielt gouf.

An den 2000er Joren gouf hie vu senger Vergaangenheet als "Strëppenzéiert" a "Magouilleur" ageholl a gouf an enger 10 Prozesser wéinst Korruptioun oder illegaler Parteiefinanzéierung verwéckelt; hie gouf sechsmol fräigesprach an zweemol zu Prisong mat Sursis veruerteelt.

Eng bekannt Ausso vun him war: "La démocratie s'arrête là où commence l'intérêt de l'État"[1].

Hie war bestuet an hat ee Jong.

Wierker

Literatur

  • Pierre Pelissier, Charles Pasqua, Lattès, 1987
  • Philippe Boggio et Alain Rollat, Ce Terrible Monsieur Pasqua, Orban, 1988
  • Charles Pasqua: une force peu tranquille / Jean-Charles Brisard, Géraud Durand. Paris: Grancher, 1994, 238 p. ISBN 2-7339-0470-1
  • Tu parles, Charles, Les Dossiers du Canard enchaîné, 1994
  • Sami Naïr, Lettre à Charles Pasqua de la part de ceux qui ne sont pas bien nés. Paris: Seuil, coll. "L'Histoire immédiate", 1994, 112 p. ISBN 2-02-022475-5
  • Thierry Meyssan, L'Énigme Pasqua, Golias, 2000 ISBN 2911453883
  • Daniel Carton, La Deuxième Vie de Charles Pasqua, Flammarion, 2001, 218 p. ISBN 2-08-067044-1
  • Nicolas Beau, La Maison Pasqua, 2002

Um Spaweck

Commons: Charles Pasqua – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. http://www.lepoint.fr/archives/article.php/445607
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.