Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation

Zur Navigation springen Zur Suche springen
Architekten-Entworf vun der Maison du Livre

D'Cité des Sciences de la Recherche et de l'Innovation ass den Numm vun engem Ensembel vun ëffentlechen Infrastrukturen haaptsächlech aus dem Beräich Wëssenschaft, Fuerschung an Innovatioun, déi zënter den 2000er Jore bannent enger 15 bis 20 Joer op der sougenannter Héichuewenterrass op de fréiere Frichë vun Esch-Belval gebaut gëtt.

De Regierungsrot huet de 5. Juli 2001 d'Konzept vun der Cité des sciences approuvéiert. Et ass virgesinn, datt do ronn 1 Milliard Euro soll investéiert ginn.

No an no entstoungen an entstinn esou eng 25 eenzel Bauprojeten, mat enger Gesamtbaufläch vun ongeféier 475.000 m², op engem Terrain vu 27,34 Hektar. 7.000 Studenten an 3.000 Enseignanten a Fuerscher sollen am Endeffekt do schaffen. Bauhär vun deene meeschte Projeten ass de Fonds Belval, eng Ëffentlech Ariichtung.

Zu der Cité des sciences gehéieren:

  • Zwou vun den dräi Fakultéite vun der Uni Lëtzebuerg, nämlech d'Fakultéit fir Sprooch- a Geeschteswëssenschaften, Konscht- an Erzéiungswëssenschaften an d'Fakultéit vun den Naturwëssenschaften, der Technologie an der Kommunikatioun.[1] D'Decisioun, ob déi drëtt Fakultéit, déi fir Droit, Ekonomie a Finanzen och soll op Belval kommen, steet nach aus. Déi fir d'Sprooch-, Geeschtes- Konscht- an Erzéiungswëssenschaften ass am Summer 2015 vum Campus Walfer dohi geplënnert, déi fir Naturwëssenschaften, Technologie a Kommunikatioun soll een-zwee Joer drop nokommen.
  • d'ëffentlech Fuerschungszentren, nämlech de CRP Gabriel Lippmann, de CRP Henri Tudor an de CEPS/INSTEAD (Centre d'Etudes de Populations, de Pauvreté et de Politiques Socio-Economiques)

Ënnerbruecht ginn dës Etablissementer an enger Rëtsch neie Gebaier wourënner:

kursiv: geplangt Joer, an deem et fäerdeg soll ginn.

Zu de staatleche Kultur- a Fräizäitariichtungen, déi och derbäi gehéieren, zielen ë. a. d'Rockhal an, falls dat eng Kéier realiséiert sollt ginn, en neit Gebai fir d'Nationalarchiven.

Literatur

  • Fonds Belval (ed.): La Cité des Sciences 2012. Esch-sur-Alzette 2012, 254 S., ill.

Um Spaweck

Referenzen

  1. Decisioun vum Regierungsrot vun Dezember 2005
  2. "Uni ist auf Belval angekommen ". wort.lu, 27.09.2011 07:37, aktualiséiert 27.09.2011 09:18.
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.