Dacian Cioloș

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Den Dacian Cioloș (2010).

Den Dacian Cioloș [ˈt͡ʃjoloʃ], gebuer de 27. Juli 1969 zu Zalău, ass e rumäneschen Agraringenieur a Politiker (ouni Partei).

2005 goung hien an de rumänesche Ministère fir Landwirtschaft, Bëscher a ländlech Entwécklung schaffen. Vun Oktober 2007 bis Dezember 2008 war hie Landwirtschaftsminister an der Regierung Tăriceanu II.

Vun 2010 bis 2014 war hien an der Europäescher Kommissioun ënnert dem José Manuel Barroso responsabel fir den Dossier Landwirtschaft a ländlech Entwécklung. De 17. November 2015 gouf hien, nom Récktrëtt vum Victor Ponta, vum rumänesche Parlament zum neie Ministerpresident vu Rumänien gewielt.[1] Am Januar 2017 gouf de Sorin Grindeanu säin Nofolger.

Um Spaweck

Commons: Dacian Cioloş – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "Neuer Regierungschef in Rumänien - Ex-EU-Kommissar Ciolos zum Ministerpräsidenten gewählt." spiegel.de, 17. November 2015.
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.