Egon Bahr

Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Egon Bahr (1988)

Den Egon Karl-Heinz Bahr, gebuer den 18. Mäerz 1922 zu Treffurt a gestuerwen den 20. August 2015, war en däitschen SPD-Politiker.

Als enke Vertraute vum Willy Brandt huet en deem seng Kommunikatioun zu West-Berlin tëschent 1960 an 1966 geleet. An deem Joer ass hir Zesummenaarbecht am Büro vum Ausseministère weidergaangen.

1969 ass e mam Brandt an d'Kanzeleramt gaangen, a gouf no de Walen 1972 Bundesminister für besondere Aufgaben. Hie war de Virdenker vum Brandt senger Ostpolitik an eng aflossräich Stëmm bei de Verhandlungen vu verschiddenen Traitéë mat der Sowjetunioun, der DDR a Polen, déi als "Politik vun de klenge Schräck" d'Situatioun entspanen an Ost a West nees méi no beienee brénge sollten.

De Bahr huet d'Regierung nom Brandt senger Demissioun am Mee 1974 verlooss, mee ass am Juli vum selwechte Joer als Bundesminister für wirtschaftliche Zusammenarbeit ënner dem Helmut Schmidt zréck an eng Regierung komm. Hien ass awer mam Schmidt ni richteg waarm ginn. De Bahr huet säi Ministerposten no de Walen 1976 verlooss, fir duerno nach fënnef Joer SPD-Bundesgeschäftsführer a bis 1990 Deputéierten am Bundestag ze sinn.

Um Spaweck

The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.