Elizabeth II.

Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Elizabeth II. (2015).

D'Elizabeth II., gebuer den 21. Abrëll 1926 zu Mayfair (London), mam ganzen Numm Elizabeth Alexandra Mary aus dem Haus Windsor, ass, a Personalunioun, déi konstitutionell Monarchin vu 16 Staaten, de sougenannte Commonwealth Realms, souwéi deenen hiren Territorien an de Gebidder, déi dovun ofhänken. Et ass dat d'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland, Antigua a Barbuda, Australien, d'Bahamas, Barbados, Belize, Grenada, Jamaika, Kanada, Neiséiland, Papua Neiguinea, d'Salomonen, Saint Kitts an Nevis, Santa Lucia, Saint Vincent an d'Grenadinnen an Tuvalu. An alle Länner ausser dem Vereenegte Kinnekräich léisst se sech an hiren (bal nëmme representativen) Rechter a Flichten duerch Generalgouverneure representéieren.

Si ass ausserdeem de Chef vum Commonwealth of Nations, an deem 53 Staate Member sinn, an de weltleche Chef vun der anglikanescher Church of England.

D'Elizabeth ass d'Duechter vum Prënz Albert, dem spéidere Kinnek George VI. a senger Fra Elizabeth. Am Zweete Weltkrich huet si ugefaangen, ëffentlech Aufgaben z'iwwerhuelen, an si huet an der Fraesektioun vun Hëllefstruppe vun der britescher Arméi gedingt. 1947 huet si de Prënz Philip vu Griicheland an Dänemark bestuet (den haitegen Duke of Edinburgh), mat deem se véier Kanner huet: den Charles, d'Anne, den Andrew an den Edward.

De 6. Februar 1952, nom stënterlechen Doud vun hirem Papp, gouf si Kinnigin vu siwe Commonwealth Realms, duerno sinn der ëmmer nees derbäikmm oder ewechgefall. Den 2. Juni 1953 gouf si an der Westminster Abbey offiziell gekréint, wat - eng Première - live op der Televisioun iwwerdroe gouf.

An hirem Règne vun iwwer 60 Joer sinn als markant Evenementer z'ernimmen: d'Dekolonisatioun vum Briteschen Empire, de Kale Krich, den Nordirlandkonflikt an d'Alaude vum Brexit.

Zënter dem 23. Januar 2015 ass si déi eelst Staatscheffin am Amt; zënter dem 9. September 2015 déi britesch Monarchin, déi am längsten um briteschen Troun souz an zënter dem 13. Oktober 2016 dee aktuelle Monarch op der Welt deen am längsten um Troun ass.

Um Spaweck

Commons: Elizabeth II. – Biller, Videoen oder Audiodateien
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.