Grondlagefuerschung

Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Grondlagefuerschung ass am engste Sënn d'wëssenschaftlech Opstellung, d'Nopréifen an d'Diskussioun vun de Prinzipien enger Wëssenschaft, besonnesch an der Mathematik an an den exakte Naturwëssenschafte, awer och an der Psychologie, de Sproochwëssenschafte an an der Medezin.

D'Grondlagefuerschung leet d'Grondlage fir weidergoend Fuerschung an hieft sech sou vun der ugewanter Fuerschung an der Industriefuerschung of, déi ënner Ëmstänn ähnlech Fuerschungsfelder beaarbechten, awer mat engem anere Fokus an aneren, wirtschaftsorientéierten Ziler eruginn.

An der „problemorientéierter Grondlagefuerschung“ ginn d'Froestellungen – am Géigesaz zu der Optragsfuerschung – aus der wëssenschaftlecher Literatur entwéckelt, awer am Hibléck op konkret Problemer, déi net onbedingt wëssenschaftlecher Aart sinn.

Um Spaweck

  • Grundlagenforschung, Bundesministerium für Bildung und Forschung
  • Helmholtz-Zentren, Helmholtz-Gemeinschaft Deutscher Forschungszentren
  • [1], Film des Karlsruher Institut für Technologie zu Grundlagenforschung
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.