Haaptsäit/Artikel vun der Woch

Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dat hei ass d'Archiv vun der Rubrik "Artikel vun der Woch" op der Haaptsäit.

Hei stinn all d'Schabloune mat den "Teaseren", déi am Wochenturnus, all Méinde moien um 00:00 Auer UMT, automatesch op der Haaptsäit presentéiert ginn.

Fir eppes am Text vun engem Artikel-vun-der-Woch-Teaser z'änneren, klickt op den Text "Schabloun:AVDW_nn" (nn = eng Ziffer, déi der Kalennerwoch entsprécht), an dann op "Änneren".

Wann Der Iddien hutt fir Verweiser op weider gutt geschriwwen an illustréiert Artikelen, déi hei kéinten dobäigesat ginn, drot se w.e.g. hei an der Spënnchen an. Wann der genuch beienee sinn, kënnen se déi wou hei stinn, ersetzen.

Merci am viraus!

Aktuell

Schabloun:AVDW R1

Luxembourg City Synagogue 2.jpg

D'Juddentum spillt eng wichteg Roll an der Geschicht vu Lëtzebuerg. Nieft der Réimesch-Kathoulescher Kierch, dem Protestantismus, der Orthodoxer Kierch an dem Islam ass d'Juddentum déi fënneft gréisst Relioun. Zu Lëtzebuerg liewen ongeféier 1200 Judden. Lëtzebuerg ass domat dat eenzegt europäescht Land, an deem haut méi Judde liewen wéi virun 1933.

Déi éischt jiddesch Familljen an der deemoleger Grofschaft Lëtzebuerg hu sech ëm 1226 an 1309 zu Arel an der sougenannter Hätschegaass niddergelooss. Dësen Numm deit op de Juddenhutt hin, dee si a verschiddene Länner hu missen undoen. Ëm 1276 hu sech Judden an der Stad Lëtzebuerg niddergelooss. Mëtt 14. Joerhonnert hu wuel jiddesch Familljen am Péitrussdall gewunnt, wou och hire Kierfecht war. Méi spéit, ëm 1367, dauchen éischt Dokumenter op, déi d'Juddegaass an d'Juddepaart an der Stad ernimmen.

Hir Presenz gouf och an der Neierbuerg (1309), zu Iechternach a Ließem an der Äifel (1332), zu La Roche-en-Ardenne (1333), zu Damvillers (1345/47), wéi zu Bitburg (1334) a Baaschtnech (1353) dokumentéiert ...

> méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R2

Solar internal structure.svg

D'Sonn, op Latäin Sol, ass de Stär am Zentrum vun eisem Planéitesystem, dat mir Sonnesystem nennen.

Eis Sonn ass fir d'Liewen op der Äerd vu fundamentaler Bedeitung. Vill wichteg Prozesser op der Äerduewerfläch, wéi d'Klima an d'Liewe selwer, ginn duerch d'Stralungsenergie vun der Sonn ugedriwwen. D'Energie vun der Sonn dréit zu 99,98 % vun allen Energiequellen zum Äerdklima bäi– de butzege Rescht gëtt aus geothermalen Hëtztquelle gespeist. Och d'Gezäite ginn zu engem Drëttel op d'Gravitatioun vun der Sonn zréck.

D'astronomescht Zeechen fir eis Sonn ass ☉.

D'Sonn ass dee mächtegsten Himmelskierper an eisem Planéitesystem, zu deem senger Gesamtmass si mat engem Undeel vun 99,9 % bäidréit. Se huet en Duerchmiesser vun ongeféier 1,39 Millioune km (d. h. den 109-fachen Äerdduerchmiesser). Hiren duerchschnëttlechen Ofstand vun der Äerd ass ongeféier 150 Millioune Kilometer. D'Äerd kënnt bei hirem Perihel-Transit ëm den 3. Januar (2.–4. Januar) bei 147,099 Mio. km am nooste bei d'Sonn, déi gréisst Distanz huet se bei hirem Aphel-Duerchgank ëm de 5. Juli (3.–6. Juli) bei 152,096 Mio. km.

Mat hirer Uewerflächentemperatur vu 5.778 K fält d'Sonn an d'Spektralklass G2 an huet d'Liichtkraaftklass V. Si ass deemno en duerchschnëttlechen „Zwergstär“, dee giel liicht. Hiren Alter gëtt op ronn 4,57 Milliarde Joer geschat... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R3

Meso2mil.JPG

Mesopotamien (gr. fir "tëscht de Flëss"), och Zweestroumland, bezeechent geographesch d'Gebitt ronderëm d'Flëss Euphrat an Tigris a Südost-Anatolien (Tierkei), Syrien an am Irak. Dat fruchtbart Land gëtt och dacks Wéi vun der Zivilisatioun genannt. E politesche Staat Mesopotamien huet et awer ni ginn, den Numm gouf aus Kamouditéit vu griichesche Geographen erfonnt, fir dës Regioun ze benennen.

Am Norde fänkt d'Landschaft mat den Taurusbierger un a geet bis op de Persesche Golf. Am Oste grenzen d'Bierger vum Iran an am Westen d'arabesch Wüst an den Héichplateau vu Syrien u Mesopotamien.

De Groussdeel vun der bekannter Geschicht vu Mesopotamien ass duerch d'Awanderunge vu verschiddene Vëlker markéiert. Meeschtens ass d'Regioun a vill Stadstaaten zerfall, et gouf awer och Phasen, déi vu Groussräicher dominéiert goufen, an an deenen d'Nopeschregiounen Eruewerungsfeldzich gefouert hunn... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R4

Marie-Antoinette; koningin der Fransen.jpg

D'Marie-Antoinette, gebuer den 2. November 1755 zu Wien als Maria Antonia Josepha Johanna vun Habsburg-Loutrengen, a gestuerwen zu Paräis de 16. Oktober 1793, war Äerzherzogin vun Éisträich, vu 1770 bis 1774 Dauphine vu Frankräich, a vun du bis 1792, als Fra vum Louis XVI., Kinnigin vu Frankräich an Navarra.

D'Fransouse waren ufanks vu hirem Charme an hirer Schéinheet beandrockt, mee geschwënn huet sech dat geännert, an der "Autrichienne" (mat Betounung op "chienne") gouf virgeheit, si wier prunksüchteg, géif friemgoen, a géif mat de Feinde vu Frankräich, besonnesch den Éisträicher, komplottéieren. D'Affär ëm d'Halsketten (mat där se näischt ze dinn hat) huet hire Ruff weider geschiedegt, a si krut spéiderhin de Spëtznumm Madame Déficit, well hir verschwenderesch Ausgaben dru Schold sollte sinn, datt et de franséische Staatsfinanze sou schlecht géing.

No der Flucht op Varennes, déi bei der Bevëlkerung ganz schlecht ukoum, gouf de Louis XVI. ofgesat, d'Monarchie ofgeschaaft an d'kinneklech Famill an den Temple-Prisong gestach. Aacht Méint nodeems hire Mann guillotinéiert gi war, gouf och der Marie Antoinette de Prozess gemaach, si hätt d'Prinzipie vun der Revolutioun verroden. Och si gouf zum Doud veruerteelt an de 16. Oktober 1793 gekäppt... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R5

En TICE-Bus (MAN)

Den Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette, ofgekierzt TICE, ass eng lëtzebuergesch Persounentransport-Gesellschaft déi gréisstendeels am Minett operéiert.

Den TICE-Syndikat gouf duerch d'Gesetz vum 19. Mee 1914 an de groussherzogleche Beschloss vum 2. Juni 1914 gegrënnt an ass ee Syndikat vun den 9 folgende Gemengen: Diddeleng, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Keel, Käerjeng (fréier Nidderkäerjeng), Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem.

1927 bis 1956 huet den TICE de Minettstram bedriwwen; zënter 1949 fueren och Bussen, déi no an no bis 1956 d'Tramslinnen ersat hunn. Den TICE bedreift 16 Buslinne mat 111 Bussen.

365 Leit schaffen do, dorënner sinn 273 Chaufferen...



Schabloun:AVDW R6

Chess rlt26.svg
Chess tile bd.svg
Chess tile nl.svg
Chess tile rd.svg

D'Nimzowitsch-Indesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Si zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen E20 bis E59 klassifizéiert.

Si geet zréck op den Theoretiker a Strateg Aaron Nimzowitsch. Hir Grondiddi besteet dodran, datt Schwaarz, amplaz den Zentrum direkt mat de Baueren ze besetzen, dem Wäiss seng Virstéiss vun de Fligelen hier hemmt. De Leefer op b4 fesselt an neutraliséiert de wäisse Sprénger, dee soss e Bauerevirmarsch am Zentrum ënnerstëtze kéint. De Bauer op e6 an de Sprénger op f6 hemmen de weidere Virmarsch vum wäissen Dammebauer, doriwwer eraus verhënnert de Sprénger op f6 d'weider Besetzung vum Zentrum duerch e4.

Schwaarz sicht d'Asymmetrie, an dat aktivt an eegestännegt Géigespill. Am spéidere Verlaf vum Spill wäert e probéieren, jee no Spillsituatioun de gehemmte wäissen Zentrum direkt unzegräifen oder en Ugrëff an Duerchbroch un engem vun de béide Fligelen z'erzilen... > > méi



Schabloun:AVDW R7

Vue op Esch 2006

D'Stad Esch-Uelzecht ass eng vun den 105 Gemengen zu Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Mat 33.939 Awunner (1.1.2016) ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.

Esch läit nërdlech vun den Ausleefer vum Pays-Haut, dem Loutrenger Plateau, um Floss Uelzecht. Laang en einfacht Bauerendierfchen, huet Esch zënter den 1870er Joren, mat der Entdeckung vun der Minett, an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht. D'Strukturkris an deem Secteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn.

Déi doduerch entstanen Industriebroochen, besonnesch déi vu Belval, sinn zum Deel am Gaang, nei bebaut ze ginn. Nei administrativ, kulturell (Rockhal, Kino) an edukativ Gebier (d'Uni Lëtzebuerg, de Lycée Bel-Val), mä och Wunnengen, Büroen a Geschäfter goufen do zanter 2004 ronderëm déi erhalen Héichiewe gebaut ... > > > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R8

Flag of Portugal.svg

D'Portugisesch Republik (República Portuguesa) oder och einfach nëmme Portugal, ass e Staat am Südweste vun der iberescher Hallefinsel. E gëtt am Westen an am Süde vum Atlanteschen Ozean, am Osten an am Norde vu Spuenien begrenzt. Donieft gehéieren zum portugisesche Staatsgebitt d'Inselgrupp vun den Azoren souwéi Madeira. Westlech vun der Haaptstad Lissabon läit Cabo da Roca, dee westlechste Punkt vum europäesche Festland.

Den Numm Portugal entstaamt dem Numm vun der Siidlung Cale am Delta vum Floss Rio Douro. Wéi Portugal zum Réimeschen Imperium gehéiert huet, gouf Cale e wichtegen Hafen, op Latäin Portus Cale. Am Mëttelalter gouf Portus Cale zu Portucale, duerno Portugale, woubäi dëst Wuert am 7. an am 8. Joerhonnert nëmmen déi nërdlech Deeler vum Land waren.

D'Vir- an d'Fréigeschicht vum Land entsprécht zum gréissten Deel der Entwécklung an den anere Regioune vun der Iberescher Hallefinsel. No 450 v. Chr. gouf dat Gebitt vu Karthago eruewert an nom Zweete Punesche Krich u Roum ofgetrueden. Vun de Réimer gëtt et ënner dem Numm Lusitania zum Deel als eegestänneg Provënz verwalt. Déi réimesch Herrschaft hält op an der Vëlkerwanderungszäit. Am Joer 711 gëtt d'Land vun de Mauren eruewert, Portugal gëtt en Deel vum Kalifat vu Cordoba... > > méi



Schabloun:AVDW R9

Galerie vun de Mamerleeën

D'Mamerleeën sinn en eenzegaartegen Ensembel vun ënnerierdesche Grotten a Galerien am Lëtzebuerger Sandsteen am Dall vun der Mamer tëscht Schëndels a Miersch. Den Ufank gëtt am Süden duerch eng besonnesch grouss Grott markéiert, déi als Huellee bekannt ass.

D'Mamerleeë sinn duerch Formatioun vu Splécken am Fiels entstane wéi se charakteristesch fir de Lëtzebuerger Sandstee sinn. Vun den natierleche Grotten aus sinn duerch mënschlech Aktivitéit zousätzlech Galerien entstan déi déif an de Fiels eragedriwwe goufe fir de Sandsteen, deen do vun enger besonnesch gudder Qualitéit ass, ofzebauen.

Et ass net gewosst, vu wiem a wéini déi Galerien ugeluecht an exploitéiert goufen. D'Plaz dierft awer schonn de Réimer bekannt gewiescht sinn. Méi sécher ass awer d'Exploitatioun iwwer länger Perioden am Mëttelalter... > méi



Schabloun:AVDW R10

Schëld Haaptstrooss, Biwer.jpg

Odonymie, eng Ënnerkategorie vun der Toponymie, ass d'Etüd vun den Odonymen, den Eegennimm vun de Verkéiersweeër. En Odonym kann den Numm vun enger Strooss, enger Plaz, engem Wee, asw. sinn.

Gemenkerhand besteet en Odonym aus zwéin Deeler: aus engem individuellen Numm ("Pierre Dupong", "Schoul" asw.) an enger Indikatioun iwwer den Typ vum Verkéierswee ("Strooss", "Boulevard", "Avenue", ...). Normalerweis ass en Odonym en Element vun enger Postadress. Klassesche Odonyme sinn z.B. Haaptstrooss, Kierchewee, Schoulstrooss, asw.

Odonyme kënnen no bestëmmte Kategorië klasséiert ginnː z.B. no hirer Charakteristik ("Breedewee", "Groussgaass"), nom Typ vum Handel deen do bedriwwe gëtt oder gouf ("Krautmaart"), no den Uertschafte wou se hi féieren, no ale Flouernimm, no Hellegen oder no méi oder manner prominente Persounen, no engem Evenement oder engem Datum, oder no allgemengen Theme wéi Blummen, Beem, asw.). Se kënnen och systematesch no Buschtawen oder Zuelen duerchdeklinéiert sinn... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R11

Den Haff A Gräins

Uewerpallen ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech. Si war bis 1846 eng eegestänneg Gemeng. Uewerpallen läit an engem breeden Dall, um Zesummefloss vun der Pall an der Péilz. Déi gréisst Partie vum Duerf läit op Lëtzebuerger Sandsteen.

Den Numm vum Duerf ass op d'Baach Pall zréckzeféieren. Verschidde fréier Variatioune vum Numm loossen op eng Grënnung vum Duerf zur Zäit vun der eelster fréifränkescher Zäit schléissen. Den Diggel, deen hautdesdaags zu Uewerpallen gehéiert, e puer honnert Meter vum „Zentrum“ ewech, war deemools en eegent Duerf.

Den Territoire vum haitegen Uewerpallen gouf säit dem Paleolithikum onënnerbrach besidelt. D'Siidlung war iwwer e Kiem, deen haut nach existéiert, un dat réimescht Stroossennetz ugeschloss. An den 1970er Jore gouf eng grouss réimesch Villa entdeckt, mä net ausgegruewen. Déi eelst haut nach siichtbar Reschter an der Uertschaft sinn d'Kierch, déi 1707 fäerdeg gouf, de Baurenhaff A Gräins vu 1766 an d'Kräizer déi laanscht Stroosse stinn... > > > Méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW R12

Solar eclipse animate (2006-Mar-29).gif

Eng Sonnendäischtert, Eklips oder Sonnefënsternes ass en astronomescht Ereegnes, bei deem, vun der Äerd aus gesinn, d'Sonn duerch den Äerdmound ganz oder deelweis verdeckt gëtt.

De Wénkelduerchmiesser vun der Sonn a vum Mound hu bal déiselwecht Gréisst, sou datt de Mound d'Sonn vollstänneg bedeckt a sou eng total Sonnendäischtert entstoe kann. D'Spur vum Kärschiet vum Mound, déi dobäi op d'Äerd fält ass e puer honnert Kilometer breet. Vum Hallefschiet gëtt dogéint ongeféier d'Hallschent vun der Äerduewerflächendagessäit getraff, sou datt vun do aus d'Däischtert vun der Sonn zwar och, awer nëmme partiell gesi gëtt.

Fir datt et eng Sonnendäischtert gëtt, mussen d'Sonn, de Mound an d'Äerd méiglechst genee op enger Linn stoen. Wéinst der Ekliptik vun der Moundbunn ass dat nëmmen bei all fënneftem oder sechstem Neimound de Fall. Et gi verschidden Aarte vu Sonnendäischterten: partiell an total Sonnendäischterten. Zu Lëtzebuerg war déi rezentst total Sonnendäischtert den 11. August 1999 an huet ronn 140 Sekonne gedauert. Déi nächst ass eréischt de 14. Juni 2151... > > méi



Schabloun:AVDW R13

Déi aktuell Jean-Bertels-Statu op der aler Sauerbréck

D'Jean-Bertels-Statu op der aler Sauerbréck, déi Iechternach mat Iechternacherbréck verbënnt, kann op eng mouvementéiert Geschicht zréckblécken.

Am Abrëll 1798 gouf fir d'éischt Kéier eng Statu vum Bertels op d'Bréck gesat, déi vu sengem Grafmonument an der Iechternacher Basilika hierkoum, an déi do eng Kräizegungsgrupp ersat huet. Géint Enn vun den 1860er Jore gouf se vun Iechternacher Vandalen, déi e Patt ze vill gedronk haten, zerstéiert an an d'Sauer gehäit.

Et sollt bis den 21. September 1883 dauere bis si duerch e Wierk vum Veianer Sculpteur Michel Deutsch gouf. Hir gouf an der Nuecht vum 3. op de 4. Mäerz 1939 vu besoffen Nazien, déi provozéiere wollten, de Kapp erofgeschloen an an d'Sauer gehäit. Si konnt glécklecherweis nees gefléckt ginn.

Wéi d'Wehrmacht den 12. September 1944 d'Sauerbréck gesprengt huet, blouf de mëttelste Pilier mat der Statu stoen; si war nach intakt, gouf awer duerno am weidere Verlaf vum Krich zerstéiert... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R14

Stolpersteen Hélène Salomon, 25, rue Michel-Rodange, Déifferdeng.jpg

Stolpersteine ass e Projet vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig. Et si kleng messengs Commemoratiounsplacken op bëtongs Wierfele vun 10 cm Längt, déi un Affer vum Nationalsozialismus erënneren. Si gi wéi Pavéssteng do, wou déi Leit fir d'lescht fräi gewunnt hunn, an de Buedem gesat.

Dem Demnig wëll domat deene Leit, déi an de Konzentratiounslageren zu Nummeren degradéiert goufen, hir Identitéit erëmzeginn. Och kréien sou déi abstrakt Zuele vu Millioune vun Doudegen duerch eenzel, individuell Schicksaler eng konkret Bedeitung. D'Steng leie riicht am Buedem, sou datt d'"Stolperen" symbolesch gemengt ass.

Et gi mëttlerweil 55.000 sou Steng a 1430 Uertschaften, virun allem an Däitschland, ma och an 19 aneren europäesche Länner. Pro Joer kommen der 440 neier bäi. Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell zu Bieles, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Munneref a Réimech am ganzen 81 Stolpersteine verluecht, an zu Ettelbréck eng Stolperschwelle (Stand: Juni 2016)... > > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R15

Bitche, entrance to the the citadel.jpg

D'Zitadell vu Bitche, zu Bitche am Departement Moselle, ass eng Zitadell, déi de franséische Kinnek Louis XIV uleeë gelooss huet, nodeems en d'Stad 1680 ageholl hat. De Festungsingénieur Sébastien Le Prestre de Vauban huet d'Pläng entworf, an no 14 Joer Bauzäit (1683 -1697) an 2.500.000 Livres d'Or Baukäschten, eng enorm Zomm fir déi Zäit, war d'Zitadell fäerdeg. Duerch den Traité vu Ryswick tëscht Fransousen a Spuenier, 1697, war Bitche awer erëm un de Leopold I. vu Loutrengen gefall, an d'Zitadell huet misse geschleeft ginn. Zwee Joer laang, 1697–1698 war e flammännescht Regiment, dat extra zu deem Zweck op Bitche geschéckt gi war, domat beschäftegt, dat ganzt ofzerappen.

De Fridden tëscht Fransousen a Spuenier war awer nëmme vu kuerzer Dauer, a scho 1701 ass de Spuenesche Successiounskrich ausgebrach. Franséisch Truppen hu Bitche op en Neits besat an hunn d'Zitadell erëm nom Vauban senge Pläng opgebaut.

1736 ass Loutrengen un den exiléierte polnesche Kinnek Stanislas Leszczyński gefall, deem seng Duechter de franséische Kinnek Louis XV bestuet hat. 1738 huet hie sech engagéiert, mat der Autorisatioun vum Kinnek, d'Zitadell vu Bitche weider opzebauen a se sou zu engem Deel vum System vun de befestegte franséische Grenzstied ginn ze loossen... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R16

Eng Arborloo op Haiti

Eng Arborloo ass eng einfach an ekologesch Toilette, déi een an Entwécklungslänner fënnt. Si besteet aus engem Lach, dat an de Buedem gegruewen ass an dat mat enger Plack oder engem Briet zougedeckt ass, an aus engem Opbau als Siichtschutz. Duerch e Lach an der Plack oder am Briet falen d'Exkrementer an d'Lach, a wann et voll ass gëtt e jonke Bam dra geplanzt.

Dës Zort Toilette gouf an den 1990er Joren am Simbabwe erfonnt an huet sech schnell an de ländleche Regiounen an anere waarme Länner verbreet, virun allem am Süden an am Oste vun Afrika an an der Karibik. D'Einfachheet, den niddrege Präis an déi sanitär a wirtschaftlech Virdeeler vun där Toilette hunn dozou bäigedroen, datt si vun Netregierungsorganisatiounen och an aneren afrikanesche Länner agefouert ginn ass.

Den Numm Arborloo kënnt vun "arbor", dem laténgesche Wuert fir Bam, a "loo", dem englesche Wuert fir Toilette, eng Bamtoilette deemno... > Méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R17

Panorama Haff Réimech (2011)

D'Haff Réimech ass zanter 1998 en Naturschutzgebitt vun zirka 100 ha am Dräilännereck Lëtzebuerg-Däitschland-Frankräich, an der Gemeng Schengen, dat un d'Uertschafte Rëmerschen, Wëntreng a Schwéidsbeng grenzt. Et ass ee vun de schéinsten an ecologesch wäertvollste Fiichtgebidder vu Lëtzebuerg.

Et läit am breeden Deel vum soss enke Museldall, tëscht der Musel am Osten an deene mat Wéngerte bedeckten Häng am Westen, an ass entstanen, well sech do am Laf vun de Joerhonnerten duerch regelméisseg Iwwerschwemmunge verschidde Schichte vu Sand a Kisel an aner Sedimenter ofgelagert hunn. Dës goufen zanter den 1940er Joren industriell ofgebaut an hunn eng Landschaft mat géie Basengen, déi sech no an no mat Waasser gefëllt hunn, hannerlooss. D'Waasserqualitéit vun den am ganzen ëm déi véierzeg Baggerweieren ass exzellent, well d'Waasser gréisstendeels aus ënnerierdesche Quelle vun de Wäibierger hirkënnt... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R18

De Logo vum LCGB

De Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond (LCGB) ass eng lëtzebuergesch Gewerkschaft déi den 23. Dezember 1921, vu kathouleschen Aarbechter aus dem 1903 gegrënnte Luxemburger katholischer Volksverein eraus gegrënnt gouf. Als Gewerkschaft baséiert den LCGB seng gewerkschaftspolitisch Aktioune sou op der chrëschtlecher Sozialléier.

Den LCGB ass, mat eppes iwwer 39.000 Memberen (Stand: 2013), nom OGB-L déi zweetgréisst Gewerkschaft zu Lëtzebuerg. Den LCGB ass nieft dem OGB-L an der CGFP eng vun den dräi national representative Gewerkschaften an hëlt an där Qualitéit un den Tripartitesëtzungen Deel, verhandelt mat de Patronsfederatioune Kollektivverträg oder Accorden an ass an de Gremie vun der Gesondheetskeess, der Pensiounskeess an dem Conseil économique et social (CES) vertrueden... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R19

Aprikosen

D'Aprikos, ass d'Fruucht vum Aprikosebam (Prunus armeniaca) aus der Gattung Prunus an der Famill vun de Rosaceae.

Dës Steefruucht kënnt ursprénglech aus Nordost-China, vu wou se no Westen hi verbreet gouf. Den Numm vun der Spezies Armeniaca weist drop hin, datt et d'Géigend vum haitegen Armenien war, vu wou se zur Réimerzäit via Griicheland am Mëttelmierraum an a Südeuropa verbreet gouf. Méi spéit war et virun allem am ungaresche Flaachland, wou Aprikose gezillt goufen. Hautdesdaags ginn an Europa d'Aprikose virun allem a Spuenien an an Italien gezillt. D'Tierkei (absënns d'Provënz Malatya) produzéiert 85 % vun der Weltproduktioun vu gedréchenten Aprikosen an Aprikosekären.

D'Aprikosebeem gi gewéinlech 6 m, alt bis zu 10 m héich. D'Schuel vum Stamm ass glat a blénkeg roudelzeg-brong. D'Blieder si 5 bis 10 cm laang, 3 bis 7 cm breet, gréng gefierft, breet eefërmeg bis ronnelzeg oval, an uewe spatz... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R20

Luxembourg City Chambre des députés Nov 2009.jpg

D'Chambersgebai oder Hôtel de la Chambre des députés, ass dat Gebai um Krautmaart an deem d'Chamber, d'Legislativorgan vum Lëtzebuerger Staat, fir gewéinlech hir Sessiounen ofhält. Et ass un de Groussherzogleche Palais ugebaut.

Virun 1860 hat d'Chamber keng geregelt Plaz fir zesummenzekommen; dat geschouch entweder am Palais (deen deemools ë. a. och de Sëtz vun der Regierung war) oder am Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg. 1848 huet se sech souguer an der Ettelbrécker Primärschoul versammelt. An den 1850er Jore gouf kloer, datt eng definitiv Léisung misst fonnt ginn, och well de Palais ewell just nach fir de Groussherzog a seng Famill reservéiert sollt sinn. Dofir gouf 1857 den Architekt Antoine Hartmann gefrot, en neit Gebai z'entwerfen, dat an d'Plaz vun den Haiser Wirtgen, Baustert, Hernandez an Heynen komme sollt.

De Stil ass eng Mëschung aus neo-klasseschen, neo-goteschen an neo-renaissancen-Elementer... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R21

FRANK ZAPPA3.jpg

De Frank Vincent Zappa (21.12.1940 - 4.12.1993) war en US-amerikanesche Museker a Komponist. Hien huet sech en eegent musikalesch Universum geschaaft aus enger Mëschung aus Rockmusek, psychedeleschem Rock, Jazz, experimenteller Musek an zäitgenëssescher Klassik, vermëscht mat engem gudde Schotz De-Geck-mat-sech-selwer-Maachen, Humor a Performance-Konscht.

Uganks vun den 1960er Joren huet hien dacks mam Captain Beefheart zesumme gespillt. Seng éischt professionell Opname ware Soundtracke vu B-Filmer. An der Mëtt vun den 1960er Jore gouf hien de Gittarist vun der Grupp The Soul Giants, vun där hie séier de Chef gouf a s'an "The Mothers" ëmbenannt huet. 1966 koum den éischten Album vun der Band, Freak Out!, eraus.

Nieft der Rockmusek war den Zappa ëmmer och um Komponéiere vun zäitgenëssescher klassescher Musek intresséiert. Seng Plack Lumpy Gravy vun 1967 war eng éischt Verëffentlechung an déi Richtung. An den 1970er Joren huet hie sech an der éischter Hallschent méi a Richtung Jazz, duerno a Richtung Rock orientéiert... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R22

Bond, James Bond.png

Den James Bond ass e sophistikéierte britesche Spioun, deen vum Ian Fleming erfonnt gouf an an deem senge Bicher virkënnt (spéiderhin och an de Bicher vun aneren Auteuren). De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen Ornitholog James Bond benannt, mat der Begrënnung, "[his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed". De Bond huet de Codenumm "007", deen "double-ou seven" ausgeschwat gëtt, wat bedeit datt hien d'Autorisatioun huet, op senge Missioune Leit ëmzebréngen.

Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi e grousse Succès kennt. Si goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Marché bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op Filmer baséieren an e puer mat Original-Skripte mat dem Personnage.

Déi vill a verschidde James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geäennert: vu realistesche Spionagedramaen op Science Fiction hin zu Actionfilmer ... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R23

An der Uelzechtstrooss (2014).

D'Uelzechtstrooss ass eng Strooss zu Esch Uelzecht. Se huet hiren Ufank op der Stadhausplaz a leeft a südwestlecher Richtung iwwer d'Brillplaz ewech bis op de Prënzeréng. Si huet hiren Numm vun der Uelzecht, déi op hirer ganzer Längt ënnendrënner an engem zouene Kanal leeft. Dëse gouf tëscht 1885 an den 1910er Joren no an no ugeluecht, an de Laf vun der Uelzecht zum Deel ëmgeleet.

D'Uelzechtstrooss ass d'Haaptgeschäftsstrooss vun Esch a gouf bal op hirer ganzer Längt uganks vun den 1990er Joren als Foussgängerzon amenagéiert. Opfälleg sinn déi hellmof ugestrache stolen Dunnen, déi wéi Masten a reegelméissegen Ofstänn liicht ugewénkelt aus dem Buedem stinn.

D'Bebauung ass gréisstendeels aus den éischten 2 Jorzéngte vum 20. Jorhonnert, an esou fënnt ee vill intressant architektonesch Stiler aus där Zäit erëm ... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R24

A large neogobius melanostomus.jpg

D'Schwaarzmiergrondel (Neogobius melanostomus) ass e klengen europäesche Fësch aus der Famill vun de Gobiiden, dee souwuel am Schwaarzen- wéi och am Kaspesche Mier, an och am Brackwaasser vun de Flëss ronderëm déi zwee Mierer heemesch ass.

D'Schwaarzmiergrondel gouf ongewollt, wahrscheinlech mam Ballastwaasser vu Schëffer, verschleeft an huet sech duerno invasiv am Baltesche Mier, an enger Rëtsch vu mëtteleuropäesche Flëss, an och an de Groussen nordamerikanesche Séien, invasiv ausgebreet. Zu Lëtzebuerg ass d'Schwaarzmiergrondel zënter ongeféier 2010 iwwer de Rhäin an d'Musel agewandert an huet sech och do invasiv verbreet.

Am Duerchschnëtt si se ronn 15 cm laang, si kënnen awer och bis zu eppes iwwer 20 cm laang ginn. Um Réck an op de Kierpersäite si se onopfälleg beige-brong gefierft, de Bauch ass awer ganz wäiss. Laanscht d'Säitelinn ass eng Rei däischter Flecken ze gesinn. Op der viischter Réckefloss ass en opfällege ronne Fleck... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R25

Wegkreuz Grevenmacher CR143 02.jpg

E Weekräiz ass e Kräiz dat u Weekräizungen, op engem Wee oder enger Strooss, um Feld oder am Bësch stoe kann. Et kann aus verschiddene Materialer sinn, wéi Steen, Holz oder Metall.

Zu Lëtzebuerg gëtt et virun allem Weekräizer aus Steen, déi d'Form vun enger rechteckeger Sail hunn, mat uewendrop engem méi breede Kappstéck, op deem eng Kräizegungszeen duergestallt ass. Dacks ass eng Joreszuel an/oder eng Opschrëft ze gesinn. Op der Sail ass och muenchmol e Relief vun engem Hellegen oder et sinn aner Dekoratiounen ze fannen. Déi eelst sinn iwwer 400 Joer al. Zum Schutz géint d'Witterung goufe verschiddener vun hinnen an eng Weekapell gesat.

En etlech goufen opgeriicht fir un en Evenement dat op där Plaz war, z'erënneren... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Schabloun:AVDW R26

Belval 2013

Déi fréier Frichë vu Belval sinn 122,7 ha grouss a leien um Terrain vun de Gemengen Esch-Uelzecht a Suessem, laanscht d'franséisch Grenz, op de Flouere Belval a Laangwiss.

Do war knapps ee Joerhonnert laang d'integréiert Schmelz/Stol- a Walzwierk vun Arbed-Esch-Belval, déi 1909-1913 als Adolf-Emil-Hütte gegrënnt gi war. D'Nofolger-Gesellschaft ArcelorMittal bedreift haut nach en Elektro-Stoluewen an e Walzwierk um ëstlechen Deel vun deem Terrain. Deen am Weste gëtt, nodeems do 1996 dee leschten Héichuewen ausgemaach gouf, zanter 2001 duerch d'Gesellschaft Agora, an där de Staat an d'Arbed vertruede sinn, no engem Masterplang vu Jo Coenen & Co urbanistesch entwéckelt, fir dass um Enn eng 7.000 Leit do wunnen an der 25.000 do schaffen kënnen. Fir déi staatlech Infrastrukturen, haaptsächlech d'Gebaier vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation, ass de Fonds Belval, en ëffentlecht Etablissement, zoustänneg.

Zanter 2004 si Wunnengen, Geschäfter, Büroen, Erzéiungs- a Fuerschungsariichtungen entstanen, respektiv nach am Bau. 2015 ass d'Uni Lëtzebuerg an hiert neit Gebai, d'Maison du savoir, geplënnert... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Virdrun an dono

Schabloun:AVDW 1

Kurpark Munneref Al Thermen.jpg

D'Thermalbad Munneref (offiziell: Centre thermal et de santé de Mondorf-les-Bains) ass dat eenzegt Thermalbad zu Lëtzebuerg a läit zum gréissten Deel (37,38 ha) um Südostrand vun der Uertschaft Munneref an der Gemeng mat demselwechten Numm. E klengen Deel (5,25 ha) vum Domaine läit a Frankräich an der Gemeng Mondorff am Departement Moselle.

Vun 1841 bis 1846 sinn zu Munneref déi éischt Buerunge vun der Equipe vum Sachs Karl-Gotthelf Kind duerchgefouert ginn. Schonn d'Joer drop, 1847, gouf d'Munnerefer Thermalbad op Initiativ vum Munnerefer Notaire Jean-Pierre Ledure gegrënnt. Seng Duechter Amélie Ledure war déi éischt Kuristin. 1878 krut d'Uertschaft d'Recht fir sech Mondorf-les-Bains respektiv Bad Mondorf ze nennen.

1886 huet de Staat d'Thermalbad vun der Société anonyme des bains de Mondorf ofkaf, déi d'Handduch geschmass hat... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 2 De Minettstram war dee vum TICE-Syndikat bedriwwenen Tram, den tëscht 1927 an 1956 am Minett gefuer ass.

Den Deputéierten Xavier Brasseur huet de 24. Juni 1901 der Chamber e Gesetzesvirschlag gemaach, wou en de Bau vun engem elektreschen Tram proposéiert tëscht Esch, Rëmeleng, Téiteng an Diddeleng mat Niewelinne vun Diddeleng op Wuelmereng a vun Esch iwwer Däitsch-Oth op Micheville-Villerupt.

De 16. Juli 1909 ass vun der Regierung de Bau vu fënnef elektresche Schmuelspurlinnen am Minett genehmegt ginn. Den Deputéierte Brasseur huet den 28. Abrëll 1910 bei den Debatten en neie Gesetzesvirschlag gemaach mat Linne vun Déifferdeng iwwer Esch a Rëmeleng bis op Diddeleng. Als finanzielle Bäitrag vum Staat waren 1 Millioun Frang virgesinn. D'Chamber huet dës Propos den 12. Mee 1910 gestëmmt... > méi

Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 3

Cygnus constellation map.svg

De Schwan (Latäin Cygnus) ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator, dat besonnesch opfälleg um Summer- an Hierschthimmel ass.

Déi hellst Stäre forméieren e markant Kräiz um Himmel. Doduerch gëtt dat Stärebild och heiansdo nërdlecht Kräiz, als Géigestéck zum Kräiz vum Süden genannt. D'Stärebild soll e Schwan, dee flitt, duerstellen. Den hellste Stär α Cygni (Deneb) soll de Schwanz symboliséieren, an d'Stäre η an β (Albireo) de laangen, am Fluch virgestreckten Hals bilden. Am zentrale Stär γ Cygni setzen déi geschwonge Flilleken un.

Duerch d'Stärebild Cygni zitt sech dat hellt Band vun der Mëllechstrooss. Am Schwan ass och déi zweetstäerkst kosmesch Radioquell um Himmel. D'Radiosstralung geet vun enger aktiver Galaxis aus, déi den Numm Cygnus A huet.... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 4

Werschrummschlëff

Kleng Lëtzebuerger Schwäiz (Petite Suisse luxembourgeoise) ass den Numm vun enger Géigend am Oste vu Lëtzebuerg. Si ëmfaasst ënner aneren d'Uertschaften Iechternach, Bäerdref, Scheedgen, Konsdref, Beefort, Grondhaff a Mëllerdall. Hiren Numm huet se wéinst de Fielsen aus Lëtzebuerger Sandsteen, déi duerch Baachen a Flëss fräigeluecht goufen. Doduerch si Fielswänn, Hielen a Schlëff entstanen, déi d'Klammsportler, Natur- a Wanderfrënn gläichermoossen unzéien.

Den Numm gëtt et zanter den 1880er Joren. Géint Enn vun den 1990er Jore sinn am Tourismusberäich Bestriewungen opkomm, hien duerch d'Bezeechnung "Regioun Mëllerdall" (Région Mullerthal) z'ersetzen, wat net onëmstridden ass, well de Mëllerdall nëmmen e klengen Deel vun der "Petite Suisse" ass an deen neie Begrëff doduerch zu Konfusioune féiere kann.

D'Hielen a Fielsvirspréng an der Géigend hu schonn an der Alsteenzäit (50.000 v. Chr.) de Mënsche Schutz gebueden. Archeologesch Fondsaachen, wéi Feilspëtzten aus Feiersteen, mä och Rëtzen an de Fielswänn weisen drops hin, datt se och an der mëttlerer Steenzäit vu Jeeër bewunnt waren. Dem „eelste Lëtzebuerger“ säi Skelett (op zirka 6.100 v. Chr. datéiert), de sougenannte Loschbur-Mann, deen de 7. Oktober 1935 um lieu-dit Loschbour ënner engem Fielsvirsprong entdeckt gouf, kann haut am Naturmusée bewonnert ginn... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 5

Lady Rosa of Luxemburg

"Lady Rosa of Luxembourg" ass den Numm vun engem Konschtwierk, dat vun der kroatescher Kënschtlerin Sanja Ivekovic geschaaft gouf. Et representéiert eng verfriemt Replik vum Monument vun der Gëllener Fra (dofir och dacks "Gëlle Fra 2" genannt). 2001 huet et zu Lëtzebuerg fir zolidd Polemik gesuergt, wéi et knapps 50 Meter vum 'Original' ewech opgeriicht gouf, dat am Kader vun der Ausstellung Luxembourg, les Luxembourgeois am Stater Geschichtsmusée an am Casino Luxembourg.

D'Lady Rosa of Luxembourg ënnerscheet sech vun der Gëllener Fra an e puer wesentleche Punkten: D'Fraefigur (d'Gëlle Fra) erwaart, et gi keng zwéi Männer um Fouss vun der Sail, an den Text um Sockel ass geännert ginn.

Aussoe vun der Kënschtlerin no sollt dëst Konschtwierk dozou ureegen, iwwer d’Situatioun vun der Fra an eiser Gesellschaft nozedenken. Sou ass den Numm vum Konschtwierk eng däitlech Uspillung op d'Rosa Luxemburg, eng polnesch-däitsch Politikerin, déi ermuert gouf. Och de geännerten Text spillt do eng wichteg Roll... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 6

Manuskript "Hêmechssprõch"-Chamberried

De Caspar Mathias Spoo, gebuer de 7. Januar 1837 zu Iechternach a gestuerwen de 17. Mäerz 1914 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.

Zesumme mam André Duchscher huet hien d' Société Duchscher Frères et Spoo zu Wecker gegrënnt, eng Fabréck fir Aarbechtsgeschir. Nodeems en zwee Joer als Comptabel op der Diddelenger Schmelz geschafft hat, huet e sech 1888 selbststänneg gemaach an zu Esch-Uelzecht eng Quincaillerie mat Konstruktiounsatelier opgemaach: d'Maschinenfabrik Spoo & Co.

Do donieft huet hie sech politesch engagéiert. E gouf 1893 an den Escher Gemengerot an 1896 an d'Chamber gewielt. Als Éischten huet hien, zesumme mam Michel Welter, zu Lëtzebuerg moderne Walkampf gemaach. Hien huet sech fir d'allgemengt Walrecht, fir eng sukzessiv Besteierung a fir allgemeng Sozialversécherungen agesat.

De Spoo ass och fir seng Ried an der Chambersëtzung vum 9. Dezember 1896 bekannt, an där e fir de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen am Parlament plädéiert huet... > méi

Aner Artikel vun der Woch



Schabloun:AVDW 7

Brussels-Charleroi Canal in Anderlecht 2012-08.JPG

De Kanal Charleroi-Bréissel ass e Schëffskanal an der Belsch.

En ass zougelooss fir d'Schëffsklass IV bis 1.350 Tonnen a stellt de südlechen Deel vun der ABC-Verbindung duer. De Kanal, deen 68,202 km laang ass, huet säin Ufank zu Dampremy bei Charleroi um lénksen Uwänner vun der Sambre a säin Enn ass zu Bréissel ënner der Bréck déi vun der Place Sainctelette op de Square Sainctelette féiert.

Et ass e Scheetkanal deen de Baseng vun der Schelde mat deem vun der Sambre verbënnt. Iwwer de Canal du Centre, deen en Uschloss un de sougenannten Embranchement principal zu Houdeng-Goegnies huet, ass e mat Mons verbonnen, an doriwwer eraus beim Grand Large un de Kanal Nimy-Blaton-Péronnes an den Escaut am Südweste mat de franséische Stied Lille an Dunkerque.

Dat wichtegst Bauwierk um Kanal ass de Plan incliné vu Ronquières... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 8

Sprit of '76.2.jpeg

Den Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gouf vu 1775 bis 1783 tëscht den Dräizéng britesche Kolonien an Nordamerika an hirer Metropol, Groussbritannien, ausgedroen.

D'Englänner hunn d'amerikanesch Kolonisten, déi sech erhuewen hunn « insurgents » oder och « New England Patriots » gedeeft. Den amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gëtt als een Aspekt vun der Amerikanescher Revolutioun gezielt, déi de Vereenegte Staaten erlaabt huet, d'Autonomie z'erreechen, a republikanesch Institutiounen opzebauen. Als wichtege Grënnungsdatum vun der Geschicht vun dësem Land huet de Krich zanter 1777 aner europäesch Groussmiecht mat eragezunn, bei deene Frankräich eng grouss Roll gespillt huet.

De Krich goung mam Traité vu Paräis 1783 op en Enn, deen d'Onofhängegkeet vun de Vereenegte Staate vun Amerika unerkannt huet. 70.000 Loyalisten, déi zu Groussbritannie gehalen haten, hunn nom Krich missen d'Land verloossen, Déi meescht sinn a Kanada oder Groussbritannien ausgewandert, oder an d'britesch Kolonië vun der Karibik... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 9

Antoine Meyer 1829 Schrek Parnassus.png

Den Antoine Meyer, gebuer den 31. Mee 1801 an der Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 29. Abrëll 1857 zu Léck, war e Mathematiksprofesser an Auteur vun ë. a. dem éischte Buch op Lëtzebuergesch, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus, dat 1829 erauskoum.

Hie war Enseignant am Iechternacher Kolléisch, duerno op der Militärakademie zu Breda, an am Kolléisch zu Léiwen. 1832 huet hien en Doktorat an der Mathematik op der Universitéit zu Léck gemaach. Hien huet duerno ë. a. zu Bréissel op der Militärakademie an op der Université libre, an op der Universitéit vu Léck enseignéiert.

Well säi Buch dat éischt iwwerhaapt op Lëtzebuergesch war, huet de Meyer eng eegen Orthographie a Grammaire missen erfannen. 1832 huet hien zu Léiwen en zweete Band, Jong vum Schrek op de' Lezeburger Parnassus, drécke gelooss, an 1845 seng Gedichter nach eng Kéier, zesumme mat neien, als Luxemburgische Gedichte und Fabeln publizéiert. 1853 koum Oilzegt-Klang (Uelzecht-Klang) no an 1854 nach e kuerzt Règelbüchelchen vum Lezeburger Orthoegraf... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 10

Lellgen w.jpg

Lellgen ass eng Uertschaft an der Gemeng Kiischpelt mat 113 Awunner (2013). Virun 2006 huet Lellgen zu der Gemeng Wëlwerwolz gehéiert déi duerch d'Fusioun mat der Gemeng Kautebaach am Joer 2006 an den Numm Kiischpelt ëmgeännert ginn ass.

Lellgen läit am Dall vun der Klierf. Déi héchst Plaz beim Duerf ass mat 504 Meter um Pënzebierg op der Sektiounsgrenz mat Holztem. An der Uertschaft lafen d'Lellgerbaach an d'Pënscherbaach zesumme fir da ronn 100 Meter duerno an d'Klierf ze lafen. Aner Baachen um Territoire oder op der Grenz mat Lellgen sinn d'Hellbich, d'Jopich an d'Laaschterbaach.

Direkt laanscht d'Duerf leeft d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen. D'Gare Wëlwerwolz, déi knapps 1 km wäit ewech ass, gëtt am Stonnentakt ugefuer.

Den Ursprong vu Lellgen (Lellingen) geet wahrscheinlech op d'Zäit vun de Franken zréck, Et kann awer och sinn, datt den Uert well virdrun existéiert huet a vum réimesche Laellius ofgeleet ass. Reschter vun enger réimescher Mauer, Aulegeschir, Daach- a Buedemzille sinn op Bärel, engem Flouer bei Lellgen, fonnt ginn... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 11

Arbre-du-tenere-1961.jpg

Den Arbre du Ténéré ass e wichtegen Orientéierungspunkt quasi an der Mëtt vun der Ténéré-Wüst am Niger. Beim Arbre du Ténéré deelt sech d'Pist, déi vun Agadez kënnt, iwwer de Pëtz vun Achegour op Dirkou a weider südlech iwwer d'Oas Fachi op Bilma am Kaouar-Dall.

Ursprénglech war den Arbre du Ténéré eng Schiermakazie, déi als isoléiertste Bam vun der Welt gegollt huet - den eenzege Bam am Ëmkrees vu 400 km. D'Akazie gouf 1973 vun engem Camionschauffer ëmgerannt a gëtt haut am Nationalmusée vum Niger an engem eegene Pavillon ausgestallt... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 12

Weilerbacher Huette 2011-08.jpg

D'Weilerbacher Schmelz war eng kleng Schmelz fir Goss ze produzéieren an ze verschaffen, déi tëscht 1777 a 1779 vum Abt Emmanuel Limpach baue gelooss gouf an déi bis 1953 a Betrib war. Si war ënner anerem am Besëtz vun der Abtei Iechternach a vun der Famill Servais a stoung zu Weilerbach bei Bollenduerf an der Verbandsgemeng Irrel, direkt nieft dem Weilerbacher Schlass.

D'Schmelz war éischter eng Manufaktur wéi eng Schmelz am moderne Sënn. Se huet aus enger Eisegéisserei, engem Emailléierwierk an engem Vernéckelungsatelier bestanen. Donieft gouf et e mechaneschen Atelier an en Hummerwierk. D'Produktioun hat e grousse Volet. Et goufen Eisen- a Blechkonstruktiounen hiergestallt, wéi Brécken, Diech, Gelänneren, Millewierker, Transmissiounen, Pompelen, Kelteren a landwirtschaftlech Maschinnen. Kesseliewen, Camionsachsen, Buggien a Waasserrengerer hunn zu de Spezialitéite vum Wierk gehéiert.

1904 krut d'Wierk en Uschloss op der lëtzebuergescher Säit un d'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 13

Coeur-chouan.jpeg

De Krich an der Vendée war, an de Joren no der Franséischer Revolutioun, méi genee ënner der Éischter Republik, e Biergerkrich tëscht den Unhänger an de Géigner vun der Revolutioun, dee vum Joer I bis zum Joer VI gedauert huet.

Wéi iwwerall a Frankräich koum et tëscht 1789 a 1792 zu Opstänn vun der Landbevëlkerung. Duerch d'Levée en masse am Joer 1793 koum et zu enger richteger Revolt, déi och Opstand an der Vendée (Insurrection vendéenne) genannt gouf. Vun enger klassescher ländlecher Jacquerie huet sech dësen Opstand zu engem Géigerevolutionäre Mouvement entwéckelt.

De Krich, deen dräi Joer gedauert huet, hat verschidde Phasen, mat engem kuerze Fridden am Fréijoer 1795. Op en Enn gaangen ass den Opstand eréischt um Ufank vum Joer 1796 no ville Kämpf, Doudegen an Zerstéierungen... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 14

JSBach.jpg

De Johann Sebastian Bach, gebuer den 21. Mäerzjul./ 31. Mäerz 1685greg. zu Eisenach, a gestuerwen den 28. Juli 1750 zu Leipzig, war en däitsche Barock-Komponist, an een zu senger Zäit berühmten Organist an Cembalist. Hie war dat Jéngst vum Johann Ambrosius Bach a senger Fra Elisabeth hiren aacht Kanner. De Bach gëllt och nach hautdesdaags als ee vun de gréisste Komponiste vun der Welt deen déi méi spéit Musek staark beaflosst huet an deem seng Wierker op der ganzer Welt vertruede sinn.

Seng haiteg Berühmtheet huet hir Wuerzelen zum engen an der Tatsaach, datt seng Wierker (zesumme mat deene vum Heinrich Schütz an den Operen an Oratorie vum Georg Friedrich Händel) déi eenzeg Barockkompositioune waren, déi um Ufank vum 20. Joerhonnert a groussem Ëmfang iwwerliwwert waren, an zum aneren huet seng konsequent Uwendung vum Kontrapunkt, verbonne mat der Affektwierkung vu senger Melodik an der Harmonik, op méi spéit Komponisten eng grouss Wierkung ausgeübt. Zanter dem 19. Joerhonnert schätze kierchlech Kreesser dem Bach seng geeschtlech Musek virum allem wéinst hirer staarker Reliéisheet. Am 20. Joerhonnert hu sech déi grouss Symphonieorchesteren an hir berühmt Dirigenten ëmmer méi sengem Instrumentalwierk ugeholl... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 15

Pectinatella magnifica 8568.jpg

D'Pectinatella magnifica ass e Séisswaassermoosdéierchen, dat a Séien a Weieren oder a rouege Flëss virkënnt. Et bilt massiv, glëtscheg Kolonien, déi sech wéi Jelli ufillen, mä awer fest sinn.

Sou eng Kolonie, Zoarium genannt, besteet virun allem aus enger gelatinéiser Mass (kee Gelatine!) ronderëm déi sech déi nëmmen ongeféier 3 Millimeter grouss Eenzeldéiercher (oder Zooiden) verdeelen. Dës Zooide gruppéiere sech zu 12 bis 18 Individuen a bilden eng Aart Rosett.

D'Pectinatella magnifica staamt aus Nordamerika, a gouf wahrscheinlech ëm 1880 am Ballasttank vun engem Schëff an Europa importéiert. Vun Hamburg aus huet si sech no an no verbreet; am Summer 2012 gouf se och am Stauséi vun Esch-Sauer fonnt. ... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 16

Thondon entertainment.jpg

Stille dage i Clichy ass en dänesche Film vum Jens Jørgen Thorsen aus dem Joer 1970. Et ass eng Adaptatioun vum Henry Miller sengem Roman Quiet Days in Clichy aus dem Joer 1956.

Wéi och am Miller sengem Roman beschreift de Film d'Bohème-Liewe vun zwéin Amerikaner zu Paräis, déi sech et do mat Prostituéierten a Gesëffs, dat Ganzt mat e puer Liewensweisheete vereedelt, gutt goe loossen. A wéi och am Roman gëtt et eng Episod, an där déi zwéi fir e Week-end en Ausfluch op Lëtzebuerg maachen. Allerdéngs spillt de Film an der Géigewaart (deemno 1970), während d'Buch uganks vun den 1930er Jore spillt, déi Zäit, wou de Miller selwer zu Paräis gewunnt huet.

Zu Lëtzebuerg huet de Procureur d'État de Film den 18. Januar 1972 wéinst Verbreedung vun "Obszönitéit" saiséiere gelooss an domat eng hefteg Diskussioun ausgeléist... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 17

MSL-complete.jpg

Mars Science Laboratory (kuerz MSL) ass eng NASA-Missioun, déi als Zil huet, de Mars z'erfuerschen, ob a wéi wäit een en als Biosphär benotze kéint. Dofir gouf op senger Surface e Rover mam Numm Curiosity (engl. fir Virwëtz) ausgesat, dee praktesch autonom schaffe kann. En ass mat zéng Instrumenter equipéiert, fir ë. a. Gestengs, Atmosphär a Stralung z'analyséieren. Nieft Spektrographe kommen och Kameraen a meteorologesch Instrumenter zum Asaz. D'Donnéeë ginn op d'Äerd gefunkt. De Curiosity huet eng Mass vu knapps 900 kg an d'Gréisst vun engem klengen Auto; et ass dee bis ewell gréissten Objet, deen d'Mënschen op der Marsuewerfläch deposéiert hunn.

De 26. November 2011 um 15:02 UTC war d'Sond u Bord vun enger Atlas V(541) vun der Cape Canaveral Air Force Station aus gestart, an de 6. August 2012 um 05:31 UTC um Mars gelant... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 18

Luxembourg City Centre E Hamilius from rue Aldringen.jpg

De Centre Émile-Hamilius war e Verwaltungsgebai vun der Stad Lëtzebuerg, am Zentrum vun der Stad, op der Plaz mam selwechten Numm (Place Émile-Hamilius), tëscht dem Boulevard Royal an der Rue Aldringen. De Centre Hamilius an d'Plaz sinn nom Émile Hamilius, dem fréiere Buergermeeschter (1946-1963) vun der Stad genannt.

D'Gebai huet 1977 seng Dieren opgemaach a gouf den 9. Mäerz 1979 offiziell ageweit. Bekannt war et virun allem wéinst dem Bierger-Center vun der Stad, deen do vun 2001 bis Enn 2011 funktionéiert huet, an och der Stater Bibliothéik (vun 1978 bis 2008).

Nodeem et, zesumme mat Nopeschhaiser, 2015 ofgerappt gouf, gëtt an de Joren duerno amplaz en neit Büros-, Geschäfts- a Wunnhaus mam Numm Centre Royal-Hamilius gebaut... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 19

Melusinediscovered1.jpg

Melusina ass den Numm vun enger weiblecher Seechefigur, déi hallef Mënsch, hallef Fësch ass. Verbreet sinn d'Soe vun der Melusina (och: Mélusine, Melusine) a Frankräich, an Däitschland an och zu Lëtzebuerg, wou s'allkéiers dem lokale Kolorit ugepasst goufen.

D'Melusina gëtt no eeleren Usiichten mat der Artemis oder der Melissa a Verbindung bruecht, vläicht och mat der syrescher Gëttin Derketo, déi de Grof Guy de Lusignan 1102 op sengem Besëtz op Zypern kenne geléiert kéint hunn.

Déi eelst Melusine-So ass aus Frankräich bekannt. Tëscht 1392-1394 huet de Jean d'Arras Mélusine ou La Noble Histoire de Lusignan geschriwwen, wouran och de Roman de Melusine virkënnt, déi op nach méi aler mëndlecher Iwwerliwwerung berout... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 20

Wëll Lann.jpg

D'Wëll Lann vu Kënzeg ass eng Wanterlann (Tilia cordata), där hiren Alter op ronn 500 Joer geschat gëtt, woumat si ee vun deenen eelste Beem zu Lëtzebuerg ass. Si steet zu Kënzeg nieft der Maximäin-Kapell aus dem Joer 1732, net wäit vun der aler Gare vun der Atertlinn ewech.

Den Ëmfank vum Bam, op Broschthéicht gemooss, war ëm d'Joer 2000, 6,93 Meter, bei enger Gréisst vun 23 Meter. Domat ass et déi déckst Lann zu Lëtzebuerg.

Bei engem schroen Donnerwieder mat vill Wand a Knëppelsteng ass de 25. Juni 2006 deen déckste vun deenen zwéin Haaptäscht ewechgebrach, sou datt och déi aner Äscht zréckgeschnidden hu misse ginn, an nëmme méi de Stamm an en Deel vun deem aneren Haaptaascht iwwreg blouwen... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 21

Greek-Persian-2.jpg

D'Perserkricher waren am 5. Joerhonnert v. Chr. d'Versich vun de persesche Grousskinneken Dareios I. a Xerxes I., duerch militäresch Gewalt dat antikt Griicheland un hiert Räich unzeglidderen. Dës Entreprise hat, obschonn d'Perser bei wäitem iwwerleeë waren, keen Erfolleg. Vun de Griichen, déi gewonnen haten, gouf déi erfollegräich Verdeedegung vun hirem Mammeland, an och d'Affer déi si gefuerdert huet, séier zu engem nationale Mythos erhuewen, dee sech och an Theaterstécker wéi D'Perser vum Aischylos ausgedréckt huet. Dëse Mythos huet deelweis bis an d'20. Joerhonnert iwwerlieft, a gouf historesch dacks als Verdeedegung vun der Fräiheet vum Okzident géint orientalesch Despotie a Gewaltherrschaft ëmgedeit.

Ausgeléist goufen d'Perserkricher duerch déi sougenannt Ionesch Revolt. Als Héichpunkter zielen d'Schluecht vu Marathon am éischten, an d'Schluecht vu Salamis am zweete Perserkrich. D'Néierlag vun de Perser hat grouss Auswierkungen op déi weider persesch a griichesch Geschicht. Déi wichtegst zäitgenëssesch Source fir d'Evenementer ass den antiken Historiker Herodot, och wann een him net ëmmer all Wuert gleewe kann... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 22

Raymondpetit.jpg

De Raymond Petit, gebuer de 16. Januar 1920 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Abrëll 1942 zu Bäerdref, war e lëtzebuergesche Student a Resistenzler, deen ënner den Aliassen AC13 oder Fernand Schmitt gewierkt huet.

Hien huet am September 1940, ënnerstëtzt, ënner anerem, vu sengem Frënd Erny Gillen, zu Iechternach d'Resistenzorganisatioun L.P.L. gegrënnt. Hie gouf vun den Nazie verfollegt an huet sech, op der Flucht virun der Gestapo, den 21. Abrëll 1942 d'Liewe geholl.

Fir un hien z'erënneren, gouf 2008 zu Bäerdref eng Strooss no him genannt an e Monument opgeriicht... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 23

Russkiy iazyk Azbuka Burtsov.svg

D'Grammaire vun der russescher Sprooch charakteriséiert sech besonnesch duerch den Deklinatiounssystem, deen aus sechs Fäll besteet, an dem Zwéin-Aspekte-System vun de Verben ("ofgeschloss" an "net ofgeschloss").

D'Wierder gi staark flektéiert, wéi am Latäin an am Griicheschen, an hir Betounung spillt eng wichteg Roll.

Am Russesche gëtt et männlech, weiblech a sächlech Substantiven. Si ginn a sechs Fäll deklinéiert, an der Eenzuel an an der Méizuel. Doriwwer eraus ënnerscheet een am Russeschen nach tëscht liewegen an net liewege Substantiven. Déi lieweg Wierder bezeechnen eng Persoun, Mënschen, Déieren, Engelen, Gott etc. Déi net lieweg Substantiven designéieren Objeten an abstrakt Substantiven. Dës Andeelung huet e klengen Afloss op Deklinatioun.

Am Russesche gëtt et och vill friem Aflëss aus anere Sproochen. Dës Substantive ginn heiansdo net deklinéiert a sinn invariabel, souwuel an der Eenzuel wéi och an der Méizuel... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 24

Stolleneigang.JPG

D'Walfer Gipsgrouwe si Galerien ënner dem Buedem, an der Gemeng Walfer, wou fréier Gips ofgebaut gouf.

Et ass net bekannt, wéini mam Ofbau vum Gips ugefaange ginn ass. Et ass gutt méiglech, datt d'Réimer, déi am Uelzechtdall gewunnt hunn, Gips vun do gebraucht hunn, fir hir Haiser ze bauen.

1869 koum d'Famill Irthum an de Besëtz vun den Terraine mat de Gips-Gisementer zu Heeschdref a Walfer. Se hunn ugefaangen de Gips industriell ofbauen ze loossen, fir d'éischt am Tagebau. Méi spéit gouf ënner dem Sonnebierg eng Galerie gegruewe fir de Gipsofbau. Et gouf zwou Entréeën dovun: eng an der haiteger Mercatoris-Strooss, déi fréier Gipswee genannt gouf, an eng um Wupp vun der Prince-Henri-Strooss.

Um Enn haten d'Grouwen eng Längt vun am Ganze 16 km vun deenen der 12 mat Schinnen equipéiert waren. An der Mercatoris-Strooss goufen d'Buggie mat Gipssteng vu Mënschekraaft beweegt, um Sonnebierg koum eng Dampmaschinn zum Asaz. Am Ganze ware ronn 25 Leit zu Walfer an zu Heeschdref beschäftegt... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 25

Erënnerungstafel Fluchhafen Esch

De Fluchhafe vun Esch-Uelzecht gouf 1937 ugeluecht a war bis 1954 a Betrib. Et war deen éischten offizielle Fluchhafen zu Lëtzebuerg.

1928 hat de Lëtzebuerger Fluchpionéier Lou Hemmer erkannt, datt sech déi grouss Wiss un der nërdlecher Stadgrenz vun Esch-Uelzecht, um Flouer Lankhëlz, do wou haut de Quartier Cinquantenaire ass, gutt fir Fluchzwecker géif eegnen. 1929 koum et dunn zur Grënnung vum Veräin Escher Aéro-Club (ACE). Den 12. Mee 1929 gouf do vun deem Veräin a Presenz vun Dausende vu Virwëtzegen en éischte Fluchmeeting ofgehalen. Vun do un huet en all Joer sou ee Meeting organiséiert, bis en, no zwéi déidlechen Accidenter 1935, seng Aktivitéiten opgehalen huet.

1936 gouf en neie Veräin Aéro-Club du Bassin Minier (ACBM) gegrënnt, deen um Ausbau vum Escher Fluchfeld matgehollef huet. Et gouf och eng Fluchhafegesellschaft gegrënnt, d'Société anonyme pour l'aménagement et l'exploitation de l'aérodrome d'Esch-sur-Alzette. Dat primitiivt Fluchfeld gouf zu engem Fluchhafen ausgebaut an eng Fluchhal vu 24 x 14 Meter opgeriicht... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 26

Budapest Panorama 1.jpg

D'Donau ass, mat ongeféier 2857 km, no der Wolga den zweetlängste Stroum an Europa. No Däitschland an Éisträich fléisst si nach duerch aacht weider europäesch Staaten a leeft am Donaudelta an d'Schwaarzt Mier.

D'Donau ass deen eenzege groussen europäesche Floss, dee vu Westen no Oste fléisst. Se huet en Anzuchsberäich vun ongeféier 817.000 km². Och wann den ieweschte Laf vun der Donau haut verhältnesméisseg méi kleng ass, ass d'Donau geologesch méi al wéi de Rhäin, mat deem hiert Anzugsgebitt am haitege Süddäitschland konkurréiert. Bei Immendingen kënnt et am ieweschte Flosslaf zu der Donauversickerung. Do versickert e groussen Deel vum Donauwaasser am Buedem a kënnt iwwer Hielen am Karststeen an den Aachtopf, dee méi déif läit, an deen dann an de Rhäin leeft. Well dëse grousse Montant un ënnerierdeschem Waasser sech zugläich méi a méi an de Kallekstee frësst, gëtt ugeholl, datt d'iewescht Donau enges Daags komplett zugonschte vum Rhäin verschwanne wäert.

Bis kuerz hanner Wien huet de Stroum éischter de Charakter vun engem Biergfloss, eréischt duerno wandelt en sech lues a lues zu engem Déiflandfloss... > méi

Aner Artikele vun der Woch

Schabloun:AVDW 27

Battle-of-Fontenoy.jpg

Den Éisträicheschen Ierffollegkrich ass 1740 nom Doud vum Keeser Karl VI. ausgebrach, an huet bis 1748 gedauert.

Am Joer 1740 war et mam Doud vun zwéi groussen Herrscher eriwwer mam Gläichgewiicht an Europa. Nom Doud vum Friedrich Wilhelm I. vu Preise goung d'Kroun u säi Bouf, de Friedrich II., deemools 28 Joer jonk, deen de Ruff vun engem "Bel Esprit" hat, a sech haaptsächlech mat Museker, Philosophen a Poeten ofginn huet, also als "ongeféierlech" gegollt huet. Den Doud vum Keeser Karl VI. war do scho méi problematesch. D'Pragmatesch Sanktioun, duerch déi seng Duechter Maria Theresia sollt d'Territoiren vun der Monarchie ierwen, gouf net vun allen europäeschen Herrscher unerkannt. De gréisste Problem war net, wat si ierwe sollt, mä wien alles dovu profitéiere géif. Bestuet war d'Maria Theresia nämlech mam François III. vu Loutrengen, an duerch d'Ierfschaft hat dësen eng Chance zum Keeser gewielt ze ginn. Fir Frankräich hätt dat d'Habsburger als direkt Nopere bedeit, wat et op kee Fall wollt. Doriwwer eraus haten de Friedrich vu Preisen an de Karl Albrecht, Kurfürst vu Bayern hir eege Meenungen wéi den Territoire am beschte kéint opgedeelt ginn.

Dem Friedrich II. säin Ugrëff op Schlesien am Dezember 1740 huet de Krich provozéiert. De jonke Kinnek vu Preisen huet de Moment ausgenotzt fir seng eege Lännereien op Käschte vun Éisträich ze vergréisseren, dat duerch d'Ierffolleggedeessems geschwächt war... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 28

EisLaMi1.JPG

De Bësch zu Lëtzebuerg bedeckt eng Fläch vun 89.150 Hektar, dat si 34,3 % vun der Fläch vum Land.

Jee no Géigend weisen d'Bëscher typesch Charakteristiken op, an et kann ee se an dräi grouss Regiounen opdeelen: Déi héich Ardenne mat Bichebëscher, d'Tëschenzon mat verschiddene Bëscher, an de Museldall mat sengen thermophile Bëscher.

70 % vun de Beem an de lëtzebuergesche Bëscher si Lafbeem, wourënner Bichen (29,9 %) an Eechen (28,1 %) déi geleefegst sinn. Vun den Nolebeem ass d'Fiicht mat 22,9 % déi heefegst Aart. Nieft deenen dräi Aarte sinn eng grouss Zuel un anere Bamzorten an de lëtzebuergesche Bëscher ze fannen, notamment den Alenter, d'Hobich, d'Vullekiischt, d'Lann oder de Spirebam.

Am 1. Joerhonnert v. Chr. huet de Bësch vum haitege Lëtzebuerg zu engem zesummenhängende grousse Massiv gehéiert, dat sech vu Reims bis op Köln gezunn huet. Eng ronn 150 Joer duerno ware scho grouss Deeler tëscht de Vogesen an den Ardennen net méi matenee verbonnen... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 29

Den Udo Jürgens an d'France Gall, Gewënner 1965 an 1966.

Den Eurovision Song Contest (ofgekierzt: ESC, fréier besser bekannt als Grand Prix Eurovision de la Chanson) ass en internationale Musekconcours fir Komponisten a Lidderschreiwer, deen zanter 1956 all Joer vun der European Broadcasting Union organiséiert gëtt. Grondsätzlech kënnen all Memberlänner vun der EBU, zu där och e puer asiatesch an afrikanesch Staate gehéieren, matmaachen, andeems se ee Lidd an d'Course schécken.

De Concours gëtt normalerweis an deem Land organiséiert, dat de Grand Prix am Joer virdru gewonnen hat. Den Oflaf vun de Sendungen ass zimlech standardiséiert: Am éischten Deel presentéieren d'Interpreten hir Lidder. No enger Paus gëtt dann d'Punkteverdeelung vun alle bedeelegte Länner bekannt ginn. Zum Schluss däerf de Gewënner säi Lidd eng zweet Kéier presentéieren.

Lëtzebuerg huet vun Ufank u bis 1993 matgemaach an am Ganze fënnefmol gewonnen... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 30

HinzertMemorialWercollier02.jpg

De Lucien Wercollier, gebuer de 26. Juli 1908 zu Hollerech a gestuerwen de 24. Abrëll 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sculpteur, dee vun 1958 un um Briddel geschafft huet. Hie gëllt ass dee bedeitendste lëtzebuergesche Sculpteur vum 20. Joerhonnert.

Seng Skulpture sinn aus Holz a Steen, virun allem awer aus Bronze, Marber, Alabaster an Onyx.

Wierker vun him sinn ë. a. an de Muséeën zu Lëtzebuerg (Nationalmusée fir Geschicht a Konscht), Metz, Paräis (Musée national d'art moderne), Jerusalem (The Israel Museum), Washington D.C. (J.-F. Kennedy Center for Forming Arts) an Oxford am Ohio (Miami University Art Museum) ze gesinn.

Dem Wercollier seng éischt Aarbechte ware figurativ, vun 1952 bis 1955 awer goung hie ganz zu der abstrakter Skulptur iwwer, an där hie vum Constantin Brancusi a Jean Arp beaflosst gouf... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 31

Jeunesse Esch

D'Jeunesse Esch (offiziell A.S. la Jeunesse d'Esch/Alzette) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Esch-Uelzecht. De Veräi gouf den 13. August 1907 als Football and Lawntennis Club Jeunesse de la frontière Esch/Alzette gegrënnt. 1920 krut de Club säin haitegen Numm.

D'Escher Jeunesse ass ee vun den eelsten, a mat ee vun de renoméierste Lëtzebuerger Foussballclibb. D'Jeunesse war vun Ufank un am nationale Championat mat dobäi (éischt Saison 1909/10) an huet bis op e puer seele Kéieren an der ieweschter Divisioun gespillt. D'Jeunesse ass mat zolittem Virsprong a mat 11 éischte Plazen, Lëtzebuerger Rekordmeeschter.

Déi éischt Veräinsequipe war bis ewell 28-mol Champion a koum 12-mol op eng zweet Tabelleplaz. Déi Escher stoungen och 23-mol an der Finall vun der Coupe de Luxembourg an hu se dovun 12-mol gewonnen. Nëmmen de fréieren Déifferdenger Veräin d'Red Boys huet d'Coupe nach méi dacks (15x) mat heem geholl. Am Ganzen huet d'Jeunesse aacht mol den Doublé (Champion a Coupe) gemaach, och dat ass en nationale Rekord... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 32

Luxembourg City pharmacie des Maures 01.jpg

D'Mouerenapdikt war eng stadbekannten Apdikt op der Nummer 8 an der Groussgaass an der Stad Lëtzebuerg, op der Plaz vum Roude Pëtz, um Eck vun der Groussgaass an der Casinosgaass. Si huet vum Ufank vun den 1950er Jore bis 2007 op dëser Plaz bestanen.

Déi zwou Keramike lénks a riets vun der Entrée stelle jee e Mouer duer. Si goufe vum Léon Nosbusch geschaaft, wahrscheinlech kuerz nodeem d'Mouerenapdikt, déi virdrun an engem Gebai nobäi installéiert war, sech op dëser Plaz etabléiert hat. D'Entrée vum Gebai mat deenen zwou Keramike koum den 8. Mee 2009 op den Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter a blouf beim Ëmbau vum Gebai erhalen.

Wéi et zum Numm "Mourenapdikt" koum, doriwwer ginn et verschidden Theorien... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 33

Eisbaer zoom.jpg

Den Äisbier (Ursus maritimus), och Polarbier genannt, ass e Fleeschfrësser aus der Famill vun de Bieren (Ursidae). E lieft an den nërdleche Polarregiounen an ass enk Famill mam Bronge Bier. En ass nieft de Kamtschatkabieren an de Kodiakbieren ee vun de gréisste Fleeschfrësser op der Äerd.

Männlech erwuesse Polarbieren erreechen an der Moyenne eng Kapp-Romp-Längt vun 2,40 bis 2,60 Meter, an Eenzelfäll souguer bis 3,40 Meter; d'Schëllerhéicht ka bis zu 1,60 m sinn. D'Gewiicht variéiert tëscht 300 an 800 (am Duerchschnëtt 420 bis 500) kg. D'Gewiicht hänkt vill vum Ernierungszoustand vum Déier of: am Summer weien auserhéngert Äisbieren däitlech manner wéi während der Robbejuegd am Wanter.

De gielzeg-wäisse Pelz ass am äisegen Ëmfeld e gudde Camouflage. En ass och nach ganz dicht, ueleg- a waasserofweissend. Erwuesse Polarbieren hunn eng 5 bis 10 cm déck Fettcouche ënner dem Pelz. Déi baussenzeg Pelzhoer vum Äisbier sinn huel, wat zousätzlech fir eng exzellent thermesch Isolatioun suergt... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 34

Schortgen Grafsteen w 348.jpg

De Jean Schortgen, gebuer de 17. Februar 1880 zu Téiteng an do gestuerwen den 1. Mee 1918 bei engem Accident an der Minière "Brommeschbierg", war e lëtzebuergesche Biergaarbechter, Gewerkschaftler a Politiker.

Hien ass ganz fréi zu der Sozialdemokratescher Partei gestouss. Spéitestens am Juni 1902 gouf et zu Téiteng eng sozialdemokratesch Sektioun, an de Schortgen war Member dovun. Vun 1904 bis 1912 war de Schortgen Member vun der Parteidirektioun. An der Gewerkschaftbewegung huet hien allerdéngs keng Roll gespillt. No de Wale vum Juni 1914 war hien deen éischten Aarbechter, deen an d'Chamber gewielt gouf. Bei de Chamberwale vum 23. Dezember 1915 gouf hien erëmgewielt.

No sengem fréizäitegen Doud gouf den 2. Mee 1920 um Téitenger Kierfecht e Monument ageweit. D'Monument aus Sandsteen ass vum italienesche Kënschtler Duilio Donzelli vun Esch-Uelzecht geschaaft ginn. > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 35

Nuclear power plant-pressurized water reactor-PWR.png

De Projet vun enger Atomzentral zu Remerschen stoung tëscht 1973 an 1979 dacks am Mëttelpunkt vun der politescher Diskussioun zu Lëtzebuerg.

E war vun der Regierung Werner-Schaus II initiéiert ginn. Si hat de 16. Juli 1973 e Memorandum of understanding mat der RWE Essen ënnerschriwwen, an deem festgehale war, eng Etude de faisablilité maachen ze loossen, fir op Lëtzebuerger Territoire, laanscht d'Musel zu Remerschen, eng Atomzentral vun enger Leeschtung vun 1.200 Megawatt ze bauen. Se sollt vun enger Firma no Lëtzebuerger Recht geplangt, gebaut a spéider bedriwwe ginn, an där de Lëtzebuerger Staat an d'RWE jee d'Hallschent vun de Parten hätten.

Déi Gesellschaft gouf den 30. Januar 1974 ënner dem Numm Société luxembourgeoise d'énergie nucléaire S.A. (kuerz: Senu) gegrënnt, an huet gläich mat de Viraarbecht vun de Pläng ugefaangen. Fir d'Resultater, déi se virleeë géif, objektiv z'iwwerpréiwen, huet de Gesondheetsminister Camille Ney den TÜV Rheinland domat chargéiert, d'technesch Spezifizéierungen, déi an den Appel d'offre sollte kommen, op hir Sécherheetsrelevanz z'iwwerpréiwen... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 36

Fonts-A.jpg

D'Luxemburger Wörterbuch ass en Dictionnaire vun der Lëtzebuerger Sprooch, deen tëscht 1950 an 1975 an 23 Fasciculen (mat engem Ergänzungsband 1977) erauskomm ass.

Et ass dëst, nom Lexicon der Luxemburger Umgangssprache vun 1847 an dem Wörterbuch der luxemburgischen Mundart vun 1906, deen drëtten a bis ewell gréisste lëtzebuergeschen Dictionnaire.

Seng Ufänk leien am Joer 1935, wou vu staatlecher Säit eng sougenannt Dictionnaires-Kommissioun agesat gi war, déi bannent der linguistescher Sektioun vum Institut grand-ducal geschafft huet. 1939 war d'Dictionnaires-Kommissioun souwäit domat fäerdeg, d'Wierder ze "sammelen". Mä wéinst dem Zweete Weltkrich huet et bis 1948 gedauert, bis d'Aarbechte konnte virugoen. An deem Joer ass eng nei Dictionnaireskommissioun vun der Regierung Dupong-Schaus an d'Liewe geruff ginn.

Am Februar 1950 ass dann déi éischt Liwwerung, vun A bis Aaschtert, erauskomm. Fir de Saz an den Drock war d'Dréckerei Linden zoustänneg... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 37

Koffergrouf--bannenan--w.jpg

D'Koffergrouf vu Stolzebuerg war eng Minière, an där bis 1944 Koffer ofgebaut gouf. Si läit annerhallwe km nordwestlech vu Stolzebuerg, am Dall vun der Klangbaach, ënner dem Goldbierg, a kann zanter 2000 nees deelweis besicht ginn.

D'Grouf geet, op 12 Stäck, bis zu 169 m ënner de Buedem. Déi längst Galerie, um 9. Stack, ass 400 m laang.

Wahrscheinlech hate schonn zu der Zäit vun de Kelten a vun de Réimer d'Leit Koffervirkommen do entdeckt an ofgebaut. Déi éischt schrëftlech Mentioun vun der Grouf ass vu 1717 a geet ëm d'Konzessioun vun Ofbaurechter. Bis zum Enn vum 18. Joerhonnert huet d'Grouf e puermol hire Proprietär gewiesselt. Déi éischt begleewegt Konzessioun gouf 1749 dem Franz Eduard Anton, Freiherr von Stolzemburg, zougesprach. No deem sengem Doud, 1755, war d'Grouf fir 9 Joer ausser Betrib. Da krut e gewëssen Thilman Steyer vun Tréier, d'Exploitatiounsrecht. Aus finanzielle Grënn huet hie sech mam Antoine Pescatore aus der Stad Lëtzebuerg associéiert. Vu 1768 bis 1773 war de Pescatore eenzege Konzessionär. Duerno louch d'Grouf erëm während Jore brooch... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 38

Laser Towards Milky Ways Centre.jpg

De Paranal-Observatoire ass en astronomeschen Observatoire an der Atacamawüst am Norde vum Chile, um Bierg Cerro Paranal, ongeféier 120 km südlech vun der Stad Antofagasta an 12 km vun der Pazifikküst ewech. Den Observatoire gëtt vum Europäesche Südobservatoire (ESO) bedriwwen an ass d'Standplaz vum Very Large Telescope (VLT) a vum Very Large Telescope Interferometer (VLTI). Zousätzlech ginn d'Surveyteleskope VISTA a VST gebaut.

D'Atmosphär iwwer der Spëtzt vum Bierg zeechent sech duerch eng dréchen an aussergewéinlech roueg Loftstréimung aus, wat de Bierg zu enger attraktiver Plaz fir den Observatoire mécht. D'Spëtzt gouf an de fréien 1990er Jore vu senger ursprénglecher Héicht vun 2.660 op 2.635 Meter erofgesprengt, fir e Plateau fir de VLT ze schafen.

De Paranal läit wäit vun den Haaptverkéiersstroossen ewech. Den Observatoire ass vun Antofagasta aus nëmmen duerch eng Faart vun e puer Stonnen z'erreechen. Et gëtt keng Versuergungsleitungen op Paranal, all Verbrauchsgidder musse lokal gemaach oder stockéiert ginn... >méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 39

K.Schumacher.jpg

De Kurt Schumacher, gebuer den 13. Oktober 1895 zu Culm a Westpreisen, haut a Polen, a gestuerwen den 20. August 1952 zu Bonn, war en däitsche Politiker.

Hie war vun 1946 bis 1952 Parteipresident vun der SPD an SPD-Fraktiounspresident am éischten Däitsche Bundestag vun 1949 bis 1952.

De Kurt Schumacher huet an der Zäit vun 1945 bis 1949 den Toun uginn wéi et dorëms gaangen ass d'SPD a Westdäitschland erëm opzebauen. An den éischte Jore vun der Bundesrepublik war de Schumacher de grousse politesche Géigespiller vum Konrad Adenauer. Och wann dem Schumacher seng politesch Virstellungen op laang Siicht zum gréissten Deel en Echec waren, gehéiert hien dach zu deene Leit, déi Gründerväter vun der Bundesrepublik Däitschland genannt ginn... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 40

Maquette du Camp de Thil.jpg

D'KZ-Niewelager Thil an der franséischer Gemeng Thil am Departement Meurthe-et-Moselle war eent vun den Niewelager vum KZ Natzweiler-Struthof.

Nodeem d'Englänner an der Nuecht vum 17. op den 18. August 1943 déi däitsch Heeresversuchsanstalt Peenemünde am Norde vun der Insel Usedom bombardéiert haten, gouf d'Masseproduktioun "V1"-Fluchbomm an ënnerierdesch Fabrécke verluecht, fir déi nei Standuerter gesicht goufen. Een dovu war d'Minière vum "Syndicat de Tiercelet" zu Thil.

Am Fréijoer 1944 huet d'Organisatioun Todt mat Hëllef vun Zwangsaarbechter a Krichsprisonéier vu villen Natiounen mat dem Opbau ugefaangen. Dorënner ware 500 ungaresch Judden, déi aus dem KZ Auschwitz koumen... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 41

Schloss Karlsruhe 2016-05.jpg

Karlsruhe ass eng kreesfräi Stad a Baden-Württemberg. Historesch ass Karlsruhe Haapt- a Residenzstad vum fréiere Land Baden. D'Stad gëtt am Norden, Osten a Süde vum Landkrees Karlsruhe an am Weste vum Rhäin begrenzt, deen hei d'Grenz mat Rheinland-Pfalz mécht. Karlsruhe ass no Stuttgart a Mannheim déi drëttgréisst Stad vu Baden-Württemberg an huet eng Fläch vun ongeféier 173 km². Zanter 1950 ass Karlsruhe Sëtz vum Bundesgerichtshof an zanter 1951 vum Bundesverfassungsgericht, dowéinst huet d'Stad de Bäinumm Residenz des Rechts.

D'Bannestad gouf bei der Stadgrënnung 1715 geplangt. Am Zentrum steet den Tuerm vum Karlsruher Schlass am Schlassgaart. Dësen huet d'Form vun engem Krees an eng Strooss, den „Zirkel“ geet ronderëm. Fir ze baue goufe streng Richtline virginn, besonnesch, wat d' Bauhéicht ugeet, fir de Gesamtandrock vun der Stad méi eenheetlech ze maachen... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 42

Vestingwerken Luxemburg (6).jpg

De Rumm-Plateau ass eng Héicht ëstlech vum Stadkär vun der Stad Lëtzebuerg, op deem e gréisseren Areal läit, dee vum Bau vun der Wenzelsmauer bis zum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg exklusiv militäresch benotzt gouf. De Plateau gëtt duerch den Uelzechtdall zu dräi Säiten hi begrenzt. E gouf vum Enn vum 14. Joerhonnert u befestegt, bis an d'19. Joerhonnert goufen déi Befestegunge weider ausgebaut.

Um Enn vum 14. Joerhonnert gouf ënner der Herrschaft vum béimesche Kinnek Wenzel II. eng Rankmauer gebaut, déi de Rumm-Plateau fir d'éischt Kéier mat an d'Festung agebonnen huet. Zu deem Zweck ass eng Befestegungsmauer gebaut ginn, déi de westlechen Deel vum Plateau ofgeschnidden huet. D'Mauer hat ufanks eng Héicht vun 9 Meter an eng Déckt vun 1,8 Meter. D'Tierm waren 12 Meter héich, an d'Mauer war duerch e Gruef vun 12 Meter Breet an 8-10 Meter Déift um Plateau virun Ugrëffer geschützt... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 43

Liederbuch 1886.jpg

D'Hämelmaous-Léid ("Heemelmaus-Lidd") ass e Fueslidd am Iechternacher Dialekt. Eng Hämelmaous ass eng Hausgrill. Déi éischt Versioun vum Lidd ass 1873 entstanen an den 13. Februar an der Generalversammlung vun der Echternacher Carnevalsgesellschaft Hämelmóus an der Villa Hovelick, dem Jacobus Thill sengem Lokal, virgedroe ginn. De 16. Februar 1873 gouf den Text am "Echternacher Anzeiger" publizéiert. Dës 1. Versioun hat nëmmen dräi Strofen. An der zweeter Versioun (1884) sinn déi zwou éischt Strofe vun 1873 bäibehale ginn an et koumen nach neier dobäi.

Den Auteur vum Text ass de Professer Joseph Speck. D'Lidd gëtt gesongen op d'Weis vu Schier dreißig Jahre bist du alt, dem sougenannte Mantellied aus Lenore, engem vaterländeschem Schauspill mat Gesank vum Karl von Holtei (1798-1880), dat 1828 fir d'éischt gespillt ginn ass. D'Mantellied sengersäits gouf op d'Weis vum Vollekslidd Es waren einmal drei Reiter gefangen gesongen, déi de Carl Eberwein (1786-1868), Direkter vun der Weimarer Oper, dofir ugepasst hat... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 44

Oelschiefer Luxemburg.jpg

Als Uelegeschifer bezeechent ee Sedimentgestengs, dat organescht Material ënner Form vu Bitumen oder Ueleg, deen net liicht verflitt, enthält. De Prozentsaz vum organesche Material, dat de “Kerogen” bilt, läit jee no de Plazen, wou den Uelegschifer virkënnt, tëscht 10 an 30 Prozent. Den Ueleg kann duerch Destillatioun aus dem Steen isoléiert ginn.

Zu Lëtzebuerg gëtt den ënneschten Deel vum Toarcium (Lias) vun Uelegschifer gebilt, deen an zwee Haaptgebidder affleuréiert: (1) am Raum Beetebuerg - Diddeleng - Keel; (2) am Raum Monnerech - Esch-Uelzecht - Zolwer - Déifferdeng - Kënzeg - Nidderkäerjeng - Schuller.

Den Alphonse de Prémorel (1799-1888) huet sech ëm d'Mëtt vum 19. Joerhonnert fir de Gebrauch vum Uelegschifer als Brennes an als Dünger agesat. Och den Apdikter Fréd. Fischer junior (1810-1871), deen an der Stad Lëtzebuerg d'Schwanen-Apdikt hat, huet fir eng Verwäertung vum Uelegschifer plädéiert. De Chemiker Gustave Faber huet sech Joerzéngte laang mat dem Uelegschifer beschäftegt, deelweis an Zesummenaarbecht mam Geolog Michel Lucius. Zu enger Exploitatioun vum Uelegschifer sollt et awer deemools net kommen, well si net rentabel hätt kënne sinn... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 45

Prise de la Bastille.jpg

D'Franséisch Revolutioun beschreift eng Period a Frankräich vu 1789 (Stuerm op d'Bastille) bis 1799 (Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire) an där d'Monarchie ofgeschaaft an eng Republik installéiert ginn ass. An der franséischer Historiographie ass d'Revolutioun d'Trennungslinn tëscht Neizäit an Zäitgeschicht an ass domat eng vun de wichtegsten Zäsure vun der europäescher Geschichtsschreiwung.

D'Franséisch Revolutioun markéiert d'Enn vum Ancien Régime an engem Land, wat bis dohi fir seng absolutistesch Kinneke berühmt war (virun allem de Louis XIV.). Fir d'éischt Kéier an der europäescher Geschicht, zanter der Antiquitéit, gouf de Prinzip selwer vun engem monarchistesche Regime iwwerworf. De groussen Impakt vun der Franséischer Revolutioun kënnt och duerch d'Kricher déi e groussen Deel vun Europa betraff hunn, der Grënnung vu Schwëster-Republiken. Duerch d'Revolutioun goufen och vill Iddie vun de Lumières a ganz Europa verbreet.

D'Thema ass bis haut ënner Historiker ëmstridden, net zulescht wéinst de Grausamkeete vun der Terreur an dem Wee dee si ageschloen huet... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 46

Fn Fabrique 012.jpg

D'Fabrique Nationale d'Armes de Guerre ass eng Manufaktur zu Herstal an der Provënz Léck. Obscho si haaptsächlech als Waffefabréck bekannt ass, huet si am Laf vun hirer Entwécklung ënner anerem och Vëloen a Motorieder gebaut, an huet sech zanter 1919 fir d'Aeronautik intresséiert. Aus dësem Intressegebitt huet sech spéider Techspace Aero entwéckelt, eng héich qualifizéiert Firma déi Prezisiounsdeeler fir d'Rakéit Ariane liwwert, an déi am Ufank en Departement vun FN war.

Schonn 1520 hat de Lécker Erfinder Sébastien de Corbion déi éischt Pistoul gebaut. Wéi dunn d'Industrialiséierung sech weider entwéckelt huet, ass Produktioun an allen Domänen am Dall vun der Meuse wou d'Waasserkraaft konnt ausgenotzt ginn, séier an d'Luucht gaangen. Tëscht 1775 a 1783, zur Zäit vum Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich goufen z. B. zu Léck iwwer 200.000 Gewierer fir den Export an Amerika gebaut.

Wéi dunn de belsche Staat 1888 bei de Lécker Waffeproduzenten eng Commande vun 150.000 Repetitiounsgewierer gemaach huet, hunn déi sech am Joer duerno zesummegeschloss an d'Fabrique Nationale d'Armes de Guerre (FN) gegrënnt... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 47

Castle Schoenfels 2.jpg

"Engelcher vu Schëndels" war den Numm, deen d'Lëtzebuerger Press vun deemools enger Bedruchsaffär an de Joren 1932/33 ginn huet. Si bestoung doran, datt eng 80-järeg Witfra vu Schëndels Bréiwer vun hiren Nopesche krut, an deenen dës se gleewe gedoen hunn, se wiere vun "Engelen aus dem Himmel", an an deene se ëm Cadeauen oder Done gefrot hunn, déi ufanks bescheide waren (et goung un mat engem Dëppchen Hambiersgebeess), mat der Zäit awer ëmmer méi substantiell goufen. Well och aner Leit am Duerf vun dësen "Engele" Post kruten, ass d'Affär schlussendlech viru Geriicht koum.

Och nom Uerteel gouf et nach Leit, déi extra op Schëndels goungen, well een do "a Kontakt mat Engele" kéim.

D'Affär gouf zu hirer Zäit, besonnesch am Kader vum Geriichtsprozess, genësslech an der Press breetgetrëppelt. Och dat tragescht Nospill - déi al Dame gouf e puer Méint drop vun hirem Noper op eng grujeleg Aart a Weis erstach - huet héich Welle geschloen. Duerno gouf et roueg drëms, bis ëm 2012/13 eng Verfilmung se nees an Erënnerung bruecht huet... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 48

Mylène Farmer NRJ Music Awards 2012.jpg

D'Mylène Farmer, gebuer als Mylène Jeanne Gautier den 21. September 1961 bei Montréal a Kanada, ass eng franséisch Sängerin, Songwriterin, Schauspillerin a Schrëftstellerin.

Zanter der Mëtt vun den 1980er Joren ass si déi Sängerin, déi déi meescht Placken a Frankräich verkeeft. Hir Musek huet och e grousse Succès iwwer d'Grenze vun de franséischsproochege Länner ewech, haaptsächlech an Osteuropa. Am Ganzen huet si méi wéi 30 Millioune Placke verkaaft, dorënner 15 Milliounen Albumen. Si hält och de Rekord vun de meeschte Singlen un der Spëtzt (15) an an den Top 10 (47) vun de franséische Singlecharts (Stand: 2016).

D'Mylène Farmer mécht ganz rar ëffentlech Optrëtter a refuséiert all Informatioun iwwer hiert Privatliewen, mä huet sech mat spektakuläre Museksvideoen an Tournéeën eng speziell musikalesch Welt geschaaft... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 49

Biissen--Wobierg-Kapell--w.jpg

D'Helleg-Kräiz-Kapell um Wobierg zu Biissen ass eng kathoulesch Kapell déi zum Parverband Sankt Willibrord Helpert an zu der Gemeng Biissen gehéiert.

Si ass dem Hellege Kräiz an der Muttergottes (Mater Dolorosa) geweit, an net wéi den Numm et seet, dem Hellege Rochus. Schrëftlech gouf d'Kapell fir d'éischt am Joer 1686 ernimmt. An der haiteger Form gouf se 1770 nei opgebaut. 2004 gouf d'Kapell fir d'lescht renovéiert; 2010 krut s'eng Uergel, déi vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder geliwwert gouf.

Lénks vum Wee bei d'Kapell steet eng kënschtlerech wäertvoll Kräizstatioun op där een d'Joreszuel 1735 oder 1738 erkenne kann. D'Original gouf 2000 duerch eng Kopie ersat a restauréiert. Si ass déi siwent a leschte Statioun vum Kräizwee dee fréier vum Duerf erop bei d'Kapell gefouert huet.

Virum Agank vun der Kapell stinn zwéi Käschtebeem (Aesculus hippocastanum L.), déi wéinst dem Zesummespill mat der Kapell zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren. Bis 1962 stounge lénks a riets vun der Kräizstatioun zwou ural Wanterlannen, mat engem Stammëmfank vun iwwer 5 m, déi als national Monumenter klasséiert waren... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 50

Troy1.jpg

Troia oder Troja (gr.: Τροία, Τροίη; lat.: Troia, Ilium; tierk.: Truva) war eng antik Stad an der Landschaft Troas am Nordweste vun der haiteger Tierkei um Hellespont (haut: Dardanellen) an der Provënz Çanakkale.

D'Stad huet den Zougank zum Schwaarze Mier kontrolléiert. D'Schëffer konnten deemools nach net géint de Wand kräizen, also hu si am Hafe vun der Festung op de gënschtege Wand gewaart. Hire Weezoll, d'Lotsen- a Schutzsteieren hunn der Stad Räichtum bruecht. Grouss Berühmtheet krut Troja an der Antiquitéit duerch d'Dichtung Ilias vum Homer, deen hei de legendären Trojanesche Krich beschriwwen huet. Nach an der Spéitantiquitéit gouf d'Plaz mat hire legendären Helden am Réimesche Räich héich veréiert. Mam Ufank vum Mëttelalter gouf Troja a seng Lag vergiess.

1873 huet den däitschen Händler an Hobby-Archeolog Heinrich Schliemann der Ëffentlechkeet matgedeelt, datt hien Troja zu Hisarlik fonnt hat; den Duerchbroch ass him awer duerch eng spektakulär Entdeckung am selwechte Joer gelongen: dee vun him selwer sougenannte Schaz vum Priamos. Dëse Schaz war laang Zäit am Musée fir d'Antiquitéit zu Berlin, a gouf nom Zweete Weltkrich an d'UdSSR verschleeft... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 51

Common Crane (Grus grus) - Flickr - Lip Kee.jpg

D'Huergäns (Grus grus), och nach Hoergäns oder Krukert genannt, ass e Vugel aus der Famill vun de Gruidae. D'Aart gehéiert also, trotz hirem Numm, net zu de Gänsen (Anser).

D'Huergänse liewe vum Fréijoer bis an den Hierscht an de Fiichtgebidder an an de Mouere vu Skandinavien, Osteuropa an och groussen Deeler vu Sibirien. Sie friesse Planzen a kleng Déieren. Hir Zuel huet an de leschte Joren zougeholl, sou datt d'Aart haut net a Gefor ass.

Am Hierscht verloossen d'Huergänsen hir Bruttgebidder am Norden a fléien a Gruppen no Süden, wou s'iwwerwanteren. Déi europäesch Huergänsen iwwerwantere virun allem am Süde vu Spuenien, an Nordafrika an zum Deel och südlech vun der Sahara. Zanter enger Rëtsch Joren iwwerwantert och eng Grupp vun hinnen um Lac du Der am Nordoste vu Frankräich.

Während dem Zuch forméieren d'Huergänse sech meeschtens zu spektakuläre Gruppen, dacks a Form vun engem V oder enger Eent. Se halen da Kontakt ënnerenee mat engem charakteristesche Ruff, (de lëtzebuergeschen Numm Krukert ass vun deem Ruff ofgeleet)... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 52

ChaucerPortraitEllesmereMs.jpg

Den Geoffrey Chaucer, gebuer ëm 1343, wahrscheinlech zu London, an och do gestuerwen wahrscheinlech de 25. Oktober 1400, war en englesche Schrëftsteller an Dichter, deen als Auteur vun de Canterbury Tales berühmt ginn ass. An enger Zäit, an där d'englesch Dichtung zu engem groussen Deel nach op Latäin, Franséisch oder Anglonormannesch geschriwwe gouf, huet den Chaucer d'Sprooch vum Vollek benotzt, an huet domat d'Mëttelenglescht zu enger Literatursprooch erhuewen.

Säi Wierk ass staark vun antiken, franséischen an italienesche Virbiller markéiert, mä et fënnt een och metresch, stilistesch an inhaltlech Neierungen, déi d'Eegestännegkeet vun der fréier englescher Literatur grënnen. Säi Wierk gëtt meeschtens an dräi Phasen agedeelt, déi seng literaresch Aflëss a seng Emanzipatioun vu senge Virbiller erëmspigelen. Dem Chaucer säi fréit Wierk gëtt als seng "franséisch", seng Wierker vun 1370 un, als "italienesch" Phas, bezeechent. D'Canterbury Tales sinn zum gréissten Deel no 1390 a senger "englescher Phas" entstanen... > méi

Aner Artikele vun der Woch



Schabloun:AVDW 53

Vue op Esch 2006

D'Stad Esch-Uelzecht ass eng vun den 105 Gemengen zu Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Mat 33.939 Awunner (1.1.2016) ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.

Esch läit nërdlech vun den Ausleefer vum Pays-Haut, dem Loutrenger Plateau, um Floss Uelzecht. Laang en einfacht Bauerendierfchen, huet Esch zënter den 1870er Joren, mat der Entdeckung vun der Minett, an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht. D'Strukturkris an deem Secteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn.

Déi doduerch entstanen Industriebroochen, besonnesch déi vu Belval, sinn zum Deel am Gaang, nei bebaut ze ginn. Nei administrativ, kulturell (Rockhal, Kino) an edukativ (de Lycée Bel-Val, d'Uni Lëtzebuerg) Gebaier, mä och Wunnengen, Büroen a Geschäfter goufen do zanter 2004 gebaut ... > > > méi

Aner Artikele vun der Woch


The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.