Henri Cirelli

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Henri Cirelli, gebuer den 23. Dezember 1934 zu Diddeleng, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.[1]

Tëscht dem 30. September 1956 am 17. Februar 1965 huet den Henri Cirelli a 37 Matcher 6 Goler fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe geschoss.[2]

Hien huet vun 1956 bis 1962 fir d'Alliance Diddeleng gespillt. An der Saison 1962/1963 war hie beim belsche Club Royal Beerschot AC.[3] D'Joer drop huet hien nees fir d'Alliance Diddeleng gespillt.

No senger Zäit als aktive Spiller huet den Henri Cirelli als Trainer Statioun bei dëse Veräiner gemaach: US Diddeleng, Avenir Beggen, SC Téiteng, Swift Hesper a schliislech beim F91 Diddeleng.[4]

Referenzen

  1. Den Henri Cirelli op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Henri Cirelli op der Websäit vun European Football
  3. Den Henri Cirelli op der Säit vum Footballclubb Beerschot
  4. Portrait vum Henri Cirelli um Site profootball.lu
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.