Hierz

(Virugeleet vu(n) Hierzefrächen)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Kiewerleksaart Hierz. Fir d'Organ, kuckt w.e.g. Häerz.
Hierz, Hierzefrächen
e Männchen an e Weibchen
e Männchen an e Weibchen
Aner Sproochen: de: HIrschkäfer
fr: cerf-volant
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Uerdnung: Kiewerleken (Coleoptera)
Ënneruerdnung: Polyphaga
Famill: Lucanidae
Gattung: Lucanus
Aart: Hierz, Hierzefrächen
Wëssenschaftlechen Numm
Lucanus cervus
(Linnaeus, 1758)

Den Hierz oder d'Hierzefrächen (Lucanus cervus, vu lucanus‚ "Bëschbewunner", an cervus "Hirsch") ass e Kiewerlek aus der Famill vun de Lucanidae.

Charakteristiken

Et ass dee gréissten a mat ee vun den opfällegste Kiewerleken an Europa. Säin Numm (Hierz ass e vereelzt Wuert fir Hirsch) krut e wéinst den impressionnant vergréisserte Mandibelen (Iewescht Gebéck) beim Männchen, déi engem Hirschgewei gläichen.

Männlech Exemplairë gi 25 bis 75 Millimeter laang, d'Weibercher si mat maximal 40 Millimeter Längt däitlech méi kleng. Hir Grondfaarf ass schwaarzbrong; beim Männche sinn d'Deckflilleken an d'Mandibele brongrout gefierft.

Virkommen

Si kommen a Süd-, Mëttel- a Westeuropa vir, am Norde bis erop an de Süde vu Schweden, lokal och an England, Klengasien an ëstlech bis a Syrien. Hiert natierlecht Habitat sinn al Eechebëscher, si kënnen awer och a Gäert, Mulchkéip oder soss dorëmmer virkommen. Hir Haaptfluchzäit ass tëscht Mëtt Mee an Enn Juli.

Liewensweis

D'Weibercher leeën eng 20 Eeër bis zu 75 Zentimeter déif an de Buedem, bei d'Wuerzele vu vermuuschten oder kranke Beem (am léifsten Eechen). D'Larven entwéckele sech iwwer 3 bis alt zu 8 Joer, andeems se sech vum vermuuschten Holz ernieren, a gi bis zu 11 Zentimeter laang. Si verpoppe sech dann an enger fauschtgrousser Kummer, eng 20 cm ënnert dem Buedem.

Wann déi ausgewuessen Déieren dann als Kiewerlek erauskruebelen, liewe se just nach 6 bis 8 Wochen. Si kënnen da fléien a si virun allem an der Schummerecht aktiv. Hiert Haaptuleies ass dann, sech ze verkoppelen. D'Weibercher lackelen hir Partner mat Hëllef vu Pheromonen un. Wéi bei de 'richtegen' Hirschen kämpfen och hei d'Männercher mateneen, wann se sech ze no kommen, a probéieren, een deen anerer mat hirem 'Gewei' op de Réck ze dréinen oder vum Aascht ze geheien. De Gewënner dierf sech da mam Weibche verkoppelen.

Den Hierz zu Lëtzebuerg

Den Hierz ass duerch d'Fauna-Flora-Habitat-Direktiv europawäit geschützt.

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, et ze completéieren.

Entwécklung

Literatur

  • Bernhard Klausnitzer: Die Hirschkäfer (Lucanidae). Westarp & Spektrum, Magdeburg, Heidelberg, Berlin und Oxford 1995, ISBN 3-89432-451-1 (Die Neue Brehm-Bücherei Bd. 5).
  • M. Rink: Der Hirschkäfer Lucanus cervus in der Kulturlandschaft: Ausbreitungsverhalten, Habitatnutzung und Reproduktionsbiologie im Flusstal. Dissertation, Universität Koblenz-Landau 2006. (E-Text, PDF)
  • Andreas Schüring: Der Hirschkäfer (Lucanus cervus), ein seltener Gigant im Käferreich, in: Studiengesellschaft für Emsländische Regionalgeschichte (Hrsg.): Emsländische Geschichte 19, Haselünne 2012, S. 54–60.
  • E. Sprecher-Uebersax: The stag beetle ‘Lucanus cervus’ (Coleoptera, Lucanidae) in art and mythology. In: La Terre et la Vie – Revue d’Ecologie. Supplement 10: 153–159. (E-Text, PDF)

Um Spaweck

Commons: Lucanus cervus – Biller, Videoen oder Audiodateien
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.