Istituto Nazionale di Statistica

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Istituto Nazionale di Statistica

Den Istituto Nazionale di Statistica (ISTAT) ass en ëffentlechen italieenesche Fuerschungsorganissem dee sech mat der Statistik an der Demographie an Italien beschäftegt.

E gouf am Joer 1926 gegrënnt. En ass ënner anerem fir d'Duerchféiere vun der Vollekszielung zoustänneg. An Italien gëtt et ausser de statisteschen Ämter vun den autonome Provënze Südtiroul an Trentino nëmmen deen een nationalen Institut.

Aufgaben

Nieft der Vollekszielung gëtt och déi wirtschaftlech Aktivitéit (Produktivitéit), d'Konsumverhalen, d'Alldagskultur, d'Gesondheet, d'Fräizäitverhalen, d'Bautätegkeet a.v.m festgehalen an ënnersicht.

Am Zesummenhank mat der Aféierung vum Euro, deen an Italien zu enger gefillter Präisdeierecht gefouert huet, ass an de Joren 2002 bis 2005 och d'Zoustännegkeet vum ISTAT fir de Verbraucherpräisindex an d'Bléckfeld vun der Ëffentlechkeet geroden. Dobäi ass absënns d'Auswiel vun der Wuerecorbeille kritiséiert ginn, déi net de wierklechen Ausgaben entsprieche soll.

Um Spaweck

The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.