Jean Vanek

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Jean Vanek
Gebuer 19. Januar 1969
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Gréisst 181 Zentimeter
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jean Vanek, gebuer den 19. Januar 1969 ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller [1] a Vëlossportler.[2]

Vun 1988 bis 1991 huet de Jean Vanek beim FC Etzella Ettelbréck gespillt ier hie vun 1991 bis 2000 fir den Avenir Beggen um Terrain stoung, fir du vun 2000 bis 2002 beim F91 Diddeleng seng Carrière als Foussballspiller ofzeschléissen.[3]

Tëscht dem 12. Oktober 1994 an dem 5. September 2002 huet de Jean Vanek 35-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt an dobäi 2 Goler geschoss.

De 26. Juni 2011 ass de Jean Vanek beim lëtzebuergesche Championnat am Vëlofueren op der Strooss fir den L.C. Téiteng un den Depart gaangen a koum als 23. un.[4]

Referenzen

  1. De Jean Vanek um Site 'European Football'
  2. Portrait vum Jean Vanek als Cycliste um Site vun Eurosport
  3. De Jean Vanek um Site 'National Football Teams'
  4. Resultater vum Lëtzebuerger Championnat am Vëlofueren 2011 op les-sports.info
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.