Josep Comas i Solà

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Josep Comas i Solà

De Josep Comas i Solà (Katalanesch), gebuer den 19. Dezember 1868 zu Barcelona, Katalounien a gestuerwen den 2. Dezember 1937 och do war e katalouneschen Astronom. Hie war den éischte President vun der 1911 gegrënnter Sociedad Astrónomica de España y América.

De Comas y Solá hat sech intensiv dem Studium vun de Planéite Mars a Saturn zougedréit an hat och d'Rotatiounsdauer vun hinne bestëmmt. Schonn 1908 hat hien aus Observatioune vum Saturnmound Titan mam Teleskop erausfonnt, datt dee vun enger Atmosphär ëmgi muss sinn.

Hie verfaasst a senger Carrière eng Rei vu populäre Bicher. Während senger Aarbecht entdeckt hie weider 11 Asteroiden an de periodesche Koméit 32P/Comas Solá a war Matentdecker vum netperiodesche Koméit C/1925 F1 (Shajn-Comas Solá).

Him zu Éiere sinn d'Asteroiden (1102) Pepita (no sengem Spëtznumm Pepito) an (1655) Comas Solá genannt.

Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Josep Comas i Solà – Biller, Videoen oder Audiodateien
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.