Joseph Kohnen

Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Joseph Kohnen, gebuer de 25. Oktober 1940[Source?] zu Lëtzebuerg a gestuerwen den 2. Mäerz 2015[1], war e lëtzebuergeschen Auteur a Literaturfuerscher. Fir seng Fuerschungsaarbechte krut hien 1995 de Servais-Präis[2].

No der Premiere 1961 huet de Joseph Kohnen op de Cours supérieurs zu Lëtzebuerg, zu Nanzeg, zu Paräis (Sorbonne) an zu Bonn studéiert. No sengem Militärdéngscht huet hie vun 1966 bis zu senger Pensioun als Professer am Kolléisch geschafft. No senger Promotioun am Joer 1972 huet de Joseph Kohnen säin Déngscht am Centre universitaire de Luxembourg ugetratt, fir d'éischt als Chargé (1976) a vun 1979 un als Professer fir rezent däitschsproocheg Literatur. Vun 1990 u war hie Gaaschtprofesser fir däitsch a franséisch Literatur op der Universitéit Königsberg (Kaliningrad).

Vun 1980 u war de Joseph Kohnen Coediteur vun der Literaturzäitschrëft nos cahiers. Hie war och nach Member vu folgenden Institutiounen:

  • zanter 1976: Hamann-Forschung;
  • z. 1983: Centre de recherche sur les périodiques de langue allemande de 1750 à 1830 op der Universitéit Metz
  • z. 1988: Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal
  • z. 1997: Historische Kommission für ost- und westpreußische Landesforschung.

Bibliographie

Eng detailléiert Bibliographie fënnt een op dëser Websäit vum nationale Literaturarchiv[3].

  • Kohnen, Joseph, 1972. Jean Pauls dichterische Gestaltung der Wahrheitssuche im "Siebenkäs" und im "Titan". Dissertation. Nancy [Selbstverlag].
  • Kohnen, Joseph, 1980. Goethes Luxemburger Zeichnungen. Imprimerie Saint-Paul, Luxemburg.
  • Kohnen, Joseph, 1983. Theodor Gottlieb von Hippel. 1741-1796. L'homme et l'oeuvre. Habilitationsschrift.
  • Kohnen, Joseph, 1984. Munkácsy und Luxemburg. Imprimerie Saint-Paul, Luxemburg.
  • Kohnen, Joseph, 1987. Theodor Gottlieb von Hippel. Eine zentrale Persönlichkeit der Königsberger Geistesgeschichte. Biographie und Bibliographie. Lüneburg: Nordost-Archiv.
  • Kohnen, Joseph, 1990. Sterbe- und Grabespoesie im deutschen Roman. Zur intertextuellen Überlieferung des Themas von Martin Miller bis Wilhelm Raabe. Bern; Frankfurt/Main: Peter Lang.
  • Kohnen, Joseph, 1996. Zwischen Paris und Budapest: Munkácsy in Luxembourg. S. 13-35 in: Munkácsy et le Grand-Duché de Luxembourg. Exposition du 20 septembre au 17 novembre 1996. Musée national d'histoire et d'art, Luxembourg.
  • Kohnen, Joseph, 1999. Munkacsy und Luxemburg: Auswahlbibliographie. Galerie: revue culturelle et pédagogique 17/4: 599-605. Differdange.
  • Kohnen, Joseph, 2000. Meine ersten Walferdinger Tage. In: 150 Joer Gemeng Walfer: 1851 - 2000, Vol. 1: 24-36. Administration communale, Walferdange.
  • Kohnen, Joseph, 2000. Zu Munkácsys Christus-Trilogie. Nos cahiers: Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 4: 9-27. Luxembourg.
  • Groben, Joseph, Joseph Kohnen & Paul Maas, 2002. Deutschsprachige Lyrik in Luxemburg. 285 S. Institut grand-ducal, Section des arts et des lettres. Impr. Saint-Paul, Luxembourg.
  • Kohnen, Joseph, 2006. Unbekannte Munkácsy-Bilder mit Luxemburger Motiven. Nos cahiers: Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 2:43-56. Lëtzebuerg.
  • Kohnen, Joseph, 2007. Le site de Colpach depuis les débuts jusq’à l'avènement des Mayrisch (1917). Galerie: revue culturelle et pédagogique 25, n° 2: 205-228. Differdange.
  • Kohnen, Joseph, 2008. Munkácsy und Luxemburg. Mit einem Begleitwort von Jean Ries. 2. überarb. & erw. Aufl. 242 S. éditions saint-paul, Luxemburg. ISBN 978-2-87963-714-3.

Literatur

  • Craemer, Susanne, Enrica Yvonne Dilk, Heinz Sieburg & Ferdinand Stoll, 2006. Europäische Begegnungen. Beiträge zur Literaturwissenschaft, Sprache und Philosophie. Festschrift für Joseph Kohnen. 677 S. Saint-Paul, Luxembourg.
  • Nothar, Roger (éd.), 1995. Remise du prix spécial Servais 1995 à M. Joseph Kohnen: 11 juillet 1995, Théâtre des Capucins, Luxembourg. 31 p. Fondation Servais pour la littérature luxembourgeoise, J. Beffort, Luxembourg.

Referenzen

  1. "Philologe Joseph Kohnen verstorben." wort.lu, 4. Mäerz 2015 um 20:43.
  2. Cf. Nothar 1995 an der Literatur.
  3. Dës Websäit ass och d'Quell fir déi meescht Informatiounen an dësem Artikel. Bibliographie a Literatur goufen duerch eng Selektioun aus de Bestänn vun der Nationalbibliothéik ergänzt.
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.