Péiter Onrou

(Virugeleet vu(n) Krispines)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten:
De Péiter Onrou hanner Trueljen

De Péiter Onrou ass eng liewensgrouss Statu, vun där, well se keng Attributer huet, ugeholl gëtt datt se de Christus soll duerstellen, déi an enger Grott am Krispinesfiels am Eecherbierg, an der Stad läit.

Den Numm Krispines geet op den Hellege Crispinus zréck, de Patréiner vun de Gierwer a Schouster, vun deenen der en etlech um Lampertsbierg gewunnt hunn.

Mat der Statu ass eng Traditioun an en Awerglawe verbonnen: Den Numm Péiter bezitt sech op de Péiter vu Mailand an d'Onrou kënnt dohier, datt en Onrou bei deene Männer sollt ervirruffen, déi hirer Fra oder Frëndin ontrei gi sinn. Dofir goufen (a ginn?) alt ëmmer nees Käerze beim "Péiter" opgestallt, an déi Spéngele gepickt goufen. Beim Ofbrenne vun der Käerz ass d'Spéngel gliddeg ginn an ofgesprongen. Den Ontreie sollt an deem Ament, sou wëll et den Awerglaf, och e Stéch spiren an "onroueg" ginn. Duerch déi Käerzen ass d'Statu dann och plazeweis ugebrannt.

D'Plaz huet nach aner Nimm: Beim groussen Härgott, Peter Onrou, Krispinusfiels, fréier och Petit Marly.
Den Numm Groussen Härgott bezitt sech net op d'Statu, déi läit, mä op d'Kräiz, dat uewendriwwer steet.

Literatur zum Thema

  • Hess. Joseph: Nadelzauber in: Altluxemburger Denkwürdigkeiten. Beiträge zur Luxemburger Kultur- und Volkskunde. Lëtzebuerg, 1960 S. 131-133.
  • Paul Aschmann: Pe'ter Onro'h, der seltsame Heilige. Revue N°9 vum 2. Mäerz 1956 S.4-7 a 34 mat 15 Fotoen.

Um Spaweck

Commons: Péiter Onrou – Biller, Videoen oder Audiodateien
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.