Mëttelmier

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Mëttelmier (Foto vun der Nasa)

D'Europäescht Mëttelmier (meescht nëmme Mëttelmier genannt) ass e Mier tëscht Europa, Afrika an Asien, huet en eegene Klima an ass vun enger besonnescher Flora a Fauna markéiert.

Geographie

D'Europäescht Mëttelmier ass am Westen duerch d'Strooss vu Gibraltar mam Atlantik verbonnen, am Nordosten iwwer d'Dardanellen, d'Marmaramier an de Bosporus mam Schwaarze Mier an am Südosten iwwer de Suezkanal mam Roude Mier.

Zu dësem groussflächege Mëttelmier, dat zu den ozeaneschen Niewemierer zielt, gehéieren, nieft e sëlleche klengen Inselen, grouss a kleng Inselgruppen, souwéi déi grouss Inselen Korsika, Sardinien, Sizilien, Kreta, Rhodos an Zypern. Vu Norde stéisst d'Apenninnen-Hallëfinsel mat Italien an d'Mier an trennt sou dat eigentlecht Mëttelmier vun der Adria.

Daten

D'Europäescht Mëttelmier bedeckt ongeféier eng Fläch vun 2,5 Mio km². Seng Déift läit bei maximal 5.267 m.

Um Spaweck

Commons: Mediterranean Sea – Biller, Videoen oder Audiodateien
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.