Marie Hackin

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Marie Hackin
Ria Hackin.jpg
an den 1930er Joren
Gebuertsnumm Marie Parmentier
Gebuer 7. September 1905
Rombas
Gestuerwen 24. Februar 1941
Atlanteschen Ozean
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Archeolog
Famill
Bestuet mat Joseph Hackin
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Marie Alice ("Ria") Hackin, gebuer Parmentier de 7. September 1905 zu Rombas (haut am Museldepartement, deemools am Reichsland Elsaß-Lothringen) a gestuerwen de 24. Februar 1941 bei de Färöer-Inselen, war eng lëtzebuergesch-franséisch Orientarcheologin a Member vun de Forces françaises libres (FFL).

Biographie

Elfebeentafel aus dem Schaz vu Begram.

Der Marie Parmentier hir Elteren, de Jean Parmentier an d'Marie Weiland, ware vu Jonglënster an d'Museldepartement ausgewandert.[1]

Si huet op der École du Louvre Archeologie studéiert. 1923 krut se déi franséisch Nationalitéit. Op der École du Louvre huet si de Joseph Hackin (* 1886 zu Béiwen op der Atert) kennegeléiert, deen do Course ginn huet. Si hu sech de 24. September 1928 zu Ars-sur-Moselle bestuet. D'Marie gouf Mataarbechterin vun hirem Mann. Zesummen hu si am Kader vun der Délégation archéologique française en Afghanistan archeologesch Recherchen an Afghanistan gemaach, méi genee zu Bamiyan, wou déi berümt Buddha-Statue stoungen, souwéi zu Begram, nërdlech vu Kabul. Dono ware si jorelaang an Zentralasien, an Turkmenistan, der Mongolei, op Java an a Japan, ënnerwee.

1937 huet d'Marie Hackin bei Ausgruewungen, ënner der Leedung vun hirem Mann, zwee zougemauert Kelleren entdeckt, (Chantier 2, Kummeren 10 an 13), an deenen de Schaz vu Begram war. Et sinn dës haaptsächlech gliese Geféisser aus der Réimerzäit (1. Jh. n. Chr.) vun exzellenter Qaulitéit, hellenistesch Gipsofdréck[2] an Tafelen aus Elfebeen mat indesche Motiver, wéi z. B. Flossgëtter, déi wahrscheinlech aus dem 3. Jh. sinn.

Um Ufank vum Zweete Weltkrich gouf de Joseph Hackin Offizéier bei der franséischer Ambassade zu Kabul. De 6. Juli 1940 huet hien an engem Telegramm dem Generol de Gaulle geschriwwen, hie wéilt senge Forces françaises libres bäitrieden. D'Marie Hackin ass mat him iwwer Bombay mam Schëff op am Oktober 1940 op London gefuer, wou si de 26. Dezember 1940 als Sous-Leitnant dem Corps des Voluntaires Françaises bäigetrueden ass. Si gouf do Mataarbechterin vun der Simonne Mathieu.

Ufank Februar 1941 huet den de Gaulle dem Joseph Hackin den Optrag ginn, d'Intresse vun der France Libre als Gesandte beim englesche Vizekinnek an Indien ze vertrieden. Den 21. Februar 1941 ass d'Koppel zu Liverpool mam britesche Frachtschëff Jonathan Holt lassgefuer. Dëst gouf duerch en Torpedo vum däitschen U-Boot U 97 versenkt, woubäi d'Koppel Hackin hiert Liewe verluer huet.

Hommagen

De Joseph an d'Marie Hackin krute posthum den Ordre de la Libération, deen am ganzen 1038 Persouen kruten, dorënner sechs Fraen. Si kruten den Titel Compagnons de la Libération.[3] D'Marie Hackin-Parmentier krut zousätzlech d'Croix de Guerre. 1961 gouf eng Strooss am 16. Arrondissement zu Paräis Rue Joseph-et-Marie-Hackin genannt.

1987 huet den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht eng Kommemoratiounsaustellung organiséiert mam Titel Joseph et Ria Hackin. Couple d'origine luxembourgeoise au service des arts asiatiques et de la France.

Publikatiounen

  • mam Joseph Hackin: Le site archéologiques de Bamyan. Guide du visiteur. Les édition d'art et d'histoire, Paris 1934.
  • mam Joseph Hackin: Recherches archéologiques à Begram: chantier n° 2 (1937) (= Mémoires de la délégation archéologique française en Afghanistan Bd. 9). Les Éditions d'art et d'histoire, Paris 1939.
  • mam Ahmad Ali Kohzad: Légendes et coutumes afghanes (= Publications du Musée Guimet. Bibliothèque de diffusion Bd. 60). Presses Universitaires de France, Paris 1953.
  • mam Joseph Hackin: Nouvelles recherches archéologiques à Begram, ancienne Kâpici, 1939–1940 (= Mémoires de la Délégation archéologique française en Afghanistan Bd. 11). Presses Universitaires de France, Paris 1954.

Literatur

  • Joseph et Ria Hackin. Couple d'origine luxembourgeoise au service des arts asiatiques et de la France. Exposition organisée dans le cadre de l’Accord culturel franco-luxembourgeois est réalisée avec le concours du Musée Guimet, Paris. Musée d'Histoire et d'Art Musées d'État – Luxembourg. Exposition du 11 novembre 1987 au 3 janvier 1988, Luxembourg. Musée d'Histoire et d'Art, Luxemburg 1987.
  • Marie Hackin. In: Vladimir Trouplin: Dictionnaire des Compagnons de la Libération. Bordeaux, Elytis 2010, ISBN 978-2-35639-033-2

Referenzen

  1. Marc Thill: "Joseph und Ria Hackin: Afghanistan war ihre Heimat." wort.lu, 23. Februar 2016
  2. Michael Menninger: Untersuchungen zu den Gläsern und Gipsabdrücken aus dem Fund von Begram/Afghanistan. Ergon Verlag, Würzburg 1996, ISBN 978-3-928034-96-8.
  3. Marie Hackin
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.