Maschinnebau

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Maschinnebau befaasst sech mat dem Entworf an der Hierstellung vun alle méiglechen Zorte Maschinnen. Op Basis vun eenzelen einfachen Elementer ginn dobäi Anlage vu gréisster Komplexitéit wéi Produktiounsstroossen a ganz Fabrécken entwéckelt, gebaut a bedriwwen.

Maschinnebau ass duerch seng Kombinatioun vu Grondlagefuerschung an Entwécklung vu Produktiounsmethoden, en typescht Fach vun der Technik. E setzt physikalesch Gesetzméissegkeeten, besonnesch aus den Deelgebidder Mechanik an Thermodynamik, fir d'Konstruktioun an d'Simulatioun vun techneschen Anlagen an.

Well d'Automatiséierung ëmmer méi zouhëlt, ginn technesch Anlagen hautdesdaags mat enger komplexer Mooss- a Steierungs- bzw. Regelungstechnik ausstafféiert.

D'Konstruktiounsléier beschäftegt sech mat den Ziler a Methoden, déi e Maschinnebau-Ingenieur bei der Konstruktioun vun techneschen Anlage respektéiere muss. Mëttlerweil ginn déi technesch Anlage mat Hëllef vu CAD-Programmer um Computer entworf. Sou kann een CAD-Dateie kreeéieren, déi duerno an enger Simulatioun getest a schliisslech vun enger CNC-Maschinn realiséiert ginn.

Deelgebidder vum Maschinnebau sinn:

Um Spaweck

Commons: Maschinnebau – Biller, Videoen oder Audiodateien
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.