Maurice Ronet

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Maurice Ronet
Seduzione-1973-Maurice Ronet.png
Gebuer 13. Abrëll 1927
Nice
Gestuerwen 14. Mäerz 1983
Paräis
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cours Simon
Aktivitéit Filmregisseur, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent
Member vun Association des amis de Robert Brasillach
Famill
Bestuet mat Maria Pacôme
Liewenspartner(in) Josephine Chaplin
Papp Émile Ronet
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Maurice Ronet, gebuer als Maurice Robinet den 13. Abrëll 1927 zu Nice a gestuerwen de 14. Mäerz 1983 zu Paräis, war e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.

1957 huet de Louis Malle de Maurice Ronet fir de Film Ascenseur pour l'échafaud engagéiert.1963 huet hien eng vu senge beschte Rollen am Film Le feu follet gespillt erëm ënner der Regie vum Louis Malle.

De Claude Chabrol huet och e puer Filmer mam Ronet als Haaptacteur gedréint sou La ligne de démarcation (1966), Le scandale (1966), La route de Corinthe (1967) a La femme infidèle (1968).

Weider bekannt Filmer mat Ronet sinn Plein soleil (1959) vum René Clément The Victors (1963) vum Carl Foreman, Raphael ou le débauché (1971) vum Michel Deville, Mort d'un pourri (1977) vum Georges Lautner a Beau-père (1981) vum Bertrand Blier.

Als Regisseur huet hien och zwéi Filmer fir de Kino gedréint Le voleur du Tibidabo (1965) a Bartleby (1979).

De Maurice Ronet war zweemol bestuet, Vun 1950 bis 1956 mat dez Schauspillerin Maria Pacôme a vun 1977 bis zu sengem Doud mat der Duechter vum Charlie Chaplin der Schauspillerin Josephine Chaplin¨.

Filmographie

Kino

als Regisseur

als Schauspiller

1949 bis 1959

1960 bis 1969

1970 bis 1979

1980 bis 1982

Um Spaweck

The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.