MediaWiki

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
MediaWiki Logo

MediaWiki nennt sech d'Software mat där d'Wikipedia funktionéiert. Déi Wiki Software ass a PHP geschriwwen.

MediaWiki gouf speziell fir Wikipedia geschriwwen, déi virdru UseModWiki benotzt huet (Phas I). Déi nei Versioun (Phas 2) ass de 25. Januar 2002 erauskomm. Deen Dag soll alle Wikipedianer am Gediechtnes bleiwen als Dag vum Magnus Manske, dem Auteur vun där neier Software. D'Versioun krut als Wuertspill op d'Wikimedia Fondatioun dunn den Numm MediaWiki.

D'Software gëtt och nach vun anere Projete benotzt, dorënner: Wikivoyage, Wiktionary, Wikisource, Wikibooks a Wikiquote.

Déi aktuell MediaWiki-Versioun ass d'MediaWiki 1.32.

Um Spaweck

The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.