Pierre Bertogne

Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pierre Bertogne, gebuer de 25. Juli 1898 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 10. Februar 1990, war e Lëtzebuerger Drogist, Fotograf a Filmemaacher. Hien hat eng Drogerie zu Lëtzebuerg an der Groussgaass an huet do och Fotoapparater a Filmkamerae verkaaft.

De Pierre Bertogne war ee vun de Grënner vun de lëtzebuergeschen Amateur-Cineasten a war och 1952 hiren éischte President.

Filmer vum Pierre Bertogne

  • Eng Reliounsstonn op der Gare, 19 M. (1930er oder 40er Joren)[1]
  • D'Weesekanner op der Schueberfouer, 10 M. (1936)
  • D'Louschläissen am Eisléck, 14 M. (1938)
  • Le contrôle du marché par l'inspecteur Bernard, 10 M. (1938)
  • D'Jorhonnertfeier zu Réimech, 7 M. (1939)
  • Lëtzebuerg ass fräi, 17 M. (1944)
  • Régions dévastées, Echternach, 10 M. (1945) zesumme mam Pierre Kintzinger

Um Spaweck

Referenzen

  1. CNA
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.