Regierung Prüm

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Regierung Prüm koum zu Lëtzebuerg den 20. Mäerz 1925 an hir Funktioun. Si war aus de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 ervirgaangen an huet sech op d'Onofhängeg Nationalpartei, déi Liberal, d'Sozialisten an Iwwerleefer vun der Rietspartei gestäipt. Si ass de 16. Juli 1926 zréckgetrueden, wéi Liberal a Sozialisten sech iwwer e Gesetzprojet iwwer Congé fir d'Aarbechter net eens konnte ginn.

Wéi se zesummegesat war

  • Pierre Prüm (Onofhängeg Nationalpartei): Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen, den Intérieur an d'Landwirtschaft
  • Norbert Dumont: Generaldirekter fir Justiz, Bauten, Handel an Industrie
  • Othon Decker (Onofhängeg Lénk): Generaldirekter fir Sozialversécherung an Aarbecht
  • Étienne Schmit: Generaldirekter fir Finanzen a Bildung

Kuckt och

Um Spaweck

The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.