Renée Wagener

Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Renée Wagener, Dezember 2014.

D'Renée Wagener, gebuer den 21. November 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sozialwëssenschaftlerin, Journalistin, Historikerin a fréier déi gréng-Politikerin. Si war vun 1991 bis 1994 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vun 1994 bis 2004 Deputéiert an der Chamber.

Carrière

Si huet 1997, op der FernUniversität Hagen an Däitschland, am Fach Sozialwëssenschaften eng Magisteraarbecht zu der Geschicht vum Fraewalrecht zu Lëtzebuerg virgeluecht.

D'Renée Wagener schafft als Journalistin bei der woxx an als wëssenschaftlech Mataarbechterin op der Uni Lëtzebuerg an der Geschichtsfuerschung. Si preparéiert eng Dokteraarbecht mam Titel „Die jüdische Gemeinschaft in Luxemburg zwischen Anerkennung und Exklusion. Staatsbürgerliche Anerkennung vs. staatliche und gesellschaftliche Praxis vom Ende des Ersten Weltkriegs bis zum Beginn des 21. Jahrhunderts.”

D'Renée Wagener ass donieft och fräiberufflech als Publizistin, Moderatorin a Consultante aktiv. Si huet eng Rei Publikatiounen zu feministeschen, sozialwëssenschaftlechen an historeschen Theme verëffentlecht.

Publikatiounen

  • «Je ne peux trahir mon âme et ma vocation d'historienne» - Forschen und schreiben über eine geschichtsbewusste Politikerin (betrëfft d'Lydie Schmit); in: forum, Nr. 337 / Februar 2014; Ss. 30-32.
  • Zwischen Anerkennung und Exklusion: Jüdische Emanzipation in Luxemburg und das décret infâme; In: Frishman, Judith / Fuchshuber, Thorsten / Wiese, Christian (Hg.): Samuel Hirsch, Religionsphilosoph, Emanzipationsverfechter und radikaler Reformer. Jüdische Identität im 19. Jahrhundert am Beispiel von Werk und Wirkung des ersten Oberrabbiners Luxemburgs, Berlin/New York, viraussiichtlech 2017.
  • "Méi Sozialismus!" : Lydie Schmit und die LSAP 1970-1988 - Eine politische Biographie; Lëtzebuerg (Fondation Lydie Schmit), 2013. ISBN 978-2-919908-07-3
  • Familial Discussions in the Context of Memory Research on the Second World War. Expectations and Disappointments. In: Boesen, Elisabeth; Lentz, Fabienne; Margue, Michel; Scuto Denis; Wagener, Renée (ed.): Peripheral Memories. Public and private Forms of Experiencing and Narrating the Past. (Histoire.) Bielefeld, 2012, 69-94.
  • D'Lëtzebuerger Republik. Von Schande und Scheitern; in: Kmec, Sonja / Péporté, Pit (dir.), Lieux de mémoire au Luxembourg (2), Lëtzebuerg, 2012.
  • "Man kann aber Antisemit und doch ein guter Katholik sein." Die Rezeption der Dreyfus-Affäre in Luxemburg; in: Judaica, 2012, Heft 3, S. S.247-277
  • Bye bye, Siegfried. Der lange Abschied der Luxemburger Frauen vom Patriarchat; in: Not the girl you're looking for. Melusina rediscovered. Objekt + Subjekt Frau in der Kultur Luxemburgs. Lëtzebuerg, 2010, S. 212-238.
  • "Das Rad gehört in die Zeit". Die Sozialgeschichte des Fahrrads in Luxemburg von 1914 bis 1945 im Spiegel von Zeitberichten; in: Mam Vêlo do. Eine Radtour durch die Luxemburger Zeitgeschichte. 25 Joer Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ. November 2010.
  • Kulturelle Identität braucht Demokratie: die Problematik des Denkmalschutzes in Luxemburg; en Dossier vum Mouvement écologique. - D'Recherche an d'Redaktioun vum Dossier, November 2006.
  • Marguerite Thomas-Clement, Sprecherin der Frauen: Die erste Luxemburger Abgeordnete; in: «Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen... »; Publications nationales, Lëtzebuerg, 1997.
  • Catherine Schleimer-Kill und die "Action féminine"; in: «Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen...»; Publications nationales, Lëtzebuerg, 1997.
  • Politische Partizipation von Frauen in Luxemburg seit 1919; Lëtzebuerg, erausgi vum Centre de documentation et d'information Thers Bodé a vum Ministère de la promotion féminine, 1998; 199 Säiten.
  • Wie eine frühreife Frucht. Zur Geschichte des Frauenwahlrechts in Luxemburg; am forum, 1994.

Gielercher

Um Spaweck

Commons: Renée Wagener – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' während op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  2. cf Diskussiounssäit, confirméiert per E-mail.
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.