Rob Roemen

Zur Navigation springen Zur Suche springen
De Rob Roemen (2002)

De Rob (Robert) Roemen, gebuer de 14. September 1945 zu Wolz, a gestuerwen de 25. Dezember 2012[1] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Journalist a Politiker.

Jugend- a Studienzäit

Hien ass zu Bauschelt opgewuess, wou hie sech als jonke Mënsch ganz vill ëm d'Duerfveräiner gekëmmert huet.

Hien hat e puer Joer zu Arel bei de Mariste studéiert, koum dunn awer op de Lampertsbierg an d'Beruffsschoul. Well säi Papp et sou wollt, huet de Rob Roemen ufanks doheem am Betrib als Carrossier geschafft. Hien huet an deem Beruff seng Geselleprüfung gemaach. Nodeem hien nach an d'Course vun der Meeschterprüfung gaange war, huet hie berufflech op säin Hobby, d'Schreiwen, ëmgesuedelt.

De Journalist

Seng éischt Aarbechten als Journalist huet de Rob Roemen bei der Revue gemaach. An de 70er Joren huet en och d'Zäitschrëft vun de Jongliberalen, "Démocratie 80", geleet. Dem deemolege liberale Politiker Gaston Thorn ware seng Artikelen opgefall, dofir huet hien de jonke Schreiwer gebieden, et dach emol am Lëtzebuerger Journal ze versichen, wat dunn och sou geschitt ass.

A senger journalistescher Zäit hat de Rob Roemen et net ëmmer liicht fir sech ze behaapten. Dat huet ee bei verschidde Presseprozesser gesinn, woubäi besonnesch déi jorelaang Ausernanersetzung mat dem fréiere Minister Wolter opgefall ass. Ëm déi Affär war et souguer zu enger Klo beim Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg komm, wou de Rob Roemen Recht krut. Als Konsequenz vun dësem Uerteel ass et zu Lëtzebuerg zu enger Erneierung vum Presserecht komm.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Affär Roemen-Wolter

Hien ass sengem liberalen Engagement ni ontrei ginn, huet awer vill Wäert op en onofhängege Journalismus geluecht. Et goung dem Rob Roemen ëmmer drëm, fir senger Zeitung e gewësse Cachet opzedrécken, andeems et him och gelongen ass, den exklusiven Informatiounen an engem zolitte Kommentar Prioritéit ze ginn.

Hie war 30 Joer laang Journalist am Lëtzebuerger Journal, dovu 25 Joer als Chefredakter.

Hien huet och bei Bicher, Annuairen an aneren Zäitschrëfte matgewierkt.

De Politiker

No senger Fréipensionéierung am Joer 2005, gouf hien am selwechte Joer Buergermeeschter vun der Gemeng Leideleng, wou hien déi 6 Joer virdru Gemengeconselljee war.

Wierker

Hien ass den Auteur vun engem Buch dat 1995 erauskoum:

"Aus Liebe zur Freiheit - 150 Jahre Liberalismus in Luxemburg", 530 S., Imprimerie Centrale ISBN 2-9599893-0-9

Doud

De Rob Roemen ass op Chrëschtdag de 25. Dezember 2012 verscheet, 8 Deeg nodeem hie gefall war, a sech um Kapp blesséiert hat.

Literatur

  • Luxemburger Wort 2012, Nr. 301 (27. Dezember), S. 4: Rob Roemen im Alter von 67 Jahren gestorben

Um Spaweck

D'Urteel vum Stroossbuerger Geriichtshaff

Referenzen

  1. Wort.lu: Rob Roemen ist tot
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.