Ry Boissaux

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Ry Boissaux
Gebuer 15. August 1900
Gestuerwen 19. Februar 1986
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Rosalie Ry Boissaux, gebuer de 15. August 1900 zu Hollerech, a gestuerwen den 19. Februar 1986 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin. Si huet haaptsächlech Märercher, Seeërcher a Legenden, vrun allem op däitsch a franséisch, ma och op lëtzebuergesch geschriwwen.

Si war 1937 Grënnungsmember vun der Vereenegung Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden a gouf 1939 Member vun der Société des écrivains luxembourgeois de langue française (SELF). 1961 huet si mat enger Kannersendung um Radio ugefaangen.

D'Ry Boissaux gouf 1985 Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal.

Publikatiounen (Auswiel)

Texter op Franséisch

  • Blessures, 1939, Lëtzebuerg
  • Madame Molitor et Cie,, 1945, Lëtzebuerg
  • Niki-Chat, 1957, SELF
  • Contes d'enfants et d'animaux, 1961, SELF
  • Crocodiliade, 1973, SELF
  • Mosaïque, 1983, Institut Grand-Ducal, Section des Arts et des Lettres

Texter op Lëtzebuergesch

  • De Vullenzirk am Wantergaart, 1954, Lëtzebuerg
  • Verziel mer eng Geschicht, 1971, Lëtzebuerg
  • Mäin Diddelénger Geschichtebuch 1903-1918, 1979, Esch-Uelzecht
  • Kannerstonn, 1981, Lëtzebuerg

Texter op Däitsch

  • Köpfchen. Die Geschichten des abgebrochenen Puppenkopfes und andere Erzählungen, 1949, Lëtzebuerg
  • Leise Lieder, Eegeverlag, net am Handel

Texter an Zäitschrëften

D'Ry Boissaux huet a folgenden Zäitschëfte matgeschafft:

No hir genannt

Fir un d'Ry Boissaux erënneren, gouf eng Strooss zu Gaasperech no hir genannt: d'Rue Ry-Boissaux.

Kuckt och

Um Spaweck

The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.