Sachsen

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Fräistaat Sachsen
Fändel Wopen
Fändel Wopen
Basisdaten
Sproochen: Däitsch, Obersorbesch
Haaptstad: Dresden
Fläch: 18.420,15 km² (10.)
Awunner: 4,055 Mio (6.) (30. November 2014)[1]
Bevëlkerungsdicht: 220 Awunner/km² (8.)
Politik
Stëmmen am Bundesrat: 4
Ministerpresident: Michael Kretschmer (CDU)
Parteien an der Regierung: CDU-SPD-Koalitioun
Lokalisatioun
Sachsen an Däitschland

De Fräistaat Sachsen (op obersorbesch: Swobodny stat Sakska; Ofkierzung SN oder Sa.) ass en Bundesland am Oste vun Däitschland. D'Haaptstad ass Dresden a Leipzig d'Stad mat de meeschten Awunner.

Et ginn Universitéiten zu Dresden, Leipzig, Chemnitz a Freiberg.

D'Gebitt, dat haut Sachsen ass, huet vun 1949 bis 1990 zu der Däitscher Demokratescher Republik gehéiert.

Geographie

Sachsen grenzt u Brandenburg (Norden), Sachsen-Anhalt (Nordwesten), Thüringen (Westen), Bayern (Südwesten), d'Tschechesch Republik (Süden) a Polen (Osten). Mat ronn véier Milliounen Awunner (6. Plaz) an enger Fläch vun ëm déi 18.400 Quadratkilometern (Plaz 10) läit Sachsen am Mëttelfeld vun de 16 däitsche Bundeslänner.

Gréisst Stied

Déi gréisste Stied (den Awunnerzuelen no) a Sachsen sinn:[2]

  1. Leipzig (Awunner: +531.000)
  2. Dresden (Awunner: +530.754)
  3. Chemnitz (Awunner: +242.022)
  4. Zwickau (Awunner: +91.564)
  5. Plauen (Awunner: +63.967)
  6. Görlitz (Awunner: +54.042)
  7. Freiberg (Awunner: +40.268)
  8. Bautzen (Awunner: +39.607)
  9. Freital (Awunner: +39.276)
  10. Pirna (Awunner: +37.645)

Um Spaweck

Commons: Sachsen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Statistische Ämter des Bundes und der Länder: Bevölkerung - Sachsen (gekuckt den 9. Juni 2015)
  2. Bevölkerung des Freistaates Sachsen jeweils am Monatsende ausgewählter Berichtsmonate nach Gemeinde den 31. Dezember 2013 (gekuckt den 9. Juni 2015)
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.