Sebastián Aguilera de Heredia

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Sebastián Aguilera de Heredia, gedeeft de 15. August 1561 zu Saragossa a Spuenien, an do gestuerwen de 16. Dezember 1627 war e spueneschen Organist, Komponist a Geeschtlechen.

Säi Liewen

Seng Carrière huet 1585 ugefaangen, wéi den Aguilera an der Kathedral vun Huesca Organist gouf. Den 29. September 1603 gouf hien zum Geeschtleche geweit an e krut zu Saragossa d'Plaz vum Haaptorganist an der Kierch La Seo. 1620 huet hie säi Schüler José Ximenez, dee méi spéit säin Nofolger gouf, zu sengem Ramplassang ernannt.

Seng Wierker

  • Canticum Beatissimae Virginis deiparae Mariae (1618), dora 36 verschidde Magnificaten fir véier, fënnef, sechs oder aacht Stëmmen.
  • Pange lingua a tres sobre tiple.
  • Obra de 8. tono: Ensalada e Stéck am Genre vum Quodlibet.

Um Spaweck

The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.