Taxe sur la valeur ajoutée

(Virugeleet vu(n) TVA)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Economic template.svg Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Taxe sur la valeur ajoutée, besser bekannt ënner dem Kierzel TVA, ass eng indirekt Steier, déi um Verbrauch vu Wueren an Déngschtleeschtungen opgehuewe gëtt.

Zu Lëtzebuerg ass déi gesetzlech Grondlag d'Gesetz vum 12. Februar 1979, mat sengen Ännerungen dono.[1]

Et gi véier verschidden Tauxen (a Klameren d'Héicht zënter dem 1.1.2015):[2]

  • den normalen Taux (17 %)
  • en Taux intermédiaire (14 %) op Wäin ënner 13%, Wäschmëttel, asw.
  • de reduzéierten Taux (8 %) op Stroum a Gas, Fënsterbotzen, asw.
  • de superreduzéierten Taux (3 %) op Liewensmëttel, Kannergezei, Bicher, asw.

Bannent der EU ginn et Minimal- a Maximaltauxen, op déi sech d'Memberstaaten eens goufen, mä do dertëscht kann all Staat selwer festleeën, wéi héich d'TVA soll sinn.

Referenzen

  1. "Loi du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée." Mémorial A n° vum 19.02.1979.
  2. "Taux applicables" um Site vum Enregistrement; aed.lu.
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.