Uranus (Planéit)

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Uranus
Uranus (Foto: Voyager 2, 1986)
Eegeschaften vum Orbit (Epoch J2000.0)
Grouss Hallefachs 19.201
Exzentrizitéit 0,0472
Perihel 18,324
Aphel 20,078
Bunnschréiegt 0,770 Grad
Ëmlafdauer 84,011 a
Oppositiounsintervall 369,66 d
Ëmlafvitesse 6,81 km/s
Klengsten Ofstand zur Äerd 17,259 AE
Gréissten Ofstand zur Äerd 21,105 AE
Equatorduerchmiesser 51.118
 
Polduerchmiesser 49.946
Mass 8,683 • 1025
Haaptbestanddeeler
Dicht 1,27
Fluchtvitesse 21,3
Rotatiounsperiod 17 h 14 min 24 s
Achseschréiegt 97,77
Albedo 0,51
Maximal Visuell Hellegkeet +5,32 mag
Mounde 27 + Ranksystem[1]
Temperatur 176 K (–197 °C)
Vergläichbild Äerd / Uranus Gréissteverglach tëscht Äerd (lénks) an Uranus

De Planéit Uranus ass, vun der Sonn aus gesinn, de siwente Planéit am Sonnesystem a gëtt zu de jupiterähnleche Gasplanéite gerechent. Hie gouf 1781 entdeckt an no dem griicheschen Himmelsgott Uranos benannt.

Dat traditionellt Zeeche fir de Planéit gläicht deem vum Mars. Als Ënnerscheed huet et am Krees en Zentralpunkt, an de Feil um Krees steet vertikal: ♅. De Buschtaf H steet fir den Uranusentdecker Wilhelm Herschel.

De Gasplanéit ass ënner gënschtegen Ëmstänn ze gesinn, a physikalesch mat dem Neptun vergläichbar. Wat seng Mass ubelaangt, huet hien déi 4. Plaz am Sonnesystem (14 × d'Äerd). Säin Duerchmiesser läit knapps virum Neptun op der drëtter Plaz (nom Jupiter a Saturn).

Geschicht vun der Entdeckung

De Wilhelm Herschel huet de Planéit Uranus den 13. Mäerz 1781 mat engem selwer entwéckelten Teleskop vu sengem Gaart an der englescher Stad Bath aus entdeckt. Den Uranus huet genee an déi vum däitschen Astronom Johann Elert Bode verëffentlecht Titius-Bode-Rei gepasst. D'Harmonie des Himmels vum Johannes Kepler huet sech domat confirméiert.

De Bode huet deemools virgeschloen den neie Planéit nom griichesche Gott Uranos ze deefen. Den Numm huet sech eréischt ëm 1850 duerchgesat a gouf, sou wéi bei de réimeschen Nimm vun den anere Planéiten, der laténgescher Schreifweis ugepasst. Obwuel den Uranus scho fréier observéiert a katalogiséiert gi war, war hien awer net als Planéit erkannt ginn.

De Ranksystem vum Uranus gouf den 10. Mäerz 1977 vum James L. Elliot a senger Equipe mat dem Kuiper Airborne Observatoire entdeckt.

De 24. Januar 1986 ass d'Raumsond Voyager 2 laanscht den Uranus geflunn an huet déi meescht haut bekannt Erkenntnesser iwwermëttelt.

Ëmlafbunn a Rotatioun

Ëmlafbunn

Den Uranus leeft op enger bal kreesfërmeger Ëmlafbunn mat enger Exzentrizitéit vun 0,0457 tëscht Saturn an Neptun ëm d'Sonn. Säi sonnenächste Punkt, de Perihel, läit bei 18,324 AE a säi sonnewäitste Punkt, den Aphel, bei 20,078 AE. Mat bal 3 Mrd. km Ofstand huet huet hien ongeféier déi duebel Distanz zu der Sonn wéi den nächstbannenzege Planéit Saturn. Säi Bunneradius passt genee zu der 1766 formuléierter Titius-Bode-Rei, soudatt d'Entdeckung vum Uranus als Beleeg vun der deemoleger, vum Kepler begrënnter Siicht vun enger „Weltharmonie“ gegollt huet.

D'Bunneplang steet mat 0,772° nëmmen e bëssi schréi zur Ekliptik an huet domat am Verglach mat den anere Planéiten déi klengst Inklinatioun. Fir en Ëmlaf ëm d'Sonn brauch den Uranus ronn 84 Joer.

Rotatioun

Den Uranus rotéiert a 17 Stonne 14 Minutten a 24 Sekonnen eemol ëm seng Achs. Wéi bei alle Gasplanéiten blosen an der Héichatmosphär staark Wanden a Rotatiounsrichtung. A südleche Breeden (ongeféier 60°) beweegt sech déi siichtbar Atmosphär vill méi séier an d'Rotatiounsdauer ass do mat 14 Stonnen entspriechend méi kuerz.

Besonnesch ass datt sengRotatiounsachs bal op sengem Bunnplang läit, hie „wälzt“ sech gewëssermoossen an dëser virun, wann d'Achs a Richtung Sonn weist. D'Achsschréiegt gegen d'Bunneplangvertikal ass 97,77°, soudatt den Uranus réckleefeg rotéiert. Als Folleg vun dëser Schréiegt ass no jiddwer halwem Ëmlaf eemol d'Nordhallefkugel an eemol d'Südhallefkugel der Sonn zougedréit. Mat Ausnam vun enger schmueler Equatorregioun regéiert dann op de jeeweilegen Hallefkugelen stänneg Dag resp. Nuecht (vergläichbar mat Polardag a Polarnuecht op der Äerd). An der Géigend vun de Pole kann e Sonnendag dofir bis zu engem halwen Uranusjoer daueren.

Wéi d'Voyager 2 de 24. Januar 1986 laanscht den Uranus geflunn ass, stoung d'Sonn bal iwwer dem Südpol vum Uranus. 2007 louch si bei der Equinoxe kuerz a sengem Equatorplang.

D'Ursaach vun der staarker Achseschréiegt ass net bekannt. Déi verbreetst Hypothes hëlt eng Kollisioun mat engem grousse Protoplanéit während der Genesisphas un.

No Computersimulatioune misst den Uranus während senger Genesis an der Bildung vu sengem Mound- a Ranksystem vun zwéin oder méi Himmelskierperen[2] oder vun engem Protoplanéit mat der duebeler Äerdgréisst[3][4] getraff gi sinn, fir d'Schréiegt vum ganzen Uranussystem zu der Ëmlafbunn vum Planéit z'erklären.

Physikalesch Eegenschaften

Den Uranus huet eng fir Gasplanéiten typesch niddreg Dicht vun 1,27 g/cm³. Den Equatorduerchmiesser huet mat 51.118 km dat véierfacht vum Äerdduerchmiesser. Wéinst der séierer Rotatioun, verstäerkt duerch déi niddreg Dicht, huet den Uranus mat engem Polduerchmiesser vun 49.946 km eng däitlech Ofplattung vun 1:44. Hien ass nom Jupiter an dem Saturn den drëttgréisste Planéit aus dem Sonnesystem, awer wéinst senger klenger Dicht manner masseräich wéi den Neptun.

Am Strukturmodell gëtt den Uranus als flëssege Planéit mat enger gasfërmeger ieweschter Schicht oder Atmosphär gekuckt, déi net kloer no ënne begrenzt ass. Well sech den Drock, wann et méi déif geet, iwwer de kritesche Punkt erhéicht, geet de Gasmantel ouni Phaseniwwergank vum gasfërmegen an e flëssegen Zoustand iwwer. Als Uewerfläch gouf deejenege Beräich definéiert, bei deem den Drock 1 bar ass. D'Schwéierkraaft mécht op der Ee-Bar-Fläch ronn 90 % vum Schwéierfeld aus.

Obwuel den Uranus undeelméisseg méi schwéier Elementer (méi schwéier wéi Waasserstoff an Helium) wéi de Jupiter huet, ass seng Dicht wéinst senger klenger Mass a méi klengen Dréck bannenzeg (800 GPa amplaz 3000...4500 GPa) méi kleng wéi déi vum Jupiter.[5]

Iewescht Schichten

Den Uranus mat Wolleken, Réng a Mounden am noen Infrarout; eng Foto vum Hubble-Weltraum-Teleskop vun 1998 a Falschfaarwenduerstellung

D'Haaptbestanddeeler vun der ieweschter Gasmantelschicht si molekulare Waasserstoff mat 82,5 ± 3,3 Vol-%, atomaren Helium mat 15,2 ± 3,3 Vol-% an ongeféier 2,3 Vol-% Methan. D'Masseverhältnes Helium:Waasserstoff ass mat 0,26 ganz no vum urspréngleche Masseverhältnes an der Sonn vun 0,27. Als Niewebestanddeel gëtt et nach Deuterium mat zirka 148 ppm Volumenundeel. Als Aerosole ginn Ammoniakäis, Waasseräis, Ammoniumhydrogensulfid a Methanäis diskutéiert. Waasserstoff ka vun der Äerd aus, am Spektrum vum Sonneliicht, dat duerch d'planetaresch Wolleke gestreet gëtt, nogewise ginn. D'Verhältnes vum Waasserstoff zum Helium konnt duerch d'Refraktioun vun de Radiosignaler vum Voyager 2 duerch d'Atmosphär bestëmmt ginn, wéi d'Sond duerch de Funkschiet vum Planéit geflu war.

D'Sonneliicht gëtt vun der ieweschter Wollekeschicht reflektéiert. Déi läit ënner enger Schicht vu Methangas. Wann dat reflektéiert Liicht duerch Schicht geet, absorbéiert de Methangas de roudelzegen Deel vum Liicht , wärend de bloen Deel ongehënnert passéiere kann. Doduerch erschéngt den Uranus blogréng.

Beim Opbau vun der Atmosphär kënnen dräi Schichten ënnerscheet ginn: D'Troposphär an Héichten tëscht -300 an 50 km an d'Dréck vun 100 bis 0,1 bar. D' Stratosphär läit an Héichten tëscht 50 an 4000 km an d'Dréck hunn 0,1 bis 10−10 bar. D' Thermosphär (Korona) streckt sech vu 4000 km bis op 50.000 km iwwer der Uewerfläch. Et gëtt keng Mesosphär.

Troposphär

Dem Uranus seng südlech Hemisphär (Voyager 2)
lénks: am visuellen (orange, gréng, blo); riets: a kuerzwellege Spektralberäicher (orange, violett, UV). Mat UV weist den Uranus dezent Wollekebänner an eng atmosphäresch "Kap".

D'Troposphär ass den ënneschten an dichten Deel vun der Atmosphär. Mat méi grousser Héicht fällt hir Temperatur erof. Um ënneschten Enn vun der Troposphär, dat ongeféier 300 km ënner dem Ee-Bar-Niveau läit, ass d'Temperatur ongeféier 320 K. Bis zum ieweschte Beräich vun der Troposphär, a 50 km Héicht, fällt d'Temperatur op zirka 53 K erof. Si ëmfaasst bal déi ganz Mass vun der Atmosphär an ass och fir de groussen Deel vun der planetarescher Hëtztstralung (wäit Infraroutstralung) verantwortlech.

D'Wolleke besti wahrscheinlech aus Partikele vu gefruerenem Methan, dat als waarme Gas aus méi déiwe Lagen eropklëmmt an an de baussenzege Schichte kondenséiert. Et gëtt ugeholl datt déi ënnescht Wolleken aus Waasser bestinn, an déi iewescht éischter aus Methan. D'Wandvitessen hu bis zu 200 m/s respektiv ronn 700 km/h. D'Temperatur ass bei 1 bar ongeféier 76 K (−197 °C), bei 0,1 bar 53 K (−220 °C).

Stratosphär

An der Stratosphär, der mëttlerer Schicht vun der Uranusatmosphär, erhéicht sech am Allgemengen d'Temperatur mat der Héicht. Op der ënneschter Grenz bei 50 km (bei der Tropopaus) sinn et nach 53 K, während d'Temperatur a 4000 km Héicht (un der Grenz zu der Thermosphär) schonn 800 bis 850 K sinn. D'Ursaache fir d'Erhëtzung vun der Stratosphär ass d'Absorptioun vu solarer UV- an IR-Stralung duerch Methan an aner Kuelewaasserstoffer, déi sech an dësem Deel vun der Atmosphär als Resultat vun der Methanphotolys bilden. Den Hëtzttransport vun der waarmer Thermosphär kéint och dozou bäidroen. D'Kuelewaasserstoffer besetzen e relativ enke Beräich an Héichte vun 100 bis 280 km. Dobäi ass den Drock ongeféier 10 bis 0,1 mbar an d'Temperature leien tëscht 75 an 170 K.

Ethan an Ethin (Acetylen) tendéieren dozou, am keelsten ënneschte Beräich vun der Stratosphär an an der Tropopaus niwweleg Schichten ze bilden. Si kéinten deelweis fir dat detailaarmt Ausgesinn vum Uranus verantwortlech sinn. D'Konzentratioun vu Kuelewaasserstoffer ass an der Stratosphär vum Uranus iwwer dësen Niwwelen wiesentlech méi niddreg wéi an de Stratosphären vun den anere Gasplanéiten. Dat an déi schwaach vertikal Duerchmëschung iwwer der Niwwelschicht maachen d'Stratosphär vum Uranus méi duerchsiichteg an als Resultat méi kal wéi déi vun den anere Gasplanéiten.

Thermosphär a Korona

Déi baussenzeg Schicht vun der Uranusatmosphär ass d'Thermosphär an d'Korona. Si weist eng eenheetlech Temperatur vun 800 bis 850 K op. Déi ass vill méi héich wéi déi 420 K an der Thermosphär vum Saturn. D'Hëtztquellen heifir sinn net bekannt. Weder solares ultraviolett Liicht nach Polarliichtaktivitéiten kënne genuch Energie zur Dispositioun stellen. Wann Hëtztofstralung wéinst dem Feele vu Kuelewaasserstoff an der ieweschter Stratosphär feelt da kéint dat zu der Oprechterhalung vun der héijer Temperatur bäidroen. Zousätzlech zu molekularem Waasserstoff enthalen d'Thermosphär an d'Korona vill fräi Waasserstoffatomen. Där hir niddreg molekular Mass kënnt zesumme mat den héijen Temperaturen erklären, firwat sech d'Korona sou wäit (50.000 km oder zwéin Uranusradien) vum Planéit ewech ausdeent. Dës erweidert Korona ass en eenzegaarteg beim Uranus. D'Korona bremst déi kleng Partikelen of, déi den Uranus ëmkreesen. Als Folleg dovun si d'Réng vum Uranus zimlech stëbsaarm.

Ionosphär

D'Ionosphär vum Uranus entsprécht senger Thermosphär zesumme mam ieweschten Deel vun der Stratosphär. Haaptsächlech weess een iwwer d'Ionen duerch Miessunge vum Voyager 2 Bescheed, souwéi duerch Infrarout-Emissiounen vum H3+-Ion, déi vun äerdgebonnenen Teleskopen festgestallt goufen.

D'Observatioune weisen, datt d'Ionosphär Héichten tëscht 2.000 und 10.000 km besat huet. Si gëtt haaptsächlech vun der UV-Stralung vun der Sonn oprechterhalen an hir Dicht hänkt vun der Sonnenaktivitéit of. D'Aktivitéit vun der Aurora (Polarliicht) ass net sou opfälleg wéi beim Jupiter oder Saturn. Déi iewescht Ionosphär (d'Regioun vun der Thermosphär) ass d'Quell vun der UV-Emissioun vum Uranus, déi als "Daggléien" oder "Elektrogléien" bekannt ass. Si geet genee esou wéi d'IR-Stralung vun der H3+-Ionen nëmme vun der sonnebeliichteter Säit vum Planéit aus. Dëst rätselhaft Phenomen, dat bei den Thermosphären vun alle Gasrisen optrëtt, gëtt elo als eng UV-Fluoreszenz vun atomarem a molekularem Waasserstoff gedeit, déi vu Sonnestralen mat enger méiglechen Bedeelegung vu Photoelektronen ugereegt gëtt.

Bannenzegen Opbau

Bannenzegen Opbau

Ënner der dichter, gasfërmeger Waasserstoff-Methan-Hüll besteet den Uranus deelweis aus verflëssegte Gasen, Äis a méiglecherweis engem klengen Gestengskär. D'Gashüll geet duerch d'Kompressioun an eng "Kuuscht" aus Waasserstoff an Helium iwwer, déi zirka 30 % vum Planéiteradius ausmécht. D'Mass vun dëser ieweschter Schicht mécht ongeféier déi 0,5- bis 1,5-fach Äerdmass aus.

Deen eppes méi décke Mantel aus Waasser, Methan an Ammoniak huet méiglecherweis d'Konsistenz vun Äis an huet de gréissten Deel vun der Uranusmass. Dës dicht Flëssegkeet, déi elektresch gutt leetfäeg ass, gëtt heiansdo och Waasser-Ammoniak-Ozean genannt.

Dëse Mantel ëmschléisst e klengen, eventuell flëssege Kär aus Silizium an Eisen mat enger der Äerd vergläichbarer Mass.

Dësen Opbau ass mam Neptun vergläichbar, ënnerscheet sech awer däitlech vum Riseplanéit Jupiter a Saturn. Déi hunn undeeleg méi Waasserstoff a manner Helium (ähnlech wéi d'Sonn), an hir Mäntel bestinn gréisstendeels aus metalleschem Waasserstoff. D'Käre vun Uranus a Neptun ähnelen deene vu Jupiter a Saturn, awer et feelt déi staark kompriméiert Hüll aus Waasserstoff. Am Zentrum vum Uranus dierft en Drock vu ronn acht Millioune bar bei enger Temperatur vun zirka 5000 °C sinn.

Et gëtt ugeholl, datt d'Matière vum Uranus relativ gläichméisseg verdeelt ass. A Bezuch op intern Hëtztquellen ass hien eng Ausnam ënner de baussenzege Planéiten. Et ass aus bis elo ongekläerte Grënn keng Reserv vu Wäermt méi aus der ursprénglecher Kontraktioun a Stofftrennung disponibel. Eng méiglech Erklärung fir d'Feele vun der bannenzeger Hëtztquell besteet doran, datt beim Aschlag, dee seng Rotationsachs gekippt huet, de Groussdeel vun der ursprénglecher bannenzeger Hëtzt verluer goung. No enger anerer Theorie existéieren an den ieweschte Schichten e puer Barrièren, déi d'Konvektioun aus dem Kär behënneren. Seng Energiequell ass nëmmen absorbéiert Sonnestralung, well hie straalt am Ënnerscheed zu den anere Gasplanéiten net méi Wäermt of, wéi hien der vun der Sonn kritt.

Wieder

Uranus: Réng, de südleche „Collar“ an eng hell Wollek an der nërdlecher Hemisphär sinn ze gesinn. (HST, 2005)

Fotoe vu Voyager 2 weisen 1986 am visuelle Spektrum praktesch keng Uewerflächendetailer. Et hat ee bal keng Wollekebänner oder Stierm, wéi een si soss op anere Gasplanéiten observéiere kann, gesinn. Déi a Richtung vun der Rotatioun séier stiermeg Wollekebänner waren nëmme ganz schwaach opfälleg. Eng méiglech Erklärung fir dëst vergläichsweis rouegt Wieder an déi onopfälleg Wollekeformatioune kéint an der schwaacher bannenzeger Hëtztquell vum Uranus leien.

Den éischten observéierten donkele Fleck um Uranus.
D'Foto gouf 2006 op dem HST vun der
Advanced Camera for Surveys“ (ACS) opgeholl.

Während dem Laanschtfluch vu Voyager 2 stoung d'Sonn iwwer dem Südpol. Trotzdeem war den Uranus aus onbekannte Grënn um Equator méi waarm wéi um sonnege Pol. Doraus haten d'Wëssenschaftler berechent, datt souguer den donkele Pol eppes méi waarm ass wéi deen, wou vun der Sonn ugestralt gëtt. D'Dagestemperaturen an der Atmosphär sinn duerch dës ganz lues Ofkillung – an anerersäits ganz lues Ophëtzung – Bemierkenswert ausgeglach.

Déi südlech Hemisphär kann an zwou Regiounen opgedeelt ginn: Eng hell Polarkap an däischter equatorial Bänner. D'Grenz ass ongeféier bei 45° südlecher Breet. E schmuelt Band, dat de Planéit tëscht dem 45. an 50. südleche Breedegrad ëmspant, ass dat hellste grouss Zeechen op der Uewerfläch vum Planéit. Et gëtt de südleche "Collar" genannt. D'Polarkap an de "Collar" si méiglecherweis eng dicht Regioun vun Methanwolleken.[6] Leider konnten am Ufank vum 21. Joerhonnert, wou d'Regioun vun de Polarkap an d'Siichtfeld koum, d'Hubble-Weltraumteleskop nach d'Keck-Teleskop op Hawaii e „Collar“ oder eng Polarkap an der nërdlecher Hemisphär observéieren. Dofir erschéngt den Uranus asymmetresch: hell an der Géigend vum Südpol an eenheetlech donkel an der Regioun nërdlech vum südlechen "Collars".

An de leschte Joeren koum den Uranus sengem Equinoktium ëmmer méi no an domat gëtt d'Nordhallefkugel zouhuelend méi beliicht. Als Folleg vun dëser erhéichter Sonnenastralung weisen nei Fotoen vum Hubble-Weltraumteleskop vill méi staark entwéckelt Bänner a méi héich Wiederaktivitéit an der nërdlecher Hemisphär. Deemno dominéieren an der Atmosphär vum Gasplanéit, trotz senger grousser Distanz vun der Sonn, extrem Joreszäiten. Hie kritt nëmmen ee Véierhonnerstel vun der Sonnewäermt, déi eis Äerd kritt. D'Sonn gesäit vun him aus gesinn wéi eng winzeg Scheif. Trotzdeem stralt si ëmmer nach 1100-mol méi hell, wéi de Vollmound vun der Äerd aus erschéngt.

Biller vum Keck-Observatoire hunn am Joer 2004 gewisen, datt sech Wirbelstierm deelweis iwwer vill Méint laang halen. An der nërdlecher Hemisphär entdeckten d'Fuerscher eng ronn 29.000 km laang Wollekeformatioun. Dat war déi gréisst bis elo observéiert Wollekestruktur. Si hat sech awer schonn e Mount méi spéit nees opgeléist. Méi laanglieweg hat sech e grousse Stuerm an der südlecher Hemisphär gewisen, dee sech schonn zanter e puer Joer aus onbekannte Grënn iwwer fënnef Breedegrade ewech op an of beweegt hat.

2014 konnte Stierm, déi staark opfälleg waren, souguer vun Amateuren mam Teleskop observéiert ginn.

D'Magnéitfeld

D'Magnéitfeld vum Uranus, wéi et 1986 vu Voyager 2 gesi gouf: N an S sinn de magnéitesche Nord- a Südpol.
Eng Aurora op Uranus an der Héicht vun de Réng.

D'Magnéitfeld vum Uranus ass ongewéinlech an huet d'Form vun engem Quadrupol mat 2 Nord- an 2 Südpolen. E Polpuer ass ëm bal 60° géigeniwwer der Rotatiounsachs gebéit an huet säin Urspronk net am Zentrum vum Planéit, mä ass ëm en Drëttel vum Planéiteradius no Süde hi versat. Méiglecherweis gëtt et duerch Beweegungen an net ze grousser Déift produzéiert, vläicht duerch ioniséiert Waasser. De Neptun hat en ähnlecht geformten a verréckelt Magnéitfeld, wat dorop hindeit, datt déi staark Ofweechung nets mat der Gréisst vun der Achsenschréiegt ze dunn huet. D'Magnéitosphär vum Uranus ass iwwer senger Nuetsäit duerch d'Rotatioun korkenzéieraarteg verwirbelt.

Déi ongewéinlech Geometrie resultéiert an enger héich asymmetrescher Magnéitosphär, bei där d'Stäerkt vum magnéitesche Feld an der südlecher Hemisphär bis zu 0,1 Gauß (10 µT) kleng sinn, an an der nërdlecher Hemisphär bis zu 1,1 Gauß (110 µT) staark ka sinn. Dat duerchschnëttlecht Feld op der Uewerfläch ass 0,23 Gauß (23 µT). Am Verglach dozou ass dat magnéitescht Feld vun der Äerd op béide Pole ongeféier gläich staark, an hire "magnéiteschen Equator" ass bal parallel mat hirem physikaleschen Equator. Den Dipolmoment vum Uranus ass 50-mol méi staark wéi dat vun der Äerd.

Zum Magnéitosphär gehéieren och gelueden Deelercher: Protonen an Elektronen an e klengen Deel un H2+ Ionen. De Partikelfloss ass héich genuch, fir e Verdonkelen oder eng Erosioun vu Mounduewerflächen an engem astronomesch kuerzen Zäitraum vun 100.000 Joer ze bewierken. Dat kéint d'Ursaach fir déi eenheetlech donkel Fierwung vun de Mounde an de Réng sinn.

Den Uranus hat beim Laanschtfluch vu Voyager 2 relativ gutt entwéckelt Auroraen, déi als hell Béi ëm déi magnéitesch Pole gesi goufen. Den Hubble Space Telescope konnt am Joer 2011 kleng ronn Auroraen op der Uranus-Dagsäit observéieren, déi nëmme wéineg Minutten ugedauert haten. Doma hunn sech d'Uranus-Auroraen zanter dem Laanschtfluch vu Voyager 2 däitlech verännert, wat wuel domat zesummenhänkt, datt d'Planéitenachs an domat d'Magnéitfeld zu der Sonn anescht orientéiert sinn wéi beim Laanschtfluch.[7]

Ranksystem

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Réng vum Uranus 


D'Ranksystem vum Uranus
Foto vun den Uranusréng (Voyager 2) aus dem Joer 1986 (Falschfaarwebild), riets den Epsilon-Rank
Foto vun den Uranusréng (Voyager 2).

Uranus ass wéi all Gasris am Sonnesystem vun enger Mass vu klenge Kierper an Deelercher ëmginn, déi de Planéit a Richtung vu senger Rotatioun ëmkreesen a mat hire verschidden dicht belueten Ëmlafbunnen e System konzentrescher Réng formen. Dës befannen sech meeschtens an der Equatorhéicht vum Planéit an haaptsächlech bannenzeg vun der Roche-Grenz.

De Planéiterank vum Uranus gouf den 10. Mäerz 1977 vum James L. Elliot, Edward W. Dunham an dem Douglas J. Mink mam Kuiper Airborne Observatoire entdeckt. D'Entdeckung war e Glécksfall. Si plangten d'Bedeckung vum Stär SAO 158687 duerch den Uranus z'observéieren, fir d'Atmosphär an den Duerchmiesser z'ënnersichen. Bei der Analys vun hiren Observatiounen hu si feststallt, datt de Stär kuerz vir a no der eigentlecher Bedeckung zousätzlech jee fënnefmol kuerzzäiteg verschwonnen ass. Si hunn doraus ofgeleet, datt et e Ranksystem ëm de Planéit muss ginn. D'Réng goufen direkt vu Voyager 2 fotograféiert, wou d'Sond am Joer 1986 laanscht den Uranus geflunn ass. Et war nom Ranksystem vum Saturn dat zweet, dat am Sonnesystem entdeckt gouf.

Rank Ofstand vun der
bannenzeger Kant
vum …
(km)
Breet
(km)
Zentrum Equator
Zeta (1986 U2R) 38.000 12.440 3.500
6 41.840 16.280 1–3
5 42.230 16.670 2–3
4 42.580 17.020 2–3
Alpha 44.720 19.160 7–12
Beta 45.670 20.110 7–12
Eta 47.190 21.630 0–2
Gamma 47.630 22.070 1–4
Delta 48.290 22.730 3–9
Lambda (1986 U1R) 50.020 24.460 1–2
Epsilon 51.140 25.580 20–96
Ny (R/2003 U 2) 65.400 39.840 3.800
My (R/2003 U 1) 86.000 60.440 17.000

Uranus huet wéi de Jupiter e ganz rengt an däischter Ranksystem. Wat d'Gréisst vun den Deelercher betrëfft, besteet et wéi beim Saturn souwuel aus graffe Partikelen a Stécker mat bis zu 10 Meter Duerchmiesser, wéi och aus rengem, awer undeelméisseg winzegem Stëbs. An der Moyenne sinn d'Deelercher méi grouss wéi déi vun de Saturnréng, an der d'Zomm sinn si awer vill manner. Mat Voyager 2 gouf festgestallt, datt d'Totalmass vun den Uranusréng manner ass wéi Deelerchersmass an der Cassinescher Deelung vun de Saturnréng. Opfalend zu anere Gasplanéiten sinn d'Réng zimlech schmuel, mä schaarf begrenzt an duerch grouss eidel Raim vuneneen getrennt. Net all seng Réng sinn kreesfërmeg oder leien an der Equatorhéicht vum Uranus. Den hellste vun hinnen – vum Uranus aus den eeleften – gët mam griichesche Buschstaf Epsilon (ε) gezeechent. A sengem dem Planéit nächste Beräich ass hien 20 km breet a bal onduerchsiichteg, a sengem dem Uranus wäitesten Ofschnëtt ass hien awer mat 96 km fënnefmol méi breet a fënnefmol sou duerchsiichteg. Déi bannenzeg Mounden Cordelia an Ophelia halen als Schéifermounde den dichten Epsilon-Rank vu bannen a baussen duerch hir Gravitatiounswirkung zesummen.

Déi zwee vum Hubble-Teleskop am Dezember 2005 fir d'lescht entdeckte Réng sinn wäit baussenzeg där schon virdrun bekannten eelef a sinn wiesentlech méi breet. Wéinst hirer grousser Distanz zum Uranus ginn si dat baussenzegt Ranksystem genannt. De gréissere Rank läit op duebel sou groussem Ofstand zum Planéit wéi déi virdrun bekannte Réng. Domat sinn 13 Réng bekannt. Am Abrëll 2006 hu Biller vum Keck-Observatoire d'Faarwen vun de neie Réng gewisen: ee war blo, deen anere rout.

Den Hubble hat 2003 och zwee kleng Mounde fonnt, vun deenen een, Mab, säin Orbit mam baussenzegen nei entdeckte Rank deelt. Dëse Rank My (μ) huet seng gréissten Dicht op enger Distanz vun 97.700 km zum Zentrum vum Uranus a seng Rankpartikelen kënnten vum Mound Mab staamen.

Déi bannenzeg Kant vun dësem Rank läit 86.000 km vum Planéitenzentrum ewech, an der Ëmlafbunn vum Mound Puck. Eng Besonneschkeet vum Rank ass e blot Liichten, dat bis elo nëmme vum E-Rank beim Saturn bekannt war. Dëse Saturnrank besteet wahrscheinlech aus ganz rengen Äiskristallen, déi d'Sonneliicht reflektéieren an déi hir Quell a Geysiren um Saturnmound Enceladus hunn. Dat stëtzt d'Meenung, datt déi manner wéi 0,0001 Millimeter grouss Äispartikelen vum Uranusrank, déi kleng genuch sinn, fir blot Liicht ze streeën, vum vill äishaltegen Uranusmound Mab staamen an duerch Meteorittenaschléi an de Weltraum katapultéiert goufen.

Dee weider bannenzeg leiende Rank Ny (ν) ass vu roudelzeger Faarf a besteet wahrscheinlech nieft klengen och aus gréissere Komponenten wéi de bloe Rank. Seng héichst Dicht befënnt sech op enger Distanz vun 67.300 km zum Uranuszentrum. A sengem Dichtmaximum konnt nach kee Mound entdeckt ginn. Déi bannenzeg Réng vum Planéit erschéngen dogéint gro.

D'Réng vum Uranus leien héichstwahrscheinlech net genee zentresch ëm de Planéit, mä schwéngen eppes ëm hien. Als Ursaachen dofir huelen d'Astronomen d'Gravitatiounswierkung vu senge Mounde a senger Ofplattung un.

D'Réng vum Uranus sinn wahrscheinlech relativ jonk. Splécken an hirem Ëmkrees wéi och Ënnerscheeder an hirer Dichtegkeet leien no, datt si net mam Uranus entstoungen. D'Matièredeelercher an de Réng kënnten eemol Deeler vun engem Mound gewiescht sinn, deen duerch en Aschlag mat héijer Vitess oder duerch Gezäitekraafte zerstéiert gouf.

Mounden

Uranus mat 7 Mounde am Infrarout (Paranal-Observatoire, 2002)

Et si 27 Mounde vum Uranus bekannt. Hir Duerchmiesser leien tëscht 10 a 1600 km. Véier vun hinne si sou grouss, datt si wéinst der Mass an engem hydrostatesche Gläichgewiicht sinn an dofir d'Form vun engem Rotatiounsellipsoid hunn. Bei engem fënneften (Miranda) ass dat wahrscheinlech och de Fall.

Uranusmoundentdeckungen

Déi zwéin éischt goufe vum Wilhelm Herschel 1787 entdeckt a vu sengem Jong John Herschel no Figuren aus dem Shakespeare sengem A Midsummer Night's Dream Titania an Oberon genannt. Zwéi weider Mounden, déi de William Lassell 1851 entdeckt huet, goufen Ariel an Umbriel gedeeft, de Gerard Kuiper huet 1948 de Mound Miranda entdeckt. All weider Mounde vum Uranus goufen och no Figure vum Shakespeare oder Alexander Pope benannt. Duerch de Laanschtfluch vun der Raumsond Voyager 2 am Januar 1986 goufen 10 weider Mounden entdeckt. Zanterhier si weider Mounden mat Hëllef vun Teleskopen entdeckt ginn.

Déi lescht Entdeckunge si vun 2005, wou mat dem Hubble Space Telescope nieft zwéi weidere Réng och nach zwéi Mounden entdeckt goufen. Ee vun deene Mounden, mat dem Numm Mab, zerbréckelt wahrscheinlech lues ënner dem stännege Bombardement vu Mikrometeoriten a bilt doduerch ee vun deenen zwéin nei entdeckte Réng. Bei dëser Geleeënheet ass ausserdeem entdeckt ginn, datt virun allem d'Bunne vun deene bannenzege Mounden onstabil sinn, mä datt déi Mounden op chaotesch Aart a Weis Energie an Dréimoment austauschen.

D'Satellitten vum Uranus bilden dräi verschidde Gruppen: eng planéiteno Grupp mat klengen Duerchmiesser a kreesfërmegen Ëmlafbunnen, eng mëttel Grupp dee fënnef grouss Satellitte, souwéi eng baussenzeg Grupp vu klenge Satellitten mat ganz wäiten, ausgepräegten exzentreschen a ganz staark gebéiten respektiv gréisstendeels réckleefegen Ëmlafbunnen. Ënner de groussen Uranusmounden befënnt sech awer keen vun der Gréisst vun de Galiléiesch Mounde vum Jupiter respektiv vum Saturnmound Titan, oder och nëmmen vum gréissten Neptunmound Triton.

Wou während senger leschter Oppositioun am August 2006 d'Equatorgebidder a Richtung Sonn gewisen hunn, konnt mam Hubble-Weltraumteleskop fir d'éischte Kéier en Duerchgank vu sengem Mound Ariel observéiert ginn.

Haaptmounde

Déi fënnef Haaptmounde sinn Miranda, Ariel, Umbriel, Titania an den Oberon. D'Satellittesystem vum Uranus ass dat masseäermste ënner den Gasrisen. Déi ganz Mass vun de fënnef gréisste Mounde zesummen ass manner wéi d'Hallschent vum Neptunmound Triton an entsprécht ongeféier 13 % vun där vun eisem Äerdmound. Dee gréisste Satellit, Titania, huet e Radius vu nëmmen 788,9 km. Dat ass manner wéi d'Hallschent vum Triton, awer e bëssi méi wéi de Rhea, deen zweetgréisste Mound vum Saturn. Titania ass domat den aachtgréisste Mound am Sonnesystem. D'Mounde hunn eng zimlech kleng Albedo. Si streckt sech vun 0,20 fir den Umbriel bis 0,35 fir den Ariel. D'Mounde sinn eng Usammlung aus zirka 50 % Äis a 50 % Fiels. D'Äis kënnt Ammoniak an Kuelendioxid enthalen.

Ënner de Mounden schéngt den Ariel mat de mannsten Aschléikrateren déi jéngst Uewerfläch ze hunn, während Umbriel als eelsten erschéngt. Miranda huet 20 Kilometer déif Canyons mat Splécken, terrassefërmege Schichten, an eng chaotesch Variatioun an Alter an Eegenschaften vun den Uewerflächen. No enger Hypothes kënnt Miranda viru laanger Zäit duerch e massiven Aschlag komplett ausenee gesprengt gi sinn a sech dann nees zesummengebaut hunn. Mirandas jéngst geologesch Aktivitéit gouf wahrscheinlech duerch Hëtztawécklung beaflosst, ausgeléist duerch Gezäitekraaften. Deemols war d'Ëmlafbunn bei enger 3:1-Resonanz mam Umbriel méi exzentresch wéi haut. Griefbrëch, verbonnen mat opklammenden Diapirs, sinn anscheinend d'Grënn fir déi oval Erschéngungsform vum Mound. Och den Ariel hat méiglercherweis eng 4:1-Bunnresonanz mat Titania gebilt.

Onregelméisseg Mounde

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Onregelméissege Satellit 

Onregelméisseg Mounde sinn agefaange Satellitten op grousser Distanz zum Planéit; si hunn eng héich Bunnschréiegt a sinn dacks réckleefeg.

D'Diagramm illustréiert d'Ëmlafbunnen vun den onregelméissege Mounde, déi bis elo entdeckt goufen. D'Exzentrizitéit vun de Bunnen gëtt duerch giel Segmenter (déi de Beräich vum Perizentrum bis zum Apozentrum iwwersträichen) an d'Inklinatioun duerch d'Y-Achs duergestallt. D'Satellitten iwwer der X-Achs beweegen sech prograd (rechtleefeg), d'Satellitten drënner retrograd (réckleefeg). D'X-Achs ass mat Gm (Millioune km) souwéi dem betreffenden Brochdeel vun der Hill-Sphär beschrëft. De gravitativen Afloss, bannenzeg deem en Ëmlaf ëm de Planéit méiglech ass, reecht beim Uranus ongeféier 70 Millioune km an de Raum.

Onregelméisseg Mounde vum Uranus

Anescht wéi beim Jupiter sengen onregelméissegen Satellitten kann an der bekannter Uranus-Populatioun keen Zesummenhank tëscht Bunnradius an Inklinatioun fonnt ginn. Amplaz kënnen déi retrograd Mounde baséierend op dem Verhältnes vun grousser Hallefachs an Exzentrizitéit an zwou Gruppen gedeelt ginn. Déi bannenzeg Grupp faasst Mounde méi no beim Uranus (a < 0,15 rH) a sinn méisseg exzentresch (~ 0,2), speziell: Francisco, Caliban, Stephano an Trinculo. Déi baussenzeg Grupp (a > 0,15 rH) faasst Satellitten mat héijer Exzentrizitéit (~ 0,5): Sycorax, Prospero, Setebos an Ferdinand.[8]

Lëscht vun den Uranusmounden.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den Uranusmounden

Genesis

Bei der Gebuert vun den Äisrisen erreechten si mat hire klengen Äerdmassen ugesammelter Matière vu Gasniwwelen ni de kritesche Punkt vu Jupiter a Saturn, fir nach méi Matière unzezéien. Aktuell Theorien iwwer d'Genesis an d'Bildung vum Sonnesystem hunn Schwiiregkeeten, d'Existenz vun Uranus a Neptun sou wäit baussenzeg vun de Bunnen vu Jupiter a Saturn z'erkläeren. Si sinn ze grouss, fir sech aus der Matière geformt ze hunn, déi am fréie Sonnesystem op dëser Distanz z'erwarde wier. Villméi huelen en etlech Wëssenschaftler un, datt den Uranus an den Neptun sech vill méi no bei der Sonn geformt hunn an duerch de Gravitatiounsafloss vum Jupiter erausgeschleidert goufen. Simulatiounen, déi Enn vun de 1990er Joeren duergefouert goufen, weisenn ënner Berücksichtigung vun der Planéitenwanderung d'Méiglechkeet, datt sech Neptun an Uranus no bei hiren aktuelle Positiounen forme konnten

Eng Simulatioun nom Nizza-Modell, déi di baussenzeg Planéiten an d'Kuiperceinture weist:
a) virun der Jupiter/Saturn-2:1-Resonanz, b) Zerstreeung vun den Objeten vun der Kuiperceinture an d'Sonnesystem, nodeem sech d'Ëmlafbunn vum Neptun verréckelt hat, c) nom Ausstouss vun Objeten aus der Kuiperceinture duerch de Jupiter

No enger anerer, op dem Nice-Modell opgebauter Theorie vun 2007 sollen sech Uranus a Neptun net nëmme méi no bei der Sonn gebilt hunn, mä den Uranus wier och méi wäit vun der Sonn ewech wéi de Neptun entstanen, well hie méi liicht wéi de Neptun ass. Später hätten die beiden Planeten die Plätze getauscht, während sie auf ihre jetzigen Umlaufbahnen gelangten.[9][10]

Observatioun

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Uranuspositiounen 


Déi visuell Magnitude louch vun 1995 bis 2006 tëscht +5,6m an +5,9m. Domat war hie grad nach mat fräiem A ze gesinn (d'Grenz vun der Visualitéit läit bei +6,0m). Säi Wénkelduerchmiesser beweegt sech tëscht 3,4 an 3,7″ (Am Verglach: Saturn tëscht 16″ an 20″, Jupiter tëscht 32″ an 45″). Während senger Oppositioun ass den Uranus a kloeren, donklen Nuechten bei gënschtege Bedéngungen theoretesch mat bloussem A ze gesinn.[11] Mat enger Spektiv ass hien ëmmer liicht te fannen. A gréisseren Amateurteleskopen mat engem Objektivduerchmiesser vu 15 bis 23 cm erschéngt den Uranus als eng bleech cyanfaarweg Scheif mat enger däitlicher Randverdonklung. Mat engem méi staarken Teleskop vu 25 cm oder méi kéinten och Wollekestrukturen an en etlech vun de gréissere Mounde wéi Titania an Oberon ze gesi sinn.

Entdeckung

Den Uranus ass bei ganz gudde Bedéngungen mat bloussem A ze gesinn, allerdéngs entsprécht seng Hellegkeet nëmmen engem grad nach z'erkennbarer Stär 6. Gréisst. Dogéint zielen all der Sonn an der Äerd noe Planéiten – vum Merkur bis Saturn – mat enger Hellegkeet vun op mannst 1. Gréisst zu den opfällegsten Objeten um Himmel a sinn zanter der Antikitéit als Wandelstäre wuelbekannt. Wéinst senger lueser Bunnbeweegung blouf den Uranus och no der Erfindung vum Teleskop nach laang als Planéit onerkannt a gouf bei vereenzelten Observatiounen fir e Fixstär gehalen. Dat hat och den John Flamsteed gemaach, deen hien 1690 als „34 Tauri“ fir d'éischt katalogiséiert hat, oder den Tobias Mayer am Joer 1756.

De Museker an Amateur-Astronom Wilhelm Herschel gouf duerch seng Entdeckung vum Uranus e geadelten Beruffsastronom.

De Sir Friedrich Wilhelm Herschel hat de Planéit zoufälleg den 13. Mäerz 1781 mat engem selwerr gebauten 6-Zoll-Spigelteleskop entdeckt. Hien hat den Himmelskierper am Ufank fir e Koméit gehalen, well kaum een dru geduecht hat, datt et méi wéi déi bis dohin albekannte Planéiten kënnt ginn.[12]

Bannenzeg vun dräi Méint no senger Entdeckung huet d'Wëssenschaft dem Herschel säi Fundus schliisslech als neie Planéit unerkannt. Déi éischt prezis Bunnbestëmmung war dem Benediktiner Placidus Fixlmillner (1721–1791) op dem Observatoire Kremsmünster gelongen. D'Mathematiker an Astronomen Anders Johan Lexell an Pierre-Simon Laplace haten mat hire Berechnungen scho bal weise kënnen, datt et sech ëm e Planéit handele muss, dee sech am 19-fachen Ofstand vun der Äerd ëm d'Sonn beweegt. Den Uranus passt domat genee an déi vum däitschen Astronom Johann Elert Bode publizéiert Titius-Bode-Rei. D'Vergréisserung vum bekannte Sonnesystem hat sech domat verduebelt.

De Wilhelm Herschel hat och, sechs Joer nom Uranus, zwee vun de gréissten Uranusmounden Titania an den Oberon entdeckt. Déi grouss Schréiegt vum Bunnplang vun dësen an alle weideren Uranusmounden hat dozou , datt d'Meenung, déi ufanks ugeholl gouf, sech bestätegt huet. - D'Rotatiounsachs vum Uranus a senge Moundbunnen staark gebéit sinn.

Wéi ëmme méi Differenze vun den observéierte Positiounen vum Uranus zu de berechente festgestallt goufen, gouf ugeholl datt en onbekannten Himmelskierper d'Ursaach vun de Bunnstéierunge wier, wat dozou gefouert huet datt no nach engem Planéit gesicht gouf. 1846 gouf den Neptun entdeckt.

Benennung

Mat der Entdeckung vun engem neie Planéit hat eng iwwer sechzeg Joer dauernd Debatt ëm seng Benennung nees ugefaangen. Den Herschel selwer huet hien zu Éieren vum engleschen Kinnik Georg III. Georgium Sidus. De Jesuit an Astronom Maximilian Hell hat Urania, de Numm vun der Astronomie-Muse virgeschloen. Am Frankräich hunn d'Astronomen hien als Herschel bezeechent, bis de Bode virgeschloen huet, hien nom griichesche Gott Uranos ze nennen. De Numm hat sech awer eréischt géint 1850 duerchgesat a gouf, entspriechend de réimesche Nimm vun den anere Planéiten, der laténgescher Schreifweis ugepasst. An der réimescher Mythologie ass den Uranus de Papp vum Saturn, deen de Papp vum Jupiter ass.

Doduerch gouf et den eenzege Planéit am Sonnesystem, dee net direkt no enger réimescher Gottheet genannt gouf resp. an de meeschte Sproochen de Numm vun enger réimescher Gottheet dréit. Deen nach méi wäit distanzéierte Neptun an de Pluto goufen nees nom ale Schema genannt. Déi bis dohin bekannte Planéiten goufen an der Antikitéit mat Gëtter gläichgesat. D'Réimer haten d'Bezeechnungen vun de Griichen iwwerholl, hunn awer hir eegen, de griicheschen entspriechende, Gëtter agesat.

Symbol

Platinsymbol als Zeechen fir Planéit Uranus
Zeechen dat den Herschel etworf hat

Wéi de siwe klassesche Planéiten sollt de neie Planéit och e Planéitemetall zougerechent ginn, woufir de Platin a Betruechcht gezunn gouf. Vun him hat de Bode d'Symbol no engem Virschlag vum Johann Gottfried Köhler[13] als astronomescht Zeechen fir den Uranus geléint.

An dëser moderner Zäit hat awer 1790 de Chemiker Martin Heinrich Klaproth dat vun him am Joer virdrun entdeckten Element „Uranium“ (haiteg Bezeechnung: Uran) nom neie Planéit bezeechent.

Am Frankräich an och an England gouf en Uranussymbol benotzt, dat speziell entworf gi war a mat der Initial H op den Herschel hindeit. An engem Bréif un den Herschel hat de franséischen Astronom Jérôme Lalande 1784 d'Symbol mat de Wierder

»un globe surmonté par la première lettre de votre nom« („Eng Kugel mam éischte Buschstaf vun ärem Numm driwwer“) virgestallt. D'Symbol gëtt haut, obwuel et op dëse béiden Astronomen vum 18. Joerhonnert zréckgeet, haaptsächlech an der Astrologie benotzt.

Fuerschung

Zesummegesate Hubble-Fotoë vun 2003 an 2005, mat den zwee fir d'lescht entdeckten, baussenzege Riéng.
Réckbléckend Foto mat där vun der Äerd aus net siichtbarer Nuetssäit vum Uranus, opgeholl vun der Raumsond Voyager 2 den 25. Januar 1986 nom Laanschtfluch

Den Wilhelm Herschel hat a senge Manuskripten vun 1797 schonn ee Rank ëm den Uranus beschriwwen, mä déi Observatioun gouf als eng Täuschung opgefaasst. Och noh der Entdeckung vun 1977 hat keen den historeschen Opzeechnungen getraut, well sech d'Réng vill ze liichtschwaach gewisen haten, als datt hie si mat senge Mëttelen hätt kucke kënnen. Bis de britesche Fuerscher Stuart Eves d'Notizen ënnersicht an an den Angaben Iwwereneebestëmmungen mat der Gréisst, der Lag an der Faarf vum Epsilon-Rank fonnt huet. Am Abrëll 2007 presentéiert hien eng Thes, no déier d'Uranusréng virun 200 Joer méi hell waren. Hie begrënnt dëst mat ähnleche Verännerungen vun de Saturnréng, déi méi diffus an däischter ginn.

Déi bis elo eenzeg Raumsond, déi den Uranus besicht hat, war d'Voyager 2. Si war den 20. August 1977 gestart. Op hirer Grand Tour zu alle véier Riseplanéiten koum si 1979 beim Jupiter laanscht a mat engem Swing-by zum Saturn, wou si 1981 e weidere Schwong a Richtung Uranus krut. Dee gouf dann den 24. Januar 1986 passéiert. Déi iwwermëttelt Biller an Daten erreechten d'Äerd eréischt no zwou Stonnen a 45 Minutten.

Beim Ufluch goufen mat der Sond nieft den an der Tëschenzäit néng bekannte Réng a fënnef Mounden zwee weider Rénge an zéng nei Mounde entdeckt. De 16. Satellit gouf nach 13 Joer méi spéit op de Fotoe entdeckt a konnten no weidere véier Joer mam Weltraumteleskop Hubble bestätegt ginn. Well den Uranus der Sonn während der Passage seng Südpolregioun zougedréit hat, war Voyager 2 tëscht déi konzentresch Bunnen vu senge Mounde duerchgeflunn, wéi duerch d'Kreeser vun enger opriichten Zilscheif, a well si e Swing-by a Richtung Neptun geholl huet, konnt si duerch dësen Ëmstand net e puer Uranusmounde hannerenee ufléien. Sou hat si héich opgeléiste Fotoe nëmme vum Miranda, deen sech als geologesch interessantest gewisen hat. Et gouf nach d'magnéitescht Feld, déi onreegelméisseg Struktur, d'Schréiegt a seng eenzegaarteg Stëpselzéierverwirbelung (Magnéitschwäif), ervirgeruff duerch déi säitwäerteg Beweegung vum Uranus, ënnersicht. Eng weider Raumsond zum Uranus ass aktuell net geplangt.

Den Uranus stoung am Joer 2007 an enger rarer „Kantestellung“ – een Evenement, dat nëmmen all 42 Joer virkënnt. Dëst hat de Fuerscher och mat äerdgebonnene Teleskopen besonnesch Geleeënheeten fir Miessungen ginn. Et gouf versicht, Verännerungen, déi duerch de Wiessel vun de Joerszäiten op Uranus verursaacht goufen, a senger Atmosphär ze fannen. Zum aneren koum et duerch déi speziell Geometrie zu géigesäitege Bedeckungen an Uranusmounddäischterten. Géifen dës Evenementer gemooss, géifen sech d'Bunnparameter vun de Mounde vill méi genee bestiëmmen, als et bis elo de Fall war – sou de Verdacht vun de Fuerscher.

Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur

Um Spaweck

Commons: Uranus (Planéit) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Video

Referenzen

  1. Uranus: Hubble entdeckt nei Mounde a Réng
  2. Jan Hattenbach: PLANETENSYSTEM, Uranus: KO in (mindestens) zwei Runden, in astronomie-heute.de, Datum: 14. Oktober 2011, gekuckt den 15. Oktober 2011
  3. Planetare Katastrophe am Uranus? Urzeit-Kollision könnte Eisplaneten auf die Seite gekippt und sein Magnetfeld geprägt haben
  4. J. A. Kegerreis, L. F. A. Teodoro, V. R. Eke, R. J. Massey, D. C. Catling, C. L. Fryer, D. G. Korycansky5, M. S. Warren6, and K. J. Zahnle: Consequences of Giant Impacts on Early Uranus for Rotation, Internal Structure, Debris, and Atmospheric Erosion. The Astrophysical Journal, Volume 861, Number 1
  5. Britannica Uranus
  6. K.A. Rages, H.B. Hammel, A.J. Friedson: Evidence for temporal change at Uranus’ south pole. In: Icarus. 172, 2004, S. 548,.
  7. Laurent Lamy et al.: Uranus auroras glimpsed from Earth, op der Internetsäit vun der American Geophysical Union, Datum: 13. Abrëll 2012, gekuckt den 2. Mee 2012.
  8. Scott S. Sheppard, David C. Jewitt, and Jan Kleyna An Ultradeep Survey for Irregular Satellites of Uranus: Limits to Completeness, The Astronomical Journal, 129 (2005), S. 518–525.
  9. Platzwechsel von Neptun und Uranus in scinexx, als Quelle gibt der Artikel: Arizona State University, 13. Dezember 2007 – NPO, an.
  10. NIKKI STAAB: Solar system swap: Uranus and Neptune switched places, in ASU Research Matters, 24. Januar 2008
  11. siehe z. B. Martin Neumann: Uranus mat bloussem A observéieren.@spektrum.de, 24. Oktober 2014, gekuckt de 6. November 2014
  12. Mr. Herschel and Dr. Watson: Account of a Comet. By Mr. Herschel, F. R. S.; Communicated by Dr. Watson, Jun. of Bath, F. R. S. Phil. Trans. R. Soc. Lond. January 1, 1781 71:492-501; doi:10.1098/rstl.1781.0056 (Volltext)
  13. Bode: Von dem neu entdeckten Planeten. 1784, S. 95
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.