Viorica Dăncilă

Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Viorica Dăncilă
Viorica Dăncilă.jpg
Gebuertsnumm Vasilica Viorica Dăncilă
Gebuer 16. Dezember 1963
Nationalitéit Rumänien
Aktivitéit Politiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Vasilica Viorica Dăncilă, gebuer de 16. Dezember 1963 zu Roșiorii de Vede, ass eng rumänesch Politikerin (PSD) an zanter dem 29. Januar 2018 Ministerpresidentin vu Rumänien.

D'Viorica Dăncilă huet vun 1983 bis 1988 zu Ploiești fir Ingenieur am Beräich Pëtrolfërderung studéiert, an dono als Ingenieurin an der Pëtrols- a Gasproduktioun an als Dozentin am Industrielycée vu Videle geschafft. Vun 2004 bis 2006 huet s'op der Școala Națională de Studii Politice și Administrative zu Bukarest Politik- an Administratiounswëssenschaften studéiert an doran hire Master gemaach.

1996 gouf si Member bei der sozialdemokratescher Partei. 2009 gouf si Deputéiert am Europaparlament.

Nodeems de Minsterpresident Mihai Tudose am Januar 2018 zréckgetruede war, gouf si vun der PSD als säin Nofolger virgeschloeen, an den 29. Januar 2018 vum rumänesche Parlament akzeptéiert.

Um Spaweck

Commons: Viorica Dăncilă – Biller, Videoen oder Audiodateien
The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.