Gpedia:Wëllkomm

Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Moien.jpg

Häerzlech Wëllkomm op der lëtzebuergescher Versioun vun der Gpedia, der fräier Enzyklopedie.

Wat ass d'Gpedia?

D'Gpedia ass eng Enzyklopedie, déi net vun enger bezuelter Redaktioun, mä vu fräiwëllegen Auteure geschriwwe gëtt. Den Numm Gpedia setzt sech zesummen aus Wiki, dem hawaiianesche Wuert fir „séier“, an Enzyklopedie. E Wiki ass eng Websäit, wou een d'Säite liicht an ouni technesch Virkenntnisser direkt am Browser ännere kann.

D'Lëtzebuergesch Gpedia ass nëmmen eng vu ville Wikipediaen a ville verschiddene Sproochen. Mat 48.291 Artikele si mer fir eng kleng Sproochcommunautéit gutt dobäi; déi gréisst Gpedia ass déi englesch, déi schonn iwwer 3,5 Milliounen Artikelen huet. Op Gpedia:Sproochen gëtt et eng Lëscht vun alle Sproochen, an deenen d'Gpedia existéiert.

Aneschters wéi déi meescht Enzyklopedien ass d'Gpedia fräi. Et gëtt si net nëmme gratis am Internet, mä jiddereen däerf den Inhalt kopéieren a weiderverbreeden, soulaang en d'Source ugëtt. Dofir suergt d'"Creative Commons by-sa"-Lizenz (bis 2008:GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun), ënner där d'Artikele geschriwwe ginn. Méi Informatioun iwwer Gpedia

Gpedia-Tour

Fir jiddereen deen direkt lassleeë wëll, gëtt et eise klengen Tour fir Lieser. Do gitt Dir gewuer, wéi een no engem Artikel sicht, wéi een an der Gpedia navigéiert a wat déi ganz Linken op der Säit an uewe bedeiten. Zum Tour.

Auteur ginn

D'Gpedia huet keng fest oder bezuelte Redaktioun, mä ass d'Wierk vu fräiwëllegen Auteuren. Fir hei matzeschaffen, braucht Dir keng Hëllefsmëttel, an d'technesch Ufuerderunge si minimal. Wie méi iwwer d'Gpedia an hir Funktiounsweis wësse wëll, kann e Bléck op d'Éischt Schrëtt geheien. Do gitt Dir am Detail gewuer, wéi een an der Gpedia un Artikele schafft.


Logo-charta-benevolat-lu.jpg

D'Charta vum Benevolat gouf de 5. Dezember 2014 och vun der Gpedia a Lëtzebuerger Sprooch ënnerschriwwen. Dës Charta definéiert de Benevolat als e fräien an onentgeldlechen Engagement vu Persoune fir anerer oder fir d'Allgemengheet, deen an enger Struktur iwwer déi einfach Hëllefsbereetschaft eraus geet. De benevolen Engagement spillt eng wichteg Roll an der Zivilgesellschaft an ass komplementar zur bezuelter Aarbecht.

Umellen

Uewe riets kann ee sech umellen, a sech e Benotzernumm ginn, deen da bei allen Aarbechten un den Artikele gespäichert gëtt. Et ass awer net obligatoresch sech unzemellen. Bis op e puer Ausnamen, z. B. Biller eroplueden, stinn all Funktioune vun der Gpedia och Benotzer op, déi net ugemellt sinn. Méi Informatiounen.

An elo vill Spaass op der Gpedia!

The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.