Wikipedia op Lëtzebuergesch

Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Entwécklung vum Total vun den Artikelen (2004-2015)
Logo fir den 10. Gebuertsdag vun der Wikipedia op Lëtzebuergesch

D'Wikipedia op Lëtzebuergesch (oder och: Lëtzebuergesch Wikipedia) ass d'Versioun a Lëtzebuerger Sprooch vun der Online-Enzyklopedie Wikipedia. Si gouf am Juli 2004 kreéiert.

Ablécklech gëtt et genee 49.801 Artikelen op dëser Wikipedia-Versioun.

Geschicht

D'Initiativ vun enger lëtzebuergescher Versioun vu Wikipedia goung op d'Benotzerin Briséis zréck, déi am Juli 2004 d'Versioun lb.wikipedia.org bei der Wikimedia Foundation ugefrot an d'Text-Coden, z. B. fir d'Navigatioun, iwwersat huet. Den éischten Artikel ("Wikipedia") goung den 21. Juli 2004 um 10:57 online (1. Versioun: [1]). Et koumen no: Enzyklopedie um 15:42 (1. Versioun: [2]), Geschicht (15:54; 1. Versioun: [3]), Herodot (21:09; 1. Versioun: [4]) a Matthew Perry (22:15, 1. Versioun: [5]).

Zanterhier kommen an der Moyenne eng 8 Artikelen den Dag bäi.[1] Den 10. September 2004 waren déi éischt 1.000 Artikele beieneen, an den 23. Juli 2006 gouf deen 10.000. Artikel ugeluecht.[2]

Am Juli 2014, fir den 10. Gebuertsdag vun der Wikipedia op Lëtzebuergesch, gouf d'Zuel vun zirka 41.400 Artikelen erreecht. Am Summer 2014 gouf op den 10. Gebuertsdag duerch en adaptéierte Wikipedia-Logo higewisen.

D'Zuel vun de registréierte Benotzer läit bei imposanten 34.934, dovu sinn déi allermeescht awer Leit déi e globale Benotzerkont hunn, mat deem s'op alle Sproochversioune vu Wikipedia ugemellt sinn, och wa se nëmmen op enger oder e puer dovun aktiv sinn (an deemno nëmmen e Brochdeel dovun op dëser). "Aktiv Benotzer" (d. h. déi, déi op d'mannst eng Ännerung am Mount maachen) sinn et der op der lëtzebuergescher Wikipedia am Ament 101; där, déi méi wéi 5 Ännerungen am Mount maachen, an der Moyenne knapps 30, a "ganz aktiv" (d. h. déi, déi méi wéi 100 Ännerungen am Mount maachen) sinn et ëm déi aacht.[1]

Literatur

Um Spaweck

Commons: Wikipedia op Lëtzebuergesch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

The article is a derivative under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License. A link to the original article can be found here and attribution parties here. By using this site, you agree to the Terms of Use. Gpedia Ⓡ is a registered trademark of the Cyberajah Pty Ltd.