2025
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2021 |
2022 |
2023 |
2024 |
2025
| 2026
| 2027
| 2028
| 2029
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2025.
D'Joer 2025 huet op engem Mëttwoch ugefaangen. Et ass kee Schaltjoer.
Evenementer
- 6. Januar: Indonesien gëtt Member vum BRICS.
Europa
- 1. Januar: Bulgarien a Rumänien trieden dem Schengen-Raum op de Landgrenze bäi.
- 12. Januar: Den Zoran Milanović gëtt am zweeten Tour vun de Presidentewalen a Kroatien zum President vu sengem Land erëmgewielt.
- 23. Januar: De Micheál Martin gëtt an Irland fir d'zweet Kéier zum Taoiseach ernannt.
- 26. Januar: Dem belarusseschen Autokrat Aljaksandr Lukaschenka seng Amtszäit vu bis ewell iwwer 30 Joer gëtt ëm weider 5 Joer verlängert.
Lëtzebuerg
- 2. Mäerz: Dat lescht Deelstéck vun der Luxtram-Linn T1 vun der Luxexpo bis bei de Fluchhafe Findel gëtt a Betrib geholl (ugekënnegt).
- 3. Oktober: Den Henri vu Lëtzebuerg trëtt als Groussherzog of; säi Fils Guillaume gëtt Trounfollger (ugekënnegt).
Afrika
Amerika
Nordamerika
- 20. Januar: Den Donald Trump gëtt fir d'zweet Kéier als President vun de Vereenegte Staate vereedegt.
Mëttel- a Südamerika
- 10. Januar: Den Nicolás Maduro gëtt fir eng drëtt Kéier als President vu Venezuela vereedegt.
Asien
Arabesch Welt an Noen Osten
- 9. Januar: De Generol Joseph Khalil Aoun gëtt vum libaneesesche Parlament zum President vum Libanon gewielt.
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Kino
Ekonomie
Wëssenschaft an Technik
- 15. Januar: U Bord vun zwou SpaceX-Rakéite ginn de Rover Tenacious an den Nano-Satellit POQUITO an den All geschéckt; deen ee Richtung Mound, deen aneren op Orbit. Béid goufen zu Lëtzebuerg entworf a gebaut.
Sport
Gebuer
Gestuerwen
- 4. Januar: Paul Cloos, lëtzebuergeschen Agrochemiker.
- 5. Januar: Konstantinos Simitis, griichesche Politiker.
- 7. Januar: Jean-Marie Le Pen, franséische Politiker.
- 8. Januar: Camille Montaigu, franséische Journalist.
- 13. Januar: Michel Medinger, lëtzebuergesche Liichtathleet a Fotograf.
- 13. Januar: Oliviero Toscani, italieenesche Fotograf.
- 14. Januar: Marie-Thérèse Tholl, lëtzebuergesch Botanikerin a Mykologin.
- 16. Januar: David Lynch, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 16. Januar: Joan Plowright, englesch Schauspillerin.
- 20. Januar: Bertrand Blier, franséische Filmregisseur.
- ≤ 27. Januar: Fred Harles, lëtzebuergesche Museker.
- ≤ 28. Januar: Horst Janson, däitsche Schauspiller.
- 30. Januar: Marianne Faithfull, britesch Sängerin a Schauspillerin.
Um Spaweck
| Commons: 2025 – Biller, Videoen oder Audiodateien |