Analcim

Analcim
Analcim vum Mont Saint-Hilaire am Québec

Analcim ass e Mineral, dat zu de Tektosilikate gehéiert.

Den Numm

Analcim huet säin Numm vum griicheschen analkis, dat schwaach bedeit. Wann dat Mineral waarm gemaach gëtt oder geriwwe gëtt, luet et sech nëmme schwaach elektrostatesch op.

Wou et ze fannen ass

D'Kristallen entstinn un de Borden a bannent den Huelraim am Granit, Basalt an Diabas. Besonnesch schéiner goufen an Neiséiland, Island, Schottland an op de Faröer Insele fonnt.

D'Faarf

Analcim ass meescht ouni Faarf, oder et geet an dat Wäisst eran. Et kann awer orange, rosa, giel, brong oder rout sinn. De Stréch ass wäiss.

Firwat et gebraucht gëtt

Analcim gëtt fir d'Produktioun vu Silikagel gebraucht.

Eegenschaften

  • Cheemesch Struktur: Na[AlSi2O6]·H2O
  • Mohshäert: 5 - 5,5
  • Habitus: Trapezoeder
  • Kristallsystem: Kubesch

Um Spaweck

Commons: Analcime – Biller, Videoen oder Audiodateien