Arthur Honegger

Arthur Honegger
Gebuertsnumm Oscar-Arthur Honegger
Gebuer 10. Mäerz 1892
Le Havre
Gestuerwen 27. November 1955
Paräis
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Schwäiz, Frankräich
Educatioun Paräisser Conservatoire,
Hochschule für Gestaltung und Kunst
Aktivitéit Musikolog, Musekspedagog, Filmkomponist, Komponist
Member vun Bayerische Akademie der Schönen Künste, Académie des beaux-arts

Den Arthur Honegger, gebuer den 10. Mäerz 1892 zu Le Havre, a gestuerwen de 27. November 1955 zu Paräis, war e franséisch-schwäizerescher Komponist.

Hien huet eng 200 Wierker komponéiert; dat bekanntst dierft Pacific 231 (1923) sinn, dat vum Geräisch vun enger Damplokomotiv inspiréiert ass. Hie war e bedeitende Vertrieder vun der Groupe des Six.

Als Hommage huet d'Schwäizer Nationalbank hien op den 20-Frang-Billjeeë ofgebilt.

Wierker (Auswiel)

  • Szenesch Oratorien:
    • Le Roi David, dramateschen/sinfonesche Psalm fir Spriecher, Soli, Chouer an Orchester (1921/1923)
    • Cris du Monde (1931)
    • Jeanne d'Arc au bûcher, nom Paul Claudel (1935/1950)
    • La danse des morts, nom Paul Claudel (1940 [1938?])
    • Nicolas de Flue (1940)
  • Bibleschen Drama:
    • Judith, Oper (1925)
  • Operen:
    • Antigone, Oper no der Tragedie vum Sophokles an der Adaptatioun vum Jean Cocteau (1927)
    • L'Aiglon (1937)
  • Operetten:
    • Les aventures du Roi Pausole (1930)
    • La belle de Moudon (1931)
    • Les petites Cardinales (1938), zesumme mam Jacques Ibert
  • Balleten:
    • Vérité-Mensonge (1920)
    • Skating Rink (1922)
    • Sous-marine (1925)
    • Rose de métal (1928)
    • Un oiseau blanc s'est envolé (1937)
  • 5 Sinfonien:
    • 1. Sinfonie (1930)
    • 2. Sinfonie fir Sträichorchester an Trompett ad libitum (1941)
    • 3. Sinfonie Symphonie liturgique (1946) mam 2. Saz: De profundis
    • 4. Sinfonie Deliciae Basilienses (lat. Basler Freuden; 1946)
    • 5. Sinfonie Di tre re (1950)
  • aner Orchesterwierker
    • Pastorale d'été, sinfonescht Gedicht fir e klengen Orchester (1920)
    • Pacific 231, sinfonesche Saz Nr. 1 (1923)
    • Rugby, sinfonesche Saz Nr. 2 (1928)
    • sinfonesche Saz Nr. 3 (1933)
  • Filmmusek
    • Napoléon (1926/27)
    • Das Ende der Welt
    • L'Idée (1934)
    • Crime et Chatiment (1934)
    • Les Misérables (1934)
    • Der Dämon des Himalaya (1934/35)
    • Mayerling (1936)
    • Pygmalion: Der Roman eines Blumenmädchens (1939)
    • Le journal tombe à cinq heures (1942)
    • Mermoz (1943)
  • Kammermusek
    • Sonatine fir Klarinett a Piano
    • 3 Sträichquartetter
    • Intrada fir Trompett a Piano
    • Danse de la chèvre fir Solo Flütt, 1921
  • Chouerwierker
    • Kantaten
      • Une Cantate de Noël (1953; säi lescht Wierk)
    • Lieder
  • Schrëften
    • Je suis compositeur Autobiographie (1951)

Um Spaweck

Commons: Arthur Honegger – Biller, Videoen oder Audiodateien