Baden-Baden

Baden-Baden
Vue op Baden-Baden
Land Däitschland
Bundesland Baden-Württemberg
Regierungsbezierk Karlsruhe
Awunner 57.420 (31. Dezember 2023)
Fläch 140.21
Héicht 161
Koordinaten 48°45'43"N, 8°14'27"O
Telefonszon 07221
Postcode 76530
Websäit https://www.baden-baden.de/
Jumelage mat Menton, Moncalieri, Karlovy Vary, Jalta, Sotschi

Baden-Baden ass eng däitsch Stad am Weste vu Baden-Württemberg. Si ass déi klengst vun am Ganzen 9 kreesfräie Stied an deem Bundesland. D'Stad ass eng bekannt Kuruertschaft.

Geographie

Baden-Baden läit am nërdleche Schwarzwald no bei der franséischer Grenz am Dall vun der Oos.

Kuckeswäertes a Kultur

Sophiestrooss am Zentrum vu Baden-Baden
  • Den Theater ass en Theater mat engem festen Ensembel. E läit um Ufank vun der Lichtentaler Allee.
  • D'Festspillhaus ass déi zweetgréisst Concertshal an Europa.
  • De stättesche Musée ass am Alleehaus an der Lichtentaler Allee.
  • De Musée Frieder Burda läit och an der Lichtentaler Allee direkt nieft der Konschthal.
  • Den architektonesche Mëttelpunkt vu Baden-Baden ass d'Kurhaus mat sengem Casino.
  • D'Caracalla-Thermalbieder sinn e modernt Thermalbad.
  • Klouschter vun den Zisterzienserinnen.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Baden-Baden – Biller, Videoen oder Audiodateien