CR218
| CR218 | ||
| Land: | ||
| Direktioun: | Vum Eecher Bierg a Clausen | |
| Laf an Uschlëss | ||
| Eecher Bierg | ||
| Sichenhaff | ||
| Pafendall | ||
| Clausen | ||
Den CR218 ass e Chemin repris am Kanton Lëtzebuerg um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg.
En huet säin Ufank um Fouss vum Eecher Bierg op der N7, a féiert vun do op de Sichenhaff. Do geet et dann op de rietsen Uwänner vun der Uelzecht a Richtung Pafendall, fir dann a Clausen beim Mansfeldtuerm op d'N1 an d'N1A ze stoussen.
Vun der Eecher Plaz bis bei d'Pafendaller Kierch heescht den CR218 Rue Saint-Mathieu a vun der Kierch bis bei de Mansfeldtuerm ass et d'Rue Vauban.
Den CR218 ass ronn 2,2 km laang.