Claude Rich

Claude Rich
Gebuertsnumm Claude Robert Rich
Gebuer 8. Februar 1929
Stroossbuerg
Gestuerwen 20. Juli 2017
Orgeval
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Conservatoire national supérieur d'art dramatique,
Cours Simon
Aktivitéit Schauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Dramatiker
Famill
Bestuet mat Catherine Rich
Kanner Delphine Rich
De Claude Rich 2013

De Claude Rich, gebuer den 8. Februar 1929 zu Stroossbuerg, a gestuerwen den 20. Juli 2017 zu Orgeval, war e franséische Schauspiller.

Dem Claude Rich säin éischte Film am Joer 1955 Les grandes manœuvres, vum René Clair mat der Michèle Morgan an dem Gérard Philipe gëtt haut zu de Klassiker vum franséische Kino gezielt. Nieft populären Ënnerhalungsfilmer huet hien awer och a Filmer vu bedeitende Filmregisseure wéi Michel Deville, Claude Chabrol, Jean Renoir, René Clément an Alain Resnais matgespillt. Am Film Le souper (1992) vum Édouard Molinaro mam Michel Piccoli a Claude Brasseur huet hien den Talleyrand gespillt an hie krut fir déi Roll den César als beschten Haaptacteur.

Nieft sengen iwwer 120 TV- a Kinosfilmer huet hien awer ni opgehalen am Theater opzetrieden.

De 26. Juni 1959 huet hie sech mat der Catherine Renaudin bestuet.

Zu Masevaux am Elsass droen e Kino an eng Konschtgalerie dem Claude Rich säin Numm.

Filmographie

Kino

vun 1955 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1989

vun 1990 bis 1999

vun 2000 bis 2009

  • 2000: Les acteurs, vum Bertrand Blier mam Pierre Arditi an Josiane Balasko
  • 2001: Concorrenza sleale, vum Ettore Scola mam Sergio Castellitto
  • 2002: Les amants de Mogador, vum Souheil Ben-Barka mam Marie-Christine Barrault
  • 2002: Astérix & Obélix: Mission Cléopâtre, vum Alain Chabat mam Gérard Depardieu a Christian Clavier
  • 2003: Le coût de la vie, vum Philippe Le Guay mam Fabrice Luchini a Vincent Lindon
  • 2003: Le mystère de la chambre jaune, vum Bruno Podalydès mam Denis Podalydès a Michael Lonsdale
  • 2003: Rien, voilà l'ordre, vum Jacques Baratier mam Amira Casar a Laurent Terzieff
  • 2003: Là-haut, un roi au-dessus des nuages, vum Pierre Schoendoerffer mam Bruno Cremer an Jacques Perrin
  • 2003: Portrait caché, vum Jean-Louis Leconte mam Rachida Brakni
  • 2004: Le cou de la girafe, vum Safy Nebbou mam Sandrine Bonnaire
  • 2005: Le parfum de la dame en noir, vum Bruno Podalydès mam Denis Podalydès a Zabou Breitman
  • 2006: Président, vum Lionel Delplanque mam Albert Dupontel an Jérémie Renier
  • 2008: Aide-toi, le ciel t'aidera , vum François Dupeyron
  • 2008: Le crime est notre affaire , vum Pascal Thomas mam Catherine Frot an André Dussollier
  • 2009: Bancs publics (Versailles rive droite) , vum Bruno Podalydès mam Denis Podalydès

vun 2010 bis 2017

  • 2011: Et si on vivait tous ensemble?, vum Stéphane Robelin mam Guy Bedos, Daniel Brühl a Geraldine Chaplin
  • 2012: 10 jours en or, vum Nicolas Brossette mam Franck Dubosc a Marie Kremer
  • 2012: Cherchez Hortense, vum Pascal Bonitzer mam Jean-Pierre Bacri, Kristin Scott Thomas an Isabelle Carré
  • 2014: Lady Grey vum Alain Choquart mam Jérémie Renier a Peter Sarsgaard

Auszeechnungen

  • 1993: César als beschten Haaptduersteller am Film Le souper
  • 2003: César fir seng Schauspillercarrière

Um Spaweck

Commons: Claude Rich – Biller, Videoen oder Audiodateien