Delta

De griichesche Buschtaf „Delta“

Den Delta (griichesch, Groussbuschtaf: Δ, Klengbuschtaf: δ) ass de véierte Buschtaf am griicheschen Alphabet.

Urspronk

D'Zeeche kënnt vum phenizesche Buschtaf „daleth“.

Delta am Gebrauch

An der algriichescher Sprooch representéiert den Delta als δ’ d'Zuel 4 an als,δ 4.000. Wéinst der Form vum Groussbuschtaf Δ gëtt zanter dem Herodot deen Deel vun Ënneregypten, deen tëscht den zwéin Niläerm läit, als Nildelta bezeechent, sou wéi och bei engem Flossdelta allgemeng.

An de Grondlage vun der Mathematik

  • de groussen Delta (Δ)
    • als Symbol fir d'Differenz, kuckt Subtraktioun
    • als Symbol fir den Differenzoperateur – dovu leede sech déi meescht Kenngréissten of
    • als Symbol fir d'symmetresch Differenz vun der Mengeléier
    • als Symbol fir de Laplace-Operateur
  • de klengen Delta (δ) bezeechent:
    • d'Variatiounsofleedung oder d'virtuell Verrécklung
    • d'Dirac δ-Funktioun, kuckt Delta-Distributioun
    • de Kronecker-Delta, kuckt Kronecker-Delta

Een ëmgekéiert groussen Delta ∇ gëtt als Nabla bezeechent. Keen Delta ass d'Symbol (TeX triangle), mat deem een Dräieck bezeechent gëtt.

An ugewandter Mathematik, Wëssenschaften an Technik

  • de groussen Delta (Δ)
    • als Bezeechner vu véier Baryonen (Δ++, Δ+, Δ0 an Δ-)
  • de klengen Delta (δ) bezeechent
    • eng partiell Charge (Chimie), kuckt Partiell Charge
    • eng Schmierzleedungsfaser (Anatomie), Aδ-Faser
    • an der Astronomie d'Deklinatioun (Astronomie), eng Koordinat am equatoriale Koordinatesystem
    • an der Raumfaart eng US-amerikanesch Drorakéit Delta.
    • an der Fuerwierktechnik z. B. de Steierwénkel och Chasse genannt.
    • an der Automatentheorie (theoreetesch Informatik) d'Iwwerganksfunktioun.