Gerhard
| Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Virnumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
Gerhard (och alt Gerhardt) ass, am däitschsproochege Raum a ronderëm, e geleefege männleche Virnumm an e Familljennumm. Et ass eng Variant vum franséische Gérard.
Ursprong a Bedeitung vum Numm
Gerhard gëtt aus dem Alhoudäitsche ger = „Speer“ an harti = „haart“, „staark“ zesummegesat.
Namensdag
De Gerhard huet säin Namensdag den 29. Januar, 8. Mäerz oder 23. Abrëll oder 24. September[1].
Varianten an Ofkierzungen
Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Jir, Jerr, Jirend, Jierend[2].
An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Gérard, Gérald, Giraldo, Gerrit, Gerardo, Gellért, Gerardus, Girard, Gerold
Leit mam Numm Gerhard
Ënner de Leit mat deem Numm sinn:
Gerhard als Virnumm
- Gerhard Gnann (* 1962), däitschen Organist a Museksprofesser
- Gerhard Mercator (1512–1594), Geograph a Kartograph aus de Spueneschen Nidderlanden
- Gerhard Riedmann (1925–2004), éisträichesche Schauspiller
- Gerhard Schröder (* 1944), däitschen SPD-Politiker
- Gerhard vu Cambrai (975-1051), Bëschof vu Cambrai
- Gerhard Zeiler (* 1955), éisträichesche Manager am Medieberäich
Gerhard als Familljennumm
- Andrea Gerhard (*1983), däitsch Schauspillerin
- Christopher Gerhard (*1967), däitsche Liichtathleet
- Johann Ernst Gerhard (1621–1668), Theolog
- Wilhelm Gerhard (1780-1858), däitschen Dramaturg
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Virnumm Gerhard – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Commons: Familljennumm Gerhard – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- ↑ Namenstage Online - namenstage.katholisch.de. namenstage.katholisch.de. Gekuckt de(n) 18.10.2023.
- ↑ Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 18.10.2023.
