Louis
Louis ass e mänleche Virnumm. Den Numm kënnt vum Germanesche (chlod = Gloire, wech = Kampf) a bedeit glorräiche Krichsmann. Et war den Numm vu ville franséischen an däitsche Kinneken.
Méi al Variante si Clovis, Chlodwig, Chlodowech a Chlodovech. Weiblech Nimm, déi dovun ofgeleet sinn, si Louise oder Louisa.
Varianten
- Franséisch: Ludovic, Lou, Clovis
- Däitsch: Ludwig
- Englesch: Lewis
- Hollännesch: Lodewijk
- Italieenesch: Luigi
- Spuenesch: Luis
- Portugisesch: Luís
- Polnesch: Ludwik
- Tschechesch: Ludvik
- Slowakech: Ľudovít
- Latäin: Ludovicus
- Schweedesch: Ludvig
Bekannt Leit mat deem Numm
- Clovis I. / II. / III. / IV., Merowengesch Fürsten
- Louis oder Ludwig I. / II. / III. / IV. / V. / VI. / VII. / VIII. / IX. / X. / XI. / XII. / XIII. / XIV. / XV. / XVI. / XVII. / XVIII. (KInneken, Groussherzogen an aner adeleg Persounen)
- Louis vu Lëtzebuerg