Moosplanzen

Moosplanzen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Moosplanzen
Wëssenschaftlechen Numm
Bryophyta
Hornmoos
Liewermoos
Lafmoos


Moosplanzen, déi wëssenschaftlech Bezeechnung ass Bryophyta (griich.: bryon = Moos; phyton = Planz), sinn eng Ofdeelung vun de Planzen a gehéieren zu de Landplanzen (Embryophyta).

Moosplanzen hu weeder e Still nach Wuerzelen. Dat meescht Moos ass bebliedert Lafmoos. Si si wéi d'Gefässporeplanzen heteromorph a wiessele vu Generatioun op Generatioun tëscht zwou Gestalten: dem Gametophyt mat einfachem Chromosomesaz an dem Sporophyt mat duebelem Chromosomesaz.

Systematik

Ënnerräich Moosplanzen

  • Ofdeelung Lafmoos (Bryophyta)
    • Klass Lafmoos (Bryopsida)
      • Ënnerklass Torfmoos (Sphagnidae)
      • Ënnerklass Klaffmoos (Andreaeidae)
      • Ënnerklass Bryidae
  • Ofdeelung Liewermoos (Hepaticophyta)
    • Klass Liewermoos (Hepaticae)
      • Uerdnung Sphaerocarpales
      • Uerdnung Marchantiales
      • Uerdnung Monocleales
  • Ofdeelung Hornmoos (Anthocerotophyta)
    • Klass Hornmoos (Anthocerotae)

Um Spaweck

Commons: Moosplanzen – Biller, Videoen oder Audiodateien